Interview mat der Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz (SAB) an der Finanzschäffin Nathalie Morgenthaler (NM) iwwert den neie Budget, déi allgemeng Präisdeierecht, esouwéi gréisser zukünfteg Projete vun der Gemeng. Donieft goung et och ëm déi aktuell Personalsituatioun an den Ofschloss vum Kulturjoer.
Déi aktuell Situatioun belaascht de Portmonni vun all Haushalt. Mat wéi engen Haussen huet d’Gemeng ze kämpfen?
SAB Nieft den Haussë vun den Energiekäschten, déi eis als Gemeng genee esou wéidinn wéi jiddwer eenzelem, ginn och aner Bäiträg kontinuéierlech an d’Luucht, ouni dat mir konkret géigesteiere kënnen. Esou bezuele mir 2023 insgesamt 686.000 € méi fir eis Participatioun un deenen ënnerschiddleche Syndikater.
NM Ee weidert Beispill: de Waasserpräis pro Meterkibb ass am Akaf fir eis als Gemeng vun 1,20 € op 1,90 € (HTVA) eropgeschoss. Dat entsprécht enger Steigerung vu knapp 60 %, déi mir leider fréier oder spéider eemol un de Verbraucher, an dësem Fall eis Bierger·innen, wéinst dem Käschtendeckungsprinzip weider verrechne mussen.
… Stéchwuert Käschtendeckungsprinzip…
NM Mir kënnen – a wëllen – als Gemeng natierlech net alles op eis Awunner ofwälzen. Wann an engem Betrib d’Produktiounskäschte klammen, da fënnt een dat séier op der Rechnung erëm. Wann alles an d’Luucht geet – ewéi dat aktuell de Fall ass – da si mir als Gemeng natierlech déi Lescht an der Rei, déi d’Präisser erhéijt. Dobäi gräife fir eis d’Deckelungen och net iwwerall an awer musse mir (ewéi beim Waasser) a verschiddene Beräicher vum Gesetz hir käschtendeckend schaffen.
Wéi ass et ëm d’Personalsituatioun bestallt, respektiv wéi ee Spillraum huet eng Gemeng bei deene Käschten?
SAB Natierlech wäerte mir keen entloossen, mee mir mussen eis Astellungspolitik weiderhi ganz genee am A halen. Virun allem bei Posten, wou Leit an d’Pensioun ginn, musse mir evaluéieren, a wéi enger Form dës ersat ginn an ob eis Servicer net nach méi effizient kënnen zesummeschaffen. Wann ee sech déi zousätzlech Poste fir 2023 ukuckt (24,55 ETP am Ganzen), da gesäit een op den éischte Bléck, op wéi enge Plaze mir quasi net spuere kënnen: bei der Betreiung vun deene Jéngsten an deenen Eelsten an eiser Gesellschaft. Eng elementar Missioun, där mir am SEA an am CIPA REWA och mat 16,5 neien ETP Rechnung droen. Wa mir vum Personal schwätzen, da kënne mir dat net ouni déi eventuell Indextranchen am Hannerkapp ze behalen. Falls där 2023 direkt e puer falen, dann huet dat selbstverständlech och een direkten Impakt op eis Personalkäschten. Dräi Indextranchë kaschten eis z. B. am Ganze ronn 3 Mio €. D’Upassung un de Südgemengekollektivvertrag kënnt egal wéi mat knapp 850.000 € dobäi.
Mir hunn de Mathiko leider missen opginn.
Ginn et gréisser Projeten, déi duerch déi aktuell finanziell Situatioun net kënne realiséiert ginn?
SAB Mir hu schwéieren Häerzens missen de Projet vum Mathiko (Knobelmusée) definitiv opginn. Dëst virun allem, well d’Käschte komplett explodéiert sinn (70 % Méikäschten) an et an dësen Zäiten irresponsabel gewiescht wier, dee Bau per Force duerchzeboxen. Well eis Archiven awer weiderhin aus allen Néit platzen, wäerte mir trotzdeem ee méi minimalisteschen Ausbau plangen. Och bei eise Gemengefester hu mir deelweis de roude Bic ugesat. Sou wäert et 2023 kee Summerfeeling ginn a bei anere gréisseren Evenementer musse mir ofweien, ob net ee moderaten Entréespräis vertrietbar wier.
D’Gemeng Suessem huet am Fréijoer 2022 hiren 18.000ten Awunner begréisst. Méi Awunner bedeiten zwangsleefeg méi Schoulkanner. Wéi ass d’Gemeng an där Hisiicht opgestallt?
