Fir den internationalen Dag vun de Fraen a Meedercher an der Fuerschung hu mir eis mat der Dr. Elisabeth John, Biologin a Responsabel vum Scienteens Lab vun der Uni Lëtzebuerg getraff. Wat aus enger einfacher Iddi entstanen ass, nämlech de Fuerschergeescht bei deene jonke Generatiounen z‘erwächen, huet sech an de leschten néng Joer zu enger reegelrechter Success Story entwéckelt.
De Scienteens Lab bitt aktuell Aktivitéiten an de Beräicher Biologie, Mathematik, Physik a rezent elo och Computerwëssenschaften op de verschiddene Campusse vun der Uni un. „Mir wëllen de Schüler·inne weisen, wat et bedeit an dëse Beräicher Fuerschung ze maachen, wat fir Karriärsméiglechkeeten een huet, a wéi engem seng Zukunft eventuell kéint ausgesinn. De Scienteens Lab adresséiert sech u Jongen a Meedercher. Et ass eis wichteg dës Egalitéit ze promouvéieren, well déi meescht vun de Fuerschungsdisziplinne sinn nach gréisstendeels als Männerdomän ugesinn.“, erkläert d’Dr. Elisabeth John.
„Tell me and I forget,
Teach me and I may remember,
Involve me and I learn“ (Confucius)
D’Zitat vum Confucius spigelt immens gutt d’Method an de Motto vum Scienteens Lab erëm: „Erziel mir an ech vergiessen, ënnerriicht mech an ech wäert mech eventuell dorun erënneren, involvéier mech an ech léieren“.
D‘Elisabeth John explizéiert: „Et ass wichteg, datt déi Jonk hir eegen Erfarunge maachen an datt se aktiv dorun deelhuelen. Andeems se eng Hand mat upaken an d’Experimenter selwer realiséieren, schléissen d’Schüler·innen hir eege Conclusiounen a versti besser wat geschitt. Et ass eng Saach vu Motivatioun an Iwwerzeegung, déi hir Léier vereinfacht.“
An dëser Optik a fir jonke Meedercher nei Méiglechkeeten ze proposéieren, ass de Scienteens Lab amgaangen eng nei Aktivitéit am Beräich vun de Computerwëssenschaften auszeschaffen: Digital Girls, eng Plattform, déi et Meedercher erméiglecht déi digital Welt z‘erfuerschen. An enger éischter Phas stinn de Participanten online Ressourcen zur Verfügung: si kënnen hei Tutorials an hirem Tempo suivéieren a sech ënnert sech oder mat Fraen, déi am Informatiksberäich schaffen, wéi beispillsweis Fuerscherinne vun der Uni, austauschen. Schlussendlech ass et och d’Iddi Aktivitéiten am Presentiel z’organiséieren – e Workshop fir beispillsweis ze léieren e Roboter danzen ze loossen oder en Hackathon – fir et de Meedercher z’erméiglechen sech ze treffen a Fortschrëtter ze maachen.
Et ass wichteg, datt déi Jonk hir eegen Erfarunge maachen an datt se aktiv dorun deelhuelen. Andeems se eng Hand mat upaken an d’Experimenter selwer realiséieren, schléissen d’Schüler·innen hir eege Conclusiounen a versti besser wat geschitt.
„Teamwork makes the dream work“ (John C. Maxwell)
De Scienteens Lab leeft ewéi eng geuelegt Maschinn. D‘Responsabel vum Labo fir Jonker deelt eis begeeschtert mat, datt et hirer motivéierter Ekipp ze verdanken ass, datt de Scienteens Lab gutt duerch d’Pandemie komm ass, sech séier adaptéiert huet an trotz allem ville Schüler·inne konnt Aktivitéiten ubidden. De Scienteens Lab huet online Atelieren ugebueden an d’Ekipp ass an d’Schoule gaangen. „Mir konnten esou eise Repertoire erweideren, eis Fäegkeeten am Team ausbauen an eis Clientèle vergréisseren. Dank der Reaktivitéit a Motivatioun vun eiser Ekipp fir sech der neier Situatioun unzepassen, konnte mir nei Erfarunge sammelen, déi ons weiderbruecht hunn.“, esou d’Dr. Elisabeth John.
Fir d’Zukunft wënscht sech d’Elisabeth John weider Wëssenschaftsberäicher, wéi beispillsweis d’Geeschteswëssenschafte mat u Bord ze huelen fir e weidere Schratt a Richtung Interdisziplinaritéit ze maachen. Laut der Biologin ginn et eigentlech iwwerall Zesummenhäng: „Mir ass eréischt beim ‚Abitur‘ bewosst ginn, datt Mathé, Physik, Biologie a Chimie zesummenhänken. Dëst Erliefnes wéilt ech gäre bei de Jonke méi fréi ausléisen, well dat fundamental fir d’Schoul vum 21. Joerhonnert an d’Fuerschung ass. Et gëtt schonn eng Method, déi eng multidisziplinär Approche favoriséiert a scho wäit verbreet a Finnland ass. Mir versichen eng änlech Method an eiser Scienteens Academy ëmzesetzen. Hei handelt et sech ëm eng Summerschoul, déi et de Meedercher a Jongen et erméiglecht e puer Deeg an d’akadeemesch Welt an a verschidden Disziplinnen eranzeschnupperen.“
Mir ass et wichteg, datt ee jonke Fraen a Meedercher Selbstbewosstsinn mat op de Wee gëtt. Si solle wëssen, datt si kënne gi wat se wëllen, onofhängeg vun hirer sozialer Hierkonft oder hirer perséinlecher Geschicht
Learning by doing (John Dewey)
Och wann d’Fraen hautdesdaags méi Méiglechkeeten hu wéi nach viru 50 oder 60 Joer, esou ass en internationalen Dag vun de Fraen a Meedercher an der Fuerschung wichteg fir d’Visibilitéit z’erhéijen a jonke Meedercher méi weiblech Virbiller an de STEM-Disziplinnen (Naturwëssenschaften, Technologie, Ingenieurswëssenschaften a Mathematik) ze weisen. Fraen a Meedercher kënne sech fir dës Beräicher grad esou passionéieren an eng Karriär opbaue wéi Männer. „Mir ass et wichteg, datt ee jonke Fraen a Meedercher Selbstbewosstsinn mat op de Wee gëtt. Si solle wëssen, datt si kënne gi wat se wëllen, onofhängeg vun hirer sozialer Hierkonft oder hirer perséinlecher Geschicht.“, esou d’Responsabel vum Scienteens Lab.
Dëst Selbstbewosstsinn huet och eng wichteg Roll am Liewe vun der Biologin gespillt, wou et ëm d’Vereinbare vu Privat- a Beruffsliewe gaangen ass. Haut ass si houfereg Mamm vun engem klenge Bouf a wéilt et och net aneschters hunn. „Et ass ganz einfach“, laacht d’Elisabeth John, „Wann s de schonn direkt denks, datt et net funktionéiert, da wäert et och net funktionéieren. Et muss een et versichen an et léiert een et andeems een et mécht, Learning by doing, wéi et op Englesch heescht. Gleeft un iech selwer, probéiert et aus an da wäert et scho klappen.“