Grëffbereet

De Sport Climbing Zolwer ass een dynamesche Sportsclub vu Kloter-Enthusiast·innen, fir déi eng Route eng Erausfuerderung duerstellt, déi et gëllt, ze iwwerwannen – an dat zesummen.

Wärend dem Summer duerfte mer de Sport Climbing Zolwer (SCZ) op zwee Deeg iwwert d’Schëllere kucken. Deen een Dag houngen se an de Seeler an der Klammhal, deen aneren Dag am Fiels.

Dës Sportaart huet rezent u Popularitéit gewonnen a genee dat weisen eis d’Membere vum SCZ – et geet ëm Limitten austesten, Léisungen zu Problemer fannen a Vertrauen an déi aner an a sech selwer ze hunn. D’Energie an den Zesummenhalt vun der Kloter-Community si grouss an essenziell fir dëse Sport.

All Mëttwoch trainéiert de Club vu 17.00 bis 19.00 Auer am Lycée Bel-Val, dofir mussen awer verschidde Konditiounen erfëllt sinn. D’Umeldung ass obligatoresch. Detailer op sczolwer.lu.

Mat der Serie “MOVE” steet déi sportlech Aktualitéit an der Gemeng Suessem am Mëttelpunkt.

You don't have permission to register