Engagement fir d’Jugend

Am Sporting Club Belvaux (SCB) setzen de Laurent, d’Isabelle an d’Laetitia sech mat Leidenschaft fir déi sportlech a perséinlech Entwécklung vun de Jonken an. Duerch hir Aarbecht als Trainer·innen droe si zur Erzéiung a Motivatioun vun deene Klengste bäi, mat engem Fokus op sozial Wäerter, Teamgeescht a géigesäitege Respekt.

Wéi mir am Gymnikuss um Scheierhaff zu Zolwer ukommen, sinn d’Gruppentrainingen an der Hal schonn amgaang. Jonge wéi Meedercher vun all Alter trainéieren op de Barren an um Recken. De Laurent huet e breet Laachen am Gesiicht, wéi hien eis begréisst. Eis éischt Schrëtt féieren eis eng Kéier queesch duerch d’Hal.

Dem Laurent säi Wee beim SCB huet a senger Kandheet ugefaangen. Den Informatiker huet selwer geturnt, bis hie 25 Joer al war. No enger Verletzung huet hien säin éischten Trainerposten als 17-Järegen iwwerholl. Haut ass hien am Comité a verantwortlech fir d’Trainerkommissioun, wou hien d’Trainingen organiséiert, d’Koordinatioun vun de knapp 40 Trainer·innen iwwerhëlt an d’Kompetitiounsplanung mécht.

Laurent

Laurent

De Veräin zielt aktuell méi wéi 400 Memberen, déi meescht dovu si Meedercher. Déi héich Demande spigelt sech an de Waardelëschten erëm. Esouguer fir d’Coursen am Baby-Gym kritt een net direkt eng Plaz – verschiddener waarden iwwert ee Joer. De President vun der technescher Kommissioun ass besonnesch houfreg op d’Entwécklung vun der männlecher Sektioun, wou hie selwer ee Grupp vu ronn 20 Jonker trainéiert. „Mir striewen un, d‘Trainingen interessant an usprochsvoll ze gestalten. Déi Jonk léieren nei Fäegkeeten a maache vill Muskelopbau, wat entscheedend ass, fir Fortschrëtter ze gesinn.“

Tëscht Jugend a Kompetitioun

Trotz engem Réckgang vun de Memberszuelen no der Corona-Pandemie sinn d’Jongen nees zréck an erreechen exzellent Resultater, ënnersträicht de Laurent. „Lescht Joer hu mir d’Coupe de Luxembourg bei den Erwuessene gewonnen an d’Jongen hu sech och immens gutt geschloen“, seet hien houfreg. Hien weist op de klengen Daniel, dee bei eisem Besuch matzen am Training ass. Den 9-Järegen ass e richtegt Talent, wéi hien eis och ganz selbstbewosst op den zwee Barre weist. Wéi wann et näischt wier, mécht hien ee perfekte Kappstand. „Wat hien hei a sengem Alter mécht, ass extrem impressionant“, kommentéiert de Laurent. „Den Daniel ass en Héichleeschtungsathlet. Wann hien esou weider mécht, wäert hien nach vill Succèse feieren.“

„Den Daniel ass en Héichleeschtungsathlet. Wann hien esou weider mécht, wäert hien nach vill Succèse feieren.“ – Laurent, Trainer a Responsabel vun der Trainerkommissioun

D’Zil vun de Challengen ass et, hir Loscht ze erwächen, sech géint anerer ze beweisen: Wéi laang kann een op engem Fouss stoe bleiwen? Wie mécht d’Übung am beschten? D’Motivatioun gëtt duerch kreativ Trainingsmethoden an e Punktesystem, déi sougenannten „Gympoints“, verstäerkt. Op deem Wee kënne si hir Fortschrëtter verfollegen. Reegelméisseg Erausfuerderunge stimuléieren hire Konkurrenzgeescht. „Si wëlle staark ginn, an dat motivéiert si. Et geet net nëmmen dorëm, de Standardprogramm ze absolvéieren, mee och Freed un der Kompetitioun ze hunn.“

