De Patrick Brandenburger huet nach bis den 1. Oktober eng Expo am Park Backes. Den Titel vun der Expo Eng Zäitrees kënnt och net vun ongeféier: Am Interview erzielt hie vu sengem Parcours, sengen interessante Reesen a wéi hien et als Statist an zwee Filmer gepackt huet.
„Et ass mäin éischten Interview“, seet de Patrick Brandenburger. E schéngt e bëssen nervös, grinst awer iwwer d’ganz Gesiicht. „Ech sti léiwer hannert der Kamera. Bei Ausstellunge gëss de jo och vun anere Leit gemooss, dat ass net sou ganz Ménges. Ech maachen d’Fotoe fir mech a wa se engem gefalen – tant mieux.“ Wisou en trotzdeem ëmmer mol nees Vernissagen an Expoen huet, wier einfach ze erklären. „Ech sinn ee Gesellegen a si gäre mat Leit.“ Dee gebiertegen Éilerenger huet seng ganz Kandheet a Jugend an der Gemeng verbruecht a wunnt nach ëmmer hei. „Ech wunnen zwar mëttlerweil zu Bieles, mee ech wëll nimools hei fort goen. Hei si meng Kolleegen, mäin Ëmfeld. Ech fille mech immens wuel hei.“ Hie fänkt u mat laachen. „An ech gi gären an de Chaplin!“
Wéi et zu der Ausstellung am Parc Backes komm ass? „Ganz einfach“, hëlt de Patrick aus. „Mäi Brudder an eng Frëndin haten d’Iddi … wisou ech mech net einfach wéilt do umellen. Jo, wisou net, ze verléieren hunn ech näischt. A beemol hunn ech da wierklech gewonnen“, seet hien als kéint hien et nach ëmmer net ganz gleewen. Seng Expo dréit den Numm Eng Zäitrees, op déi de Fotograf d’Leit mat Hëllef vu senge 24 ausgestallte Fotoe wëll mathuelen. „Ech sinn e ganz grousse Geschichtsfrënn a wéi ech meng Fotoe sou gekuckt hunn, ass mer opgefall, dass all Foto eppes Geschichtleches ze weisen huet. „Ech fänken also beim Ursprong vun der Mënschheet un, gi weider duerch d’Réimerzäit, weisen d’Kierchen – och wann ech kee grousse Fan dovu sinn – an och d’Kräizzich.“
Säi Geheimtipp: Gitt op Plazen, wou Filmer oder Serie gedréint goufen. „Ech war op enger Plaz, op där eng Kéier fir Game of Thrones gefilmt ginn ass, déi gesäit een also och op enger Foto”, erzielt hien houfreg. „Um Quai, vun deem d’Titanic fortgefuer ass, war ech och.“ Op Eventer a Reesen huet hien d’Chance, ëmmer nees interessant Perséinlechkeeten a Situatioune virun d’Lëns ze kréien. „Zu Kuba sinn ech mat menger Kamera duerch d’Strooss gezunn, hunn d’Leit kennegeléiert a si fotograféiert. Déi hunn näischt a si vum Aarmut gezeechent. Dat soll weisen, dass Kommunismus och net d’Léisung ass.“
Dem Patrick seng Fotografien droen e politesche Message, d‘Fotoe mussen eppes aussoen. Si sollen Emotiounen ausléisen. „Dat ass d’Konscht. Et geléngt mir awer natierlech net all Kéier.“ De Patrick ass e grousse Fan vum sougenannten „Instant Moment“. „Mäin Idol ass den Henri Cartier-Bresson, dee war staark dodran.“ Hei geet et drëms, op dee perfekte Moment ze waarden. „Well ech meng Ufäng am analoge Fotograféiere gemaach hunn, kann ech dat. Ech sinn eigentlech e ganz hekteschen Typ a mega ongedëlleg, mee an der Fotografie ass dat anescht. Do entspanen ech a kann ofschalten.“
„Ech wunnen zwar mëttlerweil zu Bieles, mee ech wëll nimools hei fort goen. Hei si meng Kolleegen, mäin Ëmfeld. Ech fille mech immens wuel hei.“ – Patrick Brandenburger
„Ech hunn zwou Fotoen aus dem Konzentratiounslager“, seet de Patrick am Laf vun eisem Gespréich. Éischter niewebäi erkläert hien doropshin: „Ech hunn an zwee Filmer matgespillt.“ An Es war einmal in Deutschland … mam däitsche Schauspiller Moritz Bleibtreu aus dem Joer 2017 geet et ëm den Zweete Weltkrich an d’Iwwerliewender vum Holocaust. „Iwwert ee Kolleeg aus der Branche sinn ech un déi Statisteroll komm, mat menger Statur huet dat natierlech gutt gepasst. Du stees do an dengem klenge Pyjama an du fills dech an der Zäit zeréckversat. Dat fillt sech richteg authentesch un. A mécht Angscht“, erënnert hie sech zeréck. „Ech duerft do och e puer Portraite maachen an esou sinn d’Fotoen, déi an der Expo ausgestallt ginn, entstanen.“
