Klengt Land, grouss Show

Nodeems Lëtzebuerg 2024 no iwwer 30 Joer säi Comeback op der Bün vum Eurovision Song Contest gefeiert hat, ass et dëst Joer un der Lëtzebuerger Vertriederin Laura Thorn, ëm d’Gonscht vum internationale Publikum ze sangen. Den Delegatiounschef Eric Lehmann ass zanter der nationaler LSC-Finall am Januar an der Rockhal a bis bei den ESC Mëtt Mee zu Basel permanente Begleeder an Uspriechpartner vun der Sängerin. Mir hu mam „Veteran“ vun der grousser Musekkompetitioun, deen an eiser Gemeng doheem ass, iwwer d’Erausfuerderunge vum Format, den Historique an d’Organisatioun hannert de Kulisse geschwat.

„Egal, wie gewënnt: Mir si wärend 4 Méint quasi bestuet“, seet den Eric Lehmann mat sengem charakteristesche Laachen am Gesiicht, wéi mir hien am Virfeld vun der nationaler Luxembourg-Song-Contest-Finall am Januar 2025 Backstage an der Rockhal untreffen. Dee Moment weess nach keen, dass d’Laura Thorn sech e puer Deeg dono mam Lidd La Poupée Monte le Son géint déi national Konkurrenz duerchsetze wäert. Den Eric encadréiert bei dëser LSC-Campagne awer u sech all d’Kënschtler·innen. Et kéint een esouguer soen, dass hien dat personifizéiert Aushängeschëld ass. „Mir hu jo mëttlerweil e richtege Project Manager, dee sech haaptsächlech ëm den administrative Volet këmmert. Mee well ech scho 25 Joer laang op den ESC fueren, an e ganze Reseau opgebaut hunn, sinn ech e bëssen eppes wéi den Eurovision-Brain‘. Ganz vill Perséinlechkeeten aus der Eurovisiounswelt, déi eng Kéier do gesongen hunn oder Produzente sinn, kennen ech privat“, verzielt den Delegatiounschef.

Eric Lehmann

Eric Lehmann

Sief et fir d’Jury bei den nationalen Auditiounen zesummenzestellen oder „Spokespersons“ ze invitéieren, déi beim Luxembourg Song Contest d’Punkte verdeelen: Dem Eric Lehmann säi Carnet ass gutt gefëllt, sou dass d’Weeër ëmmer kuerz sinn an hien iwwerall Gehéier fënnt. Wat d’Betreiung vun de Kandidat·innen ugeet, sou suergt seng Rou an Erfarung dofir, dass sech hir Opreegung a Grenzen hält, a si wëssen, dass si bei him op all technesch, logistesch a psychologesch Fro eng Äntwert kréien. „Ech wëll awer betounen, dass ech net eleng sinn“, ënnersträicht den Eric. „Mir sinn eng richteg Ekipp, esou eppes wéi eng grouss Famill. Dat muss et och sinn, well et handelt sech ëm e ganz speziellen Event.“

Tëscht Nostalgie a Renaissance

D’Zuele beleeën dat. D’Halleffinallen an d‘Finall zu Malmö haten 2024 net manner wéi 163 Millioune Leit op der Tëlee an 81 Millioune Leit op YouTube suivéiert. Dem Eric Lehmann säin éischte Kontakt mam Concours war 1988, wéi d’Céline Dion fir d’Schwäiz gewonnen hat. „Deemools war Lëtzebuerg Véiert ginn, mam Lara Fabian. A wärend d‘Punkte verdeelt goufen, ware mir esouguer ee Moment op der éischter Plaz“, schwäermt den Eurovisiounskenner. „Well ech esou begeeschtert vu Geografie war, hunn ech mäi Papp dauernd ausgequetscht: ‚Wat ass d’Haaptstad vun deem Land? Wéi gesäit dee Fändel aus?‘ Deemools gouf et jo nach keen Internet. Du hues beim ESC och mol heiansdo aner Sproochen héieren, an du hues all Joer op dee Rendez-vous gewaart.“ Dass Lëtzebuerg ganz uewe mathale konnt, war natierlech e weidere Plus, seet den Eric Lehmann.

„Vill Länner maachen de Feeler, dass se dacks e Radio-Hit eraussichen. Dat gëtt dann e Flopp beim ESC, an si verstinn net, firwat.“ – Eric Lehmann

No 1993 war du Schluss. Mee Lëtzebuerg ass an de Käpp bliwwen. „Privat ginn ech zanter 1998 ëmmer op d‘Finall, haaptsächlech als Pressemember. Fir RTL hunn ech sur place Reportagë mat de Kënschtler a Participante gemaach“, erënnert sech den Eric. „Ech war meeschtens deen eenzege Lëtzebuerger do, an dat wat ëmmer als éischt gefrot gouf, war: ‚When will Luxembourg come back?‘ Mir hu Geschicht geschriwwen. A mat fënnef Victoirë fir esou e klengt Land hu mir och eng grouss Erfollegsbilanz.“ Dat vergësst een effektiv dacks. Bis 1993 war Lëtzebuerg am éiwege Palmarès op Plaz 1, zesumme mat Frankräich an Irland. „A Lëtzebuerg ass beléift. Dat huet ee gesinn, wéi mir 2024 erëm mat oppenen Äerm empfaange gi sinn“, resuméiert den Delegatiounschef de lëtzebuergeschen ESC-Comeback.