Gläichzäiteg stinn déi Jonk viru groussen Decisiounen, erkläert d‘Laetitia, genannt Titi. Aktiv zënter méi wéi 20 Joer, ass d’Psychomotricienne dovun iwwerzeegt, datt besonnesch d’Teenager mat wichtege Choixe konfrontéiert sinn: am Sport ze bleiwen oder nei Aktivitéiten ze entdecken – an der Pubertéit änneren d’Interessen, et huet een déi éischt Bezéiung an d’Kolleeg·inne wëllen ëmmer eppes ënnerhuelen. D’Zäit, besonnesch fir Hobbyen, gëtt enk.

Jugendtrainerin mat engem groussen Häerz

D’Isabelle ass mat just 17 Joer schonn Trainerin vum Grupp vu Meedercher vu 4 bis 8 Joer. Hatt huet selwer mat 8 Joer mam Turnen ugefaangen a gëtt säi Wëssen un déi Kleng weider. Fir hatt steet de Spaass um Sport op éischter Plaz: „Mat de Klenge muss een entspaant sinn, si sinn ze jonk fir streng Reegelen duerchzesetzen. Ech probéieren, de Cours spilleresch ze gestalten.“ D‘Isabelle betreit d‘Meedercher zweemol d’Woch a gesäit seng Roll als Trainerin gläichzäiteg als eng Form vun Educatioun, well am Training Konzentratioun an Disziplin gefuerdert ginn. D’Isabelle betount e puer Mol, dass et schwéier ass, genuch Trainer·innen ze fannen, déi bereet sinn, dës Verantwortung op sech ze huelen.

Isabelle

Isabelle

Als diploméiert Psychomotricienne bréngt d‘Titi wäertvollt Wëssen an de Club. Hatt trainéiert déi ganz Kleng, ab 2 Joer. „D’Kanner sinn dacks midd, nodeems si eng Stonn Turnen haten,“ ënnersträicht hatt, wärend et un all d’Progrèsen denkt, déi se maachen. „Et ass wonnerbar ze gesinn, wéi si sech entwéckelen a sech nei Kompetenzen uneegnen.“

Sozial Relatiounen als Schlëssel zum Erfolleg

D‘Laetitia, wat fréier och selwer vill geturnt huet, gesäit säin Engagement am Club als eppes, wat hatt fir d’Gemeinschaft mécht. „Dat Mateneen-Sinn ass essentiel. Ech erënnere mech u Filmowender, wéi ech selwer Turnerin war“, erzielt hatt. Eppes, wat hatt besonnesch frou mécht, ass d’Entwécklung vun de Jonken hautno mat ze erliewen. „Ee vu menge fréieren Turner assistéiert mir haut. Dat ass e Beweis fir d’Bestännegkeet vun eiser Aarbecht.“

„Mat de Klenge muss een entspaant sinn, si sinn ze jonk fir streng Reegelen duerchzesetzen. Ech probéieren, de Cours spilleresch ze gestalten.“ – Isabelle, Trainerin

Trotz der positiver Entwécklung bleiwen d’Erausfuerderunge bestoen. Si si sech bewosst, dass aner Clibb nach vill méi Schwieregkeeten hunn, erkläert de Laurent. Den SCB géif am Verglach gutt do stoen. Hie betount awer och, datt de Mangel un Trainer·innen e grousse Problem bleift: „Et ass schwiereg, genuch Traineren ze fannen. Si wiesselen oder hale ganz op. Mir probéieren, déi Jonk ze forméieren an hinne vill Freed an Ofwiesslung wärend den Trainingen ze bidden.“ Wärend dem Interview widderhuelen se all e puer Mol, dass si aktiv no Trainer·inne sichen. Jiddereen·t ka sech mellen, egal ob an der Vergaangenheet selwer geturnt ginn ass oder net. Den SCB këmmert sech selwer ëm d’Ausbildung. Esou stelle si sécher, dass d’Philosophie vum Club iwwerholl gëtt.

