Suessem op der Landkaart méi visibel maachen

Interview Simone Asselborn-Bintz « ESCH 2022 »

Iwwert d’Startschwieregkeete vun Esch 2022 ass an der Vergaangenheet vill diskutéiert ginn. Sinn déi bedeelegt Acteure mëttlerweil all op enger Linn?

Et ass effektiv schued, dass et an dësem Dossier am Ufank zu ville Mëssverständnesser koum, déi dann och nach op der Place publique ausgedroe goufen. Ech sinn awer grondsätzlech e positive Mënsch an der fester Iwwerzeegung, dass sech Esch 2022 elo an déi richteg Richtung beweegt an all d’Acteuren och un engem Strang zéien. 2022 kléngt villäicht nach wäit ewech, mee et dierf elo keng Zäit méi verluer goen. Mir als Gemeng Suessem si jiddefalls prett dës spannend Aventure unzegoen. Dofir hate mir och de 4. Abrëll op eng Versammlung invitéiert, wou mir eis Bierger a Veräiner iwwert d’Kulturjoer an d’Roll vun der Gemeng Suessem informéiert hunn.

D’Gemeng Suessem hat als eng vun deenen éischte Gemengen hir fest Zouso ginn. War de Schäfferot vun Ufank u vum Projet iwwerzeegt?

Fir eis war et vun Ufank u ganz kloer, dass mir als Gemeng Suessem bei dësem Projet wéilten dobäi sinn. Dat huet de Schäfferot schonns an deenen alleréischte Reuniounen zu dësem Thema ze Verstoe ginn. D’Vergaangenheet huet oft genuch gewisen, dass eng europäesch Kulturhaaptstad eng enorm grouss Chance fir eng ganz Regioun ka sinn, an déi Chance wëlle mir eis op kee Fall entgoe loossen. Obschonns d’Kultur haut schonns een héije Stellewäert an eiser Gemeng genéisst, sou kënne mir eis duerch d’Kulturjoer nach méi op déi national Landkaart setzen.

Dat grousst Thema vum Kulturjoer ass de “Remix”. Wat kann ee sech konkret dorënner virstellen?

D’Thema ass natierlech bewosst breet gefächert an dat ass och gutt esou. Mat Remix Europe, Art, Nature a Yourself ginn et véier Ënnerkategorien, an där jidderee sech sécherlech iergendwou erëm fanne kann. Ech denken, dass et e ganz passend Thema fir eis Regioun ass, déi an engem permanente Wandel ass. Sief dat duerch d’Ännere vun der industrieller Landschaft, der Méisproochegkeet, der Digitalisatioun oder och der multikultureller Gesellschaft. De Remix ass elo schonns matten ënnert eis a kann donieft och als Katalysator fir Onméigleches ze woe geduecht sinn.

Ass scho gewosst, wéi Suessem sech an deem “Remix” erëm fanne wäert? An enger éischter Phase war eiser Gemeng jo d’Thema “Gaardekultur” zougedeelt ginn.

De Wonsch vun de Responsabele vun Esch 2022 ass deen, dass all Gemeng probéiert sech op een Thema ze fokusséieren, souzesoen ee lokale Schwéierpunkt schaaft. D’Gemeng Suessem gesäit sech mat deene ville gréngen Oasen och ganz gutt als Vertrieder vum “Remix Nature”, et wäert awer sécher net exklusiv ëm d’Gaardekultur goen. Natierlech ginn et Iwwerleeunge fir den Urban gardening, an an deem Zesummenhang selbstverständlech och d’Gemeinschaftsgäert am Bieleser Matgesfeld oder zu Suessem, anzebannen. Wéi dat am Detail wäert ausgesinn, si mir awer nach am Gaangen auszeschaffen.

Huet d’Gemeng momentan schonns Projeten am Kapp fir d’Kulturjoer?