„Ech wollt jo eigentlech ëmmer Krichsfotograf ginn“, erkläert de Patrick, dee säit Joren op der Äispist op der Kockelscheier schafft. „Ech soen ëmmer: Ech verkafen dir d’Entrée, ech ginn dir d’Schung a wann s de Dommheete méchs, geheien ech dech eraus.“ Hie fänkt u mat laachen. Zeréck zum Krichsfotograf. Als Kand hat hien, wéi e selwer seet, déi Illusioun, dass dat deen Job wier, deen hie maache wéilt. „Du mengs dann, dat wier et. Ech hunn esou ee kannt, dee krut eng Bomm op de Kapp a war fort. Vun engem Moment op deen aneren. Da realiséiers de dat mol.“ Wéi hie bis d’Geleeënheet hat, an e Krichsgebitt ze reesen, war d‘Decisioun séier geholl. „Ech hunn eng Frëndin, déi bei Amnesty International schafft an do gouf ech vun him gefrot, fir mat a Syrien. Mat an de Prisong, fir Affekoten ze begleeden, d’Leit ze interviewen an dat da visuell festzehalen. Wann s de da bis gesot kriss, dass de Deckung muss siche goen … nee, nee, nee, too much.“
De Patrick hat den 1. Mee un der traditioneller Demo zu Berlin deelgeholl. „E Bekannte vun engem Bekannten, dee beim däitsche Stern schafft, hat virgeschloen, ech kéint do deelhuelen. Ech war deen Dag awer ganz op mech gestallt, ech sinn net vum Stern engagéiert ginn.“ Hie krut nogeluecht en Helm unzedoen. „Do hunn ech gemengt: Papperlapapp! Ma wéi dunn déi éischt Steng geflu koumen, ass et eskaléiert. Ech hu keng Fotoe gemaach – de Kapp huet ëmgeschalt. Do hunn ech gemierkt, dass ech net deen Held sinn, deen ech soss ëmmer wollt sinn.“
„Ech hat mega cool Proffen, den Här Glauden an den Här Tesch. Déi hunn eppes a mir gesinn a mir Loscht ginn, a Richtung Fotografie ze goen.“ – Patrick Brandenburger
Viru gutt 4 Joer war de Patrick an Nordirland bei der IRA, der Irish Republican Army. „Déi hunn e Büro zu Derry. Ech hu getockt a gefrot, ob ech Fotoen duerf maachen. Si sote jo, mee net vun hinnen.“ D’IRA hu Joerzéngte laang déi iresch Onofhängegkeet vu Groussbritannie mat Gewalt versicht duerchzesetzen. D’Joer vum Patrick senger Rees kënnt et zu déidleche Schëss op eng Journalistin. „Ech hu spéider erausfonnt, dass ech ee vun den Täter kennegeléiert hunn. Do si mir d’Schudderen ausgaangen.“ Vun där Rees huet de Patrick och eng Foto mam Numm „Offene Wunden“. „Dee Konflikt ass jo nach ëmmer net ofgeschloss. An dat wëll ech mat menge Fotoe weisen. Wéi d’Realitéit ass.“
Wann hie Leit, déi sech an der Fotografie lancéiere wëllen, ee Rotschlo kéint ginn, wier et „manuell ze schaffen“. „D’Leit soen oft, se wëllen et léieren. Si kafe sech dann dee beschten Apparat, deen alles kann a knipsen automatesch. Da kanns de och en Handy huelen.“ Et soll een·t sech raknéien a sech domat auserneesetzen. „Kuck wéi dat geet mat der Blend, der Vitess an da gëtt dat eppes.“ De Patrick ass iwwerzeegt, dass et wichteg ass, vun deene richtege Leit gefërdert ze ginn. „Ech hat mega cool Proffen, den Här Glauden an den Här Tesch. Déi hunn eppes a mir gesinn a mir Loscht ginn, a Richtung Fotografie ze goen. Beim Här Tesch war ech deen eenzegen, ech stoung also de ganzen Dag un der Tafel, mee dat war net schlëmm. Et war genee dat, wat ech wollt.“
Deemools war hien ëm déi 20. Nach e puer Joer méi fréi huet hien zu Éilereng de J.O.E, d’Jugendorganisatioun Éilereng, mat gegrënnt. „Mir haten ni e Su an der Täsch a sou krute mer Subsidë vun der Gemeng … mat deene mir dunn op de Rock am Ring gefuer sinn“, erzielt de Patrick a laacht haart. Et war awer natierlech net just, fir d’Suen an d’Täsch ze stiechen. „Mir hunn och vill fir d’Gemeng gemaach, waren op alle Fester present. Do hu sech flott Frëndschaften entwéckelt. Eemol Éilerenger, ëmmer Éilerenger.“