Den Ëmweltkalenner vun der Gemeng Suessem ass Traditioun. Genee esou bleift et fir eis eng Prioritéit, mat lokalen Illustrator·innen zesummenzeschaffen. Fir d’Editioun 2025 haten talentéiert Artist·innen den Challenge, verschidden Theme ronderëm Nohaltegkeet fir déi eenzel Méint ëmzesetzen. D’Joana Majerus alias Studio Pomme Rouge huet de Mount Februar illustréiert. Am Interview erzielt hatt méi vu sech.
Wéi eng Geschicht oder Iddi stécht hannert denger Illustratioun fir de Mount Februar?
Op menger Illustratioun ass den Dreck par Rapport zu de Mënsche vill méi grouss. Heiansdo kann et schwéier sinn ze wëssen, wat dierf recycléiert ginn, wat an déi blo Tut gehéiert oder ewechgeheit muss ginn. Dacks si Leit mat de verschiddene Reegelen net vertraut, an da lant den Offall an der falscher Poubelle, wat natierlech schued ass! D’Mënschen op menger Illustratioun weisen op dëse Problem hin, andeems si d’Erklärung vum Recyclage genau liesen a spéider hiren Offall richteg entsuergen.
Wéi eng Momenter an dengem Alldag inspiréieren dech am meeschte fir däi kreative Schafen?
Et sinn d’Objeten aus dem Alldag, deenen ech begéinen, déi mech inspiréieren. Wann ech eppes gesinn, wat mer gefält a wat a meng stilistesch Welt passt, maachen ech eng Foto dovun, fir et spéider a mengen Illustratiounen ze benotzen. E witzegen, klengen Auto, schéi Kichelcher beim Bäcker, en Hond an enger Jackett, alles, wat mer opfält, verhalen ech mer.
Wéi beschreifs du däi Stil an dräi Wierder? Wéi een Aspekt dovun huet deng Illustratioun fir den Ëmweltkalenner gepräägt?
Witzeg, foarweg, vintage-inspired. Ech géing mengen, datt déi dräi Adjektiver a menger Illustratioun erëmzefanne sinn! Wann ech awer misst wielen, da mengen ech, datt virun allem witzeg an faarweg an dëser Illustratioun am Virdergrond stinn. Ech wollt d’Thema Recyclage interessant duerstelle, well et fir vill Leit e relativ langweilegt Thema ass.
Wat huet dech dozou bruecht, Kënschtlerin ze ginn? Gouf et ee Schlësselmoment?
Ech hu schonn als klengt Kand gär gemoolt a sinn och op eng Konschtsektioun am Lycée gaangen. Wou ech dann Illustratioun entdeckt hunn, sinn ech ëmmer dobäi bliwwen! Ech fannen et esou flott a maache sou gär Illustratiounen, datt ech mer mäi Liewe guer net méi ouni virstelle kann.
Wann s de net de Februar, mee en anere Mount häss kënnen illustréieren, wéi ee wier et gewiescht? Wéi eng Iddi häss de fir dee Mount ëmgesat?
Ech hätt entweder Meatless Meals oder Thrifting gewielt, well dat selwer zwou Saache sinn, déi ech a mengem perséinleche Liewen ëmsetzen. Hätt ech mech fir Meatless Meals entscheet, hätt ech warscheinlech ee vu menge vegane Liblingsrezepter erausgesicht an dat Rezept illustréiert.
Wéi eng Plaz hëlt Nohaltegkeet an dengem Liewen an?
Ech géing mengen, datt se en zimmlech grousse Stellewäert a verschiddenen Aspekter vu mengem Liewen huet, wéi z. B. beim Iessen. Do passen ech wierklech op, datt alles vegan ass, a probéieren esou oft wéi méiglech saisonal a bio anzekafen.
Wéi een Nohaltegkeetsipp gëss du eis, deen s du selwer gären ëmsetz?
Ech mengen, wann een aus all Mount aus dem Kalenner nëmmen e bëssen eppes mécht, da mécht ee scho méi wéi déi meescht. Et geet jo net drëm, Nohaltegkeet perfekt ëmzesetzen, mee do ze probéieren, wou et méiglech ass, säi Bescht ze maachen. Zum Beispill ëmmer eng Tut dobäi ze hunn, fir keng am Geschäft huelen ze mussen, a probéieren, esou gutt wéi méiglech ze recycléieren.
Dir wëllt weider Projete vum Joana entdecken? Hei geet et bei säin Instagram-Account.
All d’Illustratiounen an dësem Artikel © Joana Majerus