Mir haten d’Éier, eis mam Tine Thing Helseth virun hirem Optrëtt am Artikuss zu Zolwer den 13. Februar 2025 auszetauschen. Hatt ass Fondatrice a Leaderin vun tenThing Brass, engem norwegeschen Ensembel, dee säit senger Grënnung de Public begeeschtert. D’Tine huet mat eis iwwert markant Momenter viru Public an Erausfuerderunge vun enger reng weiblecher Formatioun geschwat.
„Ech sinn aktuell um Fluchhafen, ech hoffen, du héiers mech gutt“, seet d’Tine an enger Sproochnoriicht. „Et deet mer leed, dass et esoulaang gedauert huet, mee ech sinn elo grad réischt zu Heathrow gelant nodeems ech déi lescht Wochen an den USA war. Ech komme grad vu Seattle.“
D’Ufäng vun tenThing Brass
Op d’Fro, wéi dat Ganzt mat tenThing Brass ugefaangen huet, kënnt d’Tine op seng Inspiratioun ze schwätzen, déi hatt dozou bruecht huet, den Ensembel ze grënnen. „Déi aner dräi, déi och Trompett spillen, hu mat mir zesumme studéiert. Schonn deemools wollte mir eppes zesumme starten“, erënnert hatt sech zeréck. „Mir waren op e Chrëschtdagskonzert vun engem Sträicherensembel vun eiser Uni. Deen huet sou flott Musek gespillt, a mir wollte genee dat nämmlecht maachen. An esou koum d’Decisioun, ee Grupp vun zéng Musekerinnen ze grënnen.“ Dat ass mëttlerweil 17 Joer hier. „Eisen éischte Concert war um Dag, wéi ech meng 20 Joer krut. Natierlech war eis deemools net bewosst, dass et eis duerno esou laang géif ginn. Et ass schonn eppes ganz Spezielles.“
„Et ass virun allem schéin, Musek mat senge Frëndinnen ze maachen. An déi Musek, déi mir maachen, ass d’Resultat vun deenen zéng Mënschen, déi zesummefonnt hunn.“ – Tine Thing Helseth
Hatt erzielt, wéi et ass, een Ensembel souzesoen unzeféieren : „Vir ewech: Jiddereent bréngt seng eege musikalesch Stëmm an eng onwarscheinlech Musikalitéit mat. D’Leaderin ze sinn – oder wéi meng Kolleeginne soen, d’Boss Lady – ass eng Roll, déi ech genéissen, well ech gäre Musek als Ganzes gesinn.“ Hatt erzielt weider. „Et ass schéin, een Deel vun esou eppes ze sinn. Et ass virun allem schéin, Musek mat senge Frëndinnen ze maachen. An déi Musek, déi mir maachen, ass d’Resultat vun deenen zéng Mënschen, déi zesummefonnt hunn.“
Fir d’Tine ass d’Bün eng Plaz, wou eng déifgrënneg Verbindung mam Public entsteet. „Ech denken, dass et essenziell ass, d’Leit do ze treffen, wou se sinn. Ech tausche mech gäre mam Public aus, well ech wëll, dass mer eis op Aenhéicht treffen“, erkläert hatt. „Mir sinn net iwwert de Leit an d’Aart a Weis, wéi mir Musek maachen, wier net déi selwecht ouni déi Leit, déi eis kucke kommen.“ An deem Kontext kënnt d’Musekerin op een onvergiessleche Moment a senger Karriär ze schwätzen. „Mir ware schonn op ville flotte Plazen, eng dovunner waren d’Dolomiten op 3.000 Meter Héicht. Dat war op allen Niveauen eng eenzegaarteg Experienz – mat der Gondel bis dohinner ze kommen, zesumme mam Public bis dorobber ze fueren an da matten um Bierg ze spillen.“
D’Tine gesäit tëscht sengem Solo-Projet an tenThing Brass kee groussen Ënnerscheed. „Egal, ob ech virun engem Orchester oder am Grupp spillen, ass et fir mech dat nämmlecht: Et geet ëmmer drëm, zesumme fir de Public ze spillen. A mir spillen einfach genee déi Musek, déi mir Loscht hunn ze spillen.“
Erausfuerderungen an der Musekszeen
Als reng weiblechen Ensembel hätt sech tenThing Brass scho puer Erausfuerderunge misste stellen. „Fir mech war et eppes ganz Normales, Trompett ze spillen oder aner Meedercher ze gesinn, déi Tuba oder d’Trombonn beherrschen. Et war réischt, wéi ech méi al gi sinn a ronderëm d’Welt reese konnt, dass ech realiséiert hunn, dass dat net iwwerall esou ass.“ Haut wier et praktesch genee de Contraire – méi Meedercher wéi Jongen, déi Trompett léieren. Hatt hofft also, dass de Parcours vum Ensembel anerer inspiréiere konnt an een net dem Mainstream nogoe muss, fir Succès ze hunn.
Fir d’Trompettistin mécht d‘Musek virun allem eppes – Mënschen zesummebréngen. „Et ass genee dat, wat mir als Gesellschaft brauchen. Ech denken, dass d’Konscht e wichtegen Deel dozou bäidroe kann, eist Liewe liewenswäert ze maachen an dobäi d’Relatioun tëscht Mënschen ze stäerken.“ Fir d’Tine gëtt dat heiten net deen éischte Besuch zu Lëtzebuerg. Hatt huet scho mam Philharmonieorchester gespillt. „Ech fannen, dass et ganz wonnerbar zu Lëtzebuerg ass. Ech weess net, wéi vill Zäit mir wäerten hunn, mee ech wëll deenen anere sécher puer Plaze weisen, wou ech scho war.“
„Ech denken, dass d’Konscht e wichtegen Deel dozou bäidroe kann, eist Liewe liewenswäert ze maachen an dobäi d’Relatioun tëscht Mënschen ze stäerken.“ – Tine Thing Helseth
Fir d’Fans, déi ganz ongedëlleg sinn, bis se den Ensembel am Artikuss gesinn, gëtt d’Tine e klenge Virgeschmaach: „Mir hunn et gär, verschidde Museksstiler ze spillen a mir interpretéiere si op eng ganz labber Manéier. Mir wëllen e Lien mam Public kreéieren an hoffen, dass si dat genéisse kënnen.“ Fir ofzeschléissen erzielt eis d’Tina nach vun den zukünftege Projeten. „Ech si ganz enthusiastesch iwwert de Projet, dee mir grad ofgeschloss hunn. Mir hunn en Album erausbruecht mam Numm She Composes Like a Man. Dorop ze fanne si lauter Wierker vu Komponistinnen.“ Den Titel vum Album ass eng Referenz zu engem gewësse Moment, preziséiert d’Tine. „D’Komponistin Ethel Smythe huet eemol an enger Kritik misste liesen, dass hatt wéi ee Mann komponéiert – an dat soll dat gréisste Kompliment sinn, wat een him hätt kënne maachen!? Mir haten also d’Iddi, groussaarteg Musek zesummenzestellen an dës sollt ausschliisslech vu Frae komponéiert sinn. Dat läit mir immens um Häerz.“