Den 29. Mäerz 2025 waart ee besonneschen Act op de Public am Artikuss: De belschen Ensembel SCALA & Kolacny Brothers presentéiert hir Arrangementer vu bekannte Pop- a Rock-Lidder. Säit 30 Joer ass SCALA aus der Musekswelt net méi ewech ze denken, well den exklusiv weibleche Chouer an d’Bridder Steven a Stijn Kolacny national wéi international d’Leit ëmmer nees ze begeeschtere wëssen.
Hannert all Lidd, dat vu SCALA performt gëtt, stécht ee Prozess, dee bis an d’Detail geplangt ginn ass. De Steven Kolacny, dee fir de Choix u Lidder an Arrangementer responsabel ass, deelt dëse Prozess an ënnerschiddlech Etappen an: „Wann ech e puer Lidder am Radio oder op Spotify héieren, kann ech mir direkt eng SCALA-Versioun virstellen. Awer ech sinn dee Moment nach net sécher, ob et och wierklech fir eis funktionéiert.“
Hie beschreift dat Ganzt wéi eng Aart Mutatioun. „Also, ech sëtze mech un de Piano an et muss fir d’éischt zu dëser Mutatioun kommen, déi den Original an eng Piano-Versioun transforméiert. Duerno héieren ech a mengem Kapp déi wonnerschéi Stëmme vun eise Sängerinnen an ech kreéieren een Arrangement, wat zu Partitur gëtt. An da wärend der drëtter Etapp ass d’Prouwe mat de Sängerinnen: Si mussen och involvéiert sinn, d’Lidd fillen an d’Emotioune vermëttelen.“ Dem Steven no ass déi éischt Live Performance viru Public entscheedend. “Den Applaus weist eis, ob eis Interpretatioun d’Leit wierklech beréiert.” D’Léift zum Detail huet dem Ensembel net nëmmen eng staark Fan-Base bruecht, mee och international Unerkennung. Hien ënnersträicht: „Mee no 30 Joer hunn ech nach ëmmer net déi eng magesch Formel fonnt – leider!“
SCALA meeschtert d’Konscht, eng Pallett un Emotiounen ze vermëttelen. Egal ob et sech roueg Momenter handelt oder ob et ëm spannend a festlech Passagë geet, all Performance ass eng emotional Rees. Ënnerstëtzt vun enger impressionanter Luuchteshow an ausdrocksstaarke Choreographien, gëtt d’Bün zu engem Theater, enger Presentatioun vun enger phänomenaler Rees. D’Sängerinne beweegen sech och dacks duerch de Publikum, wat Artist·innen a Public besonnesch no unenee réckele léisst. Beats a modern Produktioune vum Martin Kiesetter, engem däitsche Produzent, beräicheren d’Opféierungen a suerge fir eng dee vilfältege Musekschoix, deen ee vun dësem Act kennt.
Een anere Punkt, den d’Show besonnesch mécht, ass d’Dynamik tëscht de Kolacny-Bridder. „Et ass eng speziell Zesummenaarbecht. Heiwéinst nerve mir eis, mee meeschtens ergänze mir eis perfekt. Zesumme si mir wierklech staark“, seet de Steven. Dës Collaboratioun ass am Zenter vun der Kreatioun vun der Show, déi eng ganz eenzegaarteg Signatur dréit.
International Fans a lokal Adaptatiounen
Egal ob Paräis, Berlin oder Mailand, SCALA adaptéiert konstant d’Concerten op de lokale Public, egal ob dat de Choix u Lidder oder a wéi enger Sprooch d’Lidder annoncéiert ginn, betrëfft. „Eng Particularitéit vun eise Show ass eis Kapazitéit, eis egal wou mir optrieden, unzepassen. Dat heescht, wa mir zu Berlin optrieden e Lidd op Däitsch interpretéieren, da schwätze mir och op Däitsch mam Public. Op Franséisch zu Paräis a souguer op Italieenesch zu Mailand“, ënnersträicht deen ee Kolacny-Brudder. Dës Kapazitéit op deem Wee Brécken ze bauen, maachen hir Concerten zu onvergiesslechen Experienzen.
Dee gréissten Challenge ass et, “alles perfekt ze managen – fir vill Leit”, erkläert de Steven. “D’Logistik an alles, wat am Hannergrond ofleeft, sinn net ëmmer einfach, am Bléck ze behalen. D’Formatioun an d’Repetitioune mat alle Sängerinne brauche schonn eng immens Virbereedung. Awer soubal mir an ee Sall ginn, a besonnesch wa mir um Stull sëtzen, fënnt alles seng Plaz wéi e Puzzle!”
Erënnerungen an Zukunftspläng
D’Bridder sinn houfreg op hir Zesummenaarbecht mat Indochine an de Succès vun hirer Musek an Hollywood-Produktionen wéi The Social Network. Mee hir gréisste Passioun ass a bleift den Optrëtt op enger Bün viru Publikum: “D’Magie vun engem Concert ass net ze ersetzen. An engem Film oder an enger Serie ze sinn, dat ass eng Saach, an dorobber si mir och immens stolz! Mee déi Live-Erfarung, dat ass wat all eenzelne vun eis gär huet. Dat Gefill vun engem Concert! Mir wëllen dat ni verléieren.”
Ob de Steven ee Rotschlo fir jonk Musekbegeeschterter huet? “Gitt ären Dreem no a sidd kreativ. Traut iech nei Saachen auszeprobéieren! Gëft net op virum Onbekannten. An virun allem: D’Aarbecht an d’Repetitioune ginn ëmmer belount. Ëmmer.” An nach ee leschten Tipp: “Lauschter iech selwer, bis dir fannt, dass dat, wat dir maacht, schéin ass. A wann dir da bis iwwerzeegt sidd, denkt der drun, et kann ëmmer nach e bësse besser ginn!”
Een Owend, deen net verpasst soll ginn
SCALA & Kolacny Brothers bidde méi wéi just e Concert – si liwweren eng ganz artistesch an emotional Performance. Mat hirer aussergewéinlecher Mëschung vu Musek, Liicht a Beweegung wëlle si virun allem eppes: d’Zuschauer·inne begeeschteren. Sidd Deel vun dësem aussergewéinlechen Owend am Artikuss.