Zeréck an d’Heemecht

An der Gemeng Suessem huet een alles, wat ee fir ze liewe brauch. De Beweis liwweren zwee fréier Awunner, déi zu Zolwer respektiv am Metzerlach grouss gi sinn, an sech een Dag Zäit geholl hunn, fir verschidden Ecker an der Gemeng erëm oder carrément nei ze entdecken.

De Gilles Corbi ass bekannt als Member vum Hip-Hop Ensembel De Läb, an huet sengerzäit um Basketsterrain hannert der Schoul rappe geléiert. De Ben Olinger ass e fréiere Radio- an Tëleesmoderator, deen seng Kreativitéit aktuell am Beräich Marketing auslieft.

“Life!” ass d’Serie ronderëm d’Mënschen an der Gemeng Suessem mat Geschichten, déi aus dem Liewe gegraff sinn.

━━━

Weider Informatiounen iwwer d’Gemeng Suessem:

Facebook: www.facebook.com/gemengsuessem

Instagram: www.instagram.com/gemengsuessem

Home: www.suessem.lu

You don't have permission to register