Eewee-Plastik gehéiert geschwë ganz der Vergaangenheet un. Ëmmer méi Verbraucher handelen nohalteg a ginn a Richtung Offallvermeidung. An deem Kontext spillen och Pfandbecher-Systemer eng ëmmer méi grouss Roll. Dëst kann awer just funktionéieren, wann och d’Spulle klappt.
Mam neien Offallgesetz vum 9. Juni 2022 ass op allen ëffentleche Manifestatiounen ab dem 1. Januar 2023 all Geschier aus EeweePlastik verbueden an ab dem 1. Januar 2025 ass et och net méi erlaabt Eewee-Geschier aus anere Materialien (z. B. Kartrong, Bambus, asw.) ze benotzen. Fir konform mam Gesetz ze sinn an och am Sënn vum Green Events-Label ze handelen, huet d’Gemeng Suessem, zesumme mam lokale CIGL (Centre d’Initiative et de Gestion Local) de Projet vun der Spullkëscht an d’Liewe geruff, deen e wichtegt Zeechen an der Lutte fir méi Nohaltegkeet setzt.
Säit September 2022 gëtt et déi éischt Becherwäschanlag hei am Süde vum Land, an dëst zu Bieles. An enger aler Hal bei der Gare Bieles-Réideng, direkt niewent dem neie Gîte um Minett Trail, steet déi 6 Meter laang professionell Spullmaschinn M-iQ vu Meiko, déi op Plastiksbechere spezialiséiert ass, well se niewent dem Spullen och en Drécheprogramm duerchféiert.
D’Jessica Birklé ass zanter Kuerzem responsabel fir d’Spullkëscht an all Dag mat hiren zwee feste Mataarbechter, dem Hasan an dem Tom, um Dill: „Aktuell kënne mir hei 1.700 Bechere pro Stonn wäschen. An der selwechter Stonn ginn awer och nach d’Këschten op der Hand gebotzt, an- an ausgeraumt a virun allem exakt kontrolléiert a gezielt.“ Wa vill Aarbecht usteet, da gi vum lokale CIGL zwee bis dräi zousätzlech Mataarbechter ausgeléint, déi eng Hand mat upake kommen.
De Bilan vun deenen éischte véier Méint ka sech jiddwerfalls weise loossen. Am Ganze sinn 264.000 Becheren erausgaangen, dovunner 131.000 Becheren vun deenen eenzelne Gemengen an 133.000 Pro-Sud-Becheren. Ënnert anerem si se fir Esch2022 oder och nach op Manifestatiounen zu Suessem, Déifferdeng an Diddeleng benotzt ginn.
An och d’Previsioune fir 2023 gesi ganz gutt aus. Nieft deem engen oder anere Big Player aus der Regioun als potentielle Client, ass och eng Testphas geplangt, fir an der Wäschanlag Iessgeschier ze spullen. Dëst als Erweiderung vum ugebuedene Service an natierlech just ënnert der Konditioun, datt en hygieenescht impeccabelt Resultat ka garantéiert ginn. Och den Dany Scholten weist sech begeeschtert vum neiste Projet: „Als Responsabele vum CIGL kann ech just betounen, datt dëse Projet enorm vill positiv Aspekter mat sech bréngt. Et ass en ideale Projet, wou mir eis Beneficiairen abaue kënnen a wou si net nëmmen eng wäertvoll Aarbecht fir eis Partner, mee virun allem och fir d’Ëmwelt leeschten.“
U WIE RIICHT SECH D’SPULLKËSCHT?
Pro-Sud-Gemengen a lokal Veräiner. Auswäerteg Veräiner, wa si e Sall an der Gemeng Suessem lounen. D’Awunner aus der Gemeng Suessem. Aner Partner kommen an Zukunft dobäi
KÄSCHTEN
Amenagement vun der Hal: 760.000 € Wäschanlag M-iQ: 137.000 €
NOHALTEG
220 Liter Waasser – trotzdeem ökologesch, well an Etappe gespullt an d’Waasser opgefaange gëtt, fir dono erëm an der Virwäsch benotzt ze ginn. Dat Selwecht gëllt fir d’Hëtzt, déi och nach eemol verwent gëtt.
LOCATIOUN
Gratis (1 € HTVA / Becher deen net zeréckkënnt oder futti ass)
Spullen: 0,12 € HTVA / Becher
TECHNESCH DETAILER
1 Spullgang: 7 Minutten
Becher drasetzen » Virwäsch » Wäsch » Dréchnen