Jo, et ass esou, dass mir als Gemeng Suessem zur Zäit zwee Projeten am A hunn, déi mir konkret virundreiwen. Dat ass engersäits déi spannend Geschicht vun der Source Belval, déi ganz vill Leit leider net méi kennen. Op hirem Héichpunkt ufanks vum 20. Joerhonnert si knapps 2 Millioune Fläsche mam Waasser vun der Source an d’ganz Welt exportéiert ginn. Eisen Dram wier et d’Source, déi am Häerz vum neie Quartier Belval entspréngt, erëm fräi ze leeën. Ob dat a Verbindung mat engem Konschtwierk wäert sinn oder ob een dat Waasser eventuell souguer erëm konsomméiere kann, si mir am Gaangen ze préiwen.
Eng weider Piste, där mir no ginn, ass déi vun engem méigleche Sentier historique zu Bieles an der Rue Wënschel Richtung Gaalgebierg. D’Iddi wier och do, dee fréiere Wee, op deem d’Schlake vum Gaalgebierg erof transportéiert goufen, erëm ënnert enger kënschtlerescher Form opliewen ze loossen.

Ginn et weider Projete vun eenzelne Bierger oder Veräiner, iwwert déi d’Gemeng Bescheed weess?

Mir wëssen effektiv vun zwee Projeten, déi a Beweegung sinn. D’Theaterpädagogin Mirka Costanzi schafft zesumme mat de Geschichtsfrënn aus eiser Gemeng un engem Projet, dee sech mat der Seeche vum Zolwerknapp beschäftegt. Donieft wësse mir, dass d’Zolwer Musek, am Kader vum Zolwer Maart 2022, ee Street-Noise-Festival organiséiere wëll.

Wéi muss ee sech uleeën, wann een als Privatpersoun oder Veräin ee Projet realiséiere wëll? Kann een an deem Fall och un d’Gemeng eruntrieden?

Deen einfachsten a séierste Wee ass deen iwwert den Onlineportal www.esch2022.lu. Op der Plattform kann ee säi Projet Schrëtt fir Schrëtt online erareechen. Dono entscheet dann een onofhängege Jury, ob dee Projet ugeholl gëtt a wéivill finanziell Ënnerstëtzung ee kritt (maximal bis zu 50% vun de Projetskäschten).
Mir wieren als Gemeng awer ganz frou, wa mir wéisste wéi eng Projete vun eise Bierger, Veräiner a Kollektiver ënnerwee sinn. Sou kënne mir Synergië schafen an och een deen aneren ënnerstëtzen. Finanziell kënnen a wëlle mir natierlech keng Versprieche maachen, mee logistesch sti sämtlech Diere bei eis op. Wann dir eegen Iddien hutt oder bei Projete matschaffe wëllt, dann zéckt net a mellt iech bei eisem Service des Relations publiques et de la Culture.

Egoistesch gekuckt, wat erwaart d’Gemeng Suessem sech vum Kulturjoer 2022?

Ech perséinlech erhoffe mir vun Esch 2022, dass d’Gemeng Suessem op der nationaler Landkaart nach méi visibel gëtt. Momentan wëssen d’Leit villäicht, wou den Zolwerknapp ass a wéi d’Suessemer Schlass ausgesäit. 2022 ass déi grouss Chance fir eis fir z.B. och den Artikuss, den Éilerenger Kulturschapp oder och d’Matgesfeld engem méi breede Public bekannt ze maachen. Donieft géif et mat der Source Belval an dem Sentier historique och touristesch Retombéeë ginn.

Wéi gesäit et ëm d’Suessemer Schlass aus? Wäert sech an deem Dossier eppes fir d’Kulturjoer doen?

Mir hoffe ganz staark, dass sech an deem Dossier eppes fir 2022 beweegt. D’Suessemer Schlass läit eis alleguerten um Häerz an et wier schued, wann dee Patrimoine géif brooch leie bleiwen. Um Beispill vun der Escher Gebléishal konnt ee rezent gesinn, wéi séier et goe kann, wann déi richteg Hiewelen a Beweegung gesat ginn. Eise Buergemeeschter huet an deem Kontext och eng Question parlementaire eragereecht fir dëst Thema an der Aktualitéit ze halen. Mir kënne jiddefalls verspriechen, dass mir als Schäfferot un dësem Dossier dru bleiwen.

You don't have permission to register