NM Mir loossen eis d’Bildung vun eise Kanner weiderhin eppes kaschten. Sou si fir 2023 net manner ewéi 6,5 Mio € fir déi nei SEA bei der Schoul 2000 zu Zolwer virgesinn. Och zu Suessem si 500.000 € fir nei Infrastrukturen an där Hisiicht ageplangt. Insgesamt probéiere mir mat Hëllef vum Masterplang Bildung 2035 der Entwécklung vun eiser Populatioun an dem Bau vun neie Quartiere Rechnung ze droen. An deem Kontext sief och nach eemol op déi geplangten 30er-Zone bei eise Schoulen higewisen. Zu Éilereng sinn d’Aarbechte gutt amgaangen a fir esou eng Zon bei der Schoul Bieles-Post hu mir an dësem Budget 450.000 € stoen.
Eis Veräiner kënne sech weiderhin op eis verloossen.
Am neie Budget stinn och e puer gréisser Investitiounen an déi sportlech Infrastrukturen …
NM Eis Veräiner kënne sech weiderhin op eis verloossen. Mam geplangten U13-Terrain zu Éilereng, dem Ausbau vun der Tribün an der Erneierung vum syntheeteschen Terrain zu Suessem, esouwéi dem fuschneie Parquet am Sportikuss, suerge mir dofir, datt eis kompetitiv Ekippen, awer virun allem och eisen Nowues, ënnert beschtméigleche Konditiounen trainéieren a spille kann.
Ee Posten, bei deem och an Zukunft net gespuert gëtt, sinn d’Subsiden …
NM Insgesamt bezuele mir als Gemeng ronn 2,2 Mio € u Subsiden aus. Déi gréisste Poste sinn hei d’Allocation de vie chère mat 800.000 € an d’Konventioun mam Office Social iwwer 700.000 €. Suen, déi mir awer gären ausginn, well se deene Vulnerabelsten an eiser Gesellschaft zeguttkommen. Donieft schëdde mir insgesamt knapp 220.000 € als Ënnerstëtzung un eis Veräiner aus.
Wat sinn déi gréissten extraordinär Ausgaben an dësem Budget?
SAB Eleng fir déi nei Maison sociale ënnen an der Escher Strooss zu Bieles sti fir d’nächst Joer knapp 7,5 Mio € am Budget. Zesumme mat der SNHBM entstinn op dëser Plaz net nëmme Wunnengen zu engem abordabele Präis, mee och Raimlechkeete fir eng Équipe de proximité, esouwéi ee Multifunktiounssall fir eis Veräiner. Déi nei Maison Relais bei der Schoul 2000 hate mir virdru schonns ugeschwat. Als Gemeng probéiere mir och weiderhi beim Wunnengsbau eng aktiv Roll ze spillen. Sou si fir d’nächst Joer insgesamt 4,7 Mio € ageplangt fir Terrainen oder Gebaier an deem Kontext ze kafen.
Ee virsiichtege Budget, deen awer net alles stoppt.
Wéi géift Dir de Budget 2023 beschreiwen?
NM Et ass insgesamt ee Budget deen d’Staang riicht hält, ouni extravagant ze sinn. Ee Budget, deen an déi aktuell éischter onsécher Zäit passt, dee virsiichteg ass an awer net alles bremst oder esouguer stoppt. Eisen ordinären Iwwerschoss (am Budget initial) geet vun 3 Mio € op 7 Mio € erop an eis Prokappverscholdung geet am Géigesaz erof. Donieft dierf een net vergiessen, datt mir, am Géigesaz zu villen anere Gemengen, eise Prêt iwwer 16 Mio € elo 2022 gezunn hunn. Dëst net nëmme mat der Zoustëmmung vu sämtleche Parteien am Gemengerot, mee och zu Konditiounen, déi deemnächst sécherlech éischter méi schlecht, ewéi besser ginn.
Mam Ofschloss vum Kalennerjoer geet och déi Europäesch Kulturhaaptstad op en Enn. Kann ee schonns een definitive Bilan vum loop zéien?
SAB Insgesamt si mir e gutt Stéck ënnert eisem Budget fir Esch2022 bliwwen. Dëst virun allem, well e puer vun eisen net manner ewéi 17 Projeten an der Ëmsetzung méi bëlleg waren, wéi ufanks geduecht. Donieft krute mir jo och gutt 500.000 € vun Esch2022 zeréck. A schliisslech hu mir mam Pavillon vun der Source Bel-Val, der PGR-Skulptur vum Claudia Passeri oder och deemnächst nach dem Sentier historique am Wënschel, direkt e puer infrastrukturell Projeten, déi eis Gemeng wäit iwwer 2022 eraus méi attraktiv maachen.