Den Eric Lehmann ass vu Lëtzebuerg aus d‘Kontaktpersoun fir d’European Broadcasting Union (EBU), déi mat Sëtz zu Genf 73 Rundfunkanstalten an Europa, Nordafrika an Asien representéiert an den ESC organiséiert. „Et ass och bei hinnen, wou mir presentéiert kréien, wéi d’Show wäert ausgesinn a wat si vun eis brauchen.“ Zu engem Lidd bei der Eurovisioun gehéiert jo och eng Büneshow an e visuellt Konzept. „Et ass scho verréckt. Soss war ech beim turquoisen Teppech (wéinst dem Haaptsponsor ass deen net rout, d. Red.) ëmmer deen, deen d’Leit interviewt huet. Mee elo sinn ech deen, dee mat iwwert den Teppech geet, wat am Fong ganz bizarre ass“, geheit den Eric nodenklech an d’Diskussioun, éier hien – erëm ganz fokusséiert – eng fundamental Wouerecht uschwätzt.

„Vill Länner maachen de Feeler, dass se dacks e Radio-Hit eraussichen. Dat gëtt dann e Flopp beim ESC, an si verstinn net, firwat. Et muss een eng Kohärenz ubidden. Dat heescht vun de Kostümer iwwer d’Luuchten, d’Kameraaarbecht, d’Mise en scène … et muss eppes Visuelles sinn, dat mat der Musek zesummen e Ganzt ergëtt“, resuméiert hien d’Gewënnerstrategie. Et kéim och op d’Stëmmung an Europa un. Am éischte Joer no Covid hätt Måneskin zum Beispill gewonnen, well d’Leit no der Pandemie eppes Peppeges wollten. „D’Ukrain ass dat eenzegt Land bei der Eurovisioun, dat et déi lescht 20 Joer ëmmer an d’Finall gepackt huet. Si hunn et verstanen, aus engem Standardlidd eppes Bombastesches op d’Bün ze zauberen.“

Leidenschaft gëtt den Takt vir

Apropos bombastesch: Sou ass och den Zäitopwand. Den Eric ass haaptberufflech Proff, mee kritt awer alles ënnert een Hutt. „Ech tauschen zwar heiansdo Stonnen, mee ech halen all meng Stonnen. Déi eng Leit hu Sport fir de perséinlechen Ausglach ze fannen, ech hunn de Eurovision Song Contest, besonnesch dat Organisatorescht.“ Hie seet, dass en net onbedéngt Fan vun eenzelne Lidder ass, mee vum ganze Konzept. „Esou e Live-Entertainment vun A bis Z op d’Been ze stellen, dat huet mech schonn als Kand faszinéiert. Et ass déi gréisst Entertainmentshow op der Welt, an awer leeft alles immens mënschlech of“, verzielt den Eric am Hibléck op seng Erfarungen hannert de Kulissen. „Ech hunn d’Patricia Kaas zum Beispill ëmmer als distante Mënsch empfonnt. Mee 2009 hunn ech zu Moskau bei engem Interview gemierkt, dass de eng ganz aner Facette gesäis, wann s de e privaten Echange mat engem hues.“

„Mir sinn eng richteg Ekipp, esou eppes wéi eng grouss Famill.“ – Eric Lehmann

Vun der Eurovisioun 2012 zu Baku am Aserbaidjan war de Lëtzebuerger Delegatiounschef besonnesch faszinéiert. „D’Show huet den Timeframe misste respektéieren, well et jo ëmmer ëm 21.00 Auer CET ugeet. Dat heescht d’Show zu Baku ass ëm Mëtternuecht ugaangen an huet bis hallwer véier moies gedauert. D’Pressekonferenz mat der Gewënnerin Loreen war moies ëm 5.00 Auer. An eréischt dono si mir an den Euroclub gaangen, ëm 6.00 oder 7.00 Auer moies.“ Extra fir den ESC hat och am Virfeld eng Hal misste gebaut ginn. „Eréischt den Owend vun der Finall war alles fäerdeg. Et houngen nach iwwerall Kabelen an et huet no Faarf gericht. D’Toilettë waren nach net all operativ“, laacht den Eric. „Et war immens, wéi 20.000 Leit de Wee vum Zentrum vu Baku iwwer eng extra gebaute Promenad laanscht dat Kaspescht Mier getrëppelt sinn, am Owesdress an am Smoking. An herno ëm 4.00 Auer moies erëm zeréck.“

Vum 13. bis 17. Mee 2025 gëtt zu Basel dat nächst Kapitel Eurovisiounsgeschicht geschriwwen. Wann den Eric Lehmann net grad duerch d’Welt reest, ass hien iwwregens an der Gemeng Suessem doheem. „De leschte Summer sinn ech zeréckkomm“, ënnersträicht den Eric. „Ech hu ganz vill Lienen a Kolleegen hei. Ech fannen de Projet Belval immens flott. Et ass eppes wéi e Mini-Manhattan“, laacht hien. „An et fënnt een en internationale Public hei, eleng schonn duerch d’Uni. Duerch d’Rockhal gëtt et vill Animatioun um Site. Et bougéiert.“ Och fir seng Zwillingen ass et déi richteg Plaz. „Ech si frou, dass si am Kannercampus ënner Daach komm sinn. Et ass eng immens interaktiv a flott Schoul.“

Bleift ëmmer um Lafenden a puncto Eurovision Song Contest:

You don't have permission to register