Nei Sektiounen an Engagement vun den Elteren

Fir seng Offer ënnert d’Leit ze bréngen, huet de Club säit kuerzem dräi nei Sektiounen agefouert: Cheerleading, Zumba a Fitness. De Laurent ass houfreg op dës Evolutioun. Bei deem Ganzen dierf een d’Implicatioun vun den Elteren net vergiessen. „Heiansdo hannerfroen d’Elteren d’Autoritéit vun den Traineren, wat d’Aarbecht méi schwéier mécht“, erkläert d‘Laetitia. Allen an allem bezeechent hatt d’Zesummenaarbecht am Allgemengen als positiv, an eng ganz Partie Elteren ënnerstëtzen de Club aktiv.

Fir de Laurent a seng Club-Kolleeg·innen ass d‘Turnen net nëmmen eng sportlech Aktivitéit, mee stellt och eng essentiel Basis fir déi perséinlech Entwécklung vun de Kanner duer. „Turnen ass fir all aner Sportaart eng gutt Basis. Et fërdert d’Motorik, d’Kraaft an d’Ausdauer“, erkläert de Laurent. No der Pandemie ass d’Wichtegkeet vun dëse Fundamenter nach méi wichteg. „Vill Kanner weise motoresch Defiziter op a mir probéieren dës duerch geziilten Trainingen auszegläichen.“

Laetitia

Laetitia

Wéi kann ee sécherstellen, dass d’Zäit duergeet, fir déi ganz individuell Fäegkeeten ze entwéckelen, wann esou grouss Gruppe mateneen trainéiert ginn? „Dat ass de Balanceakt, deen all Trainer probéiert ze meeschteren“, äntwert de Laurent. An der Moyenne sinn et 10 Kanner pro Coach – op d’mannst probéiere si, sech dorunner ze halen.

De sozialen Aspekt vum Sport

De Laurent betount, dass d’Turnen och Wäerter wéi Persistenz, Respekt a mental Kraaft vermëttelt. „D’Kanner léieren, sech duerchzesetzen an hir Ziler ze verfollegen“, erkläert hien. Dat Wichtegst ass a bleift awer d’Motivatioun. Ouni dës ass et schwéier, déi Jonk bei der Staang ze halen. Dem Laurent no hëllefe seng Formatiounen, eng dovunner an der Sportpsychologie, an dësem Kontext immens.

„Et ass wonnerbar ze gesinn, wéi si sech entwéckelen a sech nei Kompetenzen uneegnen.“ – Laetitia, Trainerin

Den SCB bitt de Kanner a Jugendlechen net nëmmen eng sportlech Aktivitéit, mee och eng wäertvoll sozial Gemeinschaft. D’Trainer·innen deelen hiert Wëssen an hir Erfarung mat Passioun, wat zum sportlechen a perséinlechem Wuesstem vun de Kanner bäidréit. Trotz den Challengen, virun allem wat d‘Penurie vun Trainer·innen ugeet, bleift de Club eng staark Institutioun, déi eng Basis fir déi sportlech a perséinlech Entwécklung vun hire Memberen ubitt.

De Grond, firwat de Club vläicht méi Succès huet wéi anerer am selwechte Beräich, huet e puer Ursaachen: Si üben hiren Job als Trainer·inne mat Freed aus. Eis Gespréichspartner·inne sinn engagéiert a si beim deem Club bliwwen, an deem si opgewuess sinn. A virun allem sinn d‘Isabelle, d‘Laetitia an de Laurent houfreg op hir kleng Athlet·innen a si frou, un hirer Entwécklung deelzehuelen. Oder wéi de Laurent et seet: „Dëse Club ass een Deel vu mengem Liewen.“

You don't have permission to register