„Déi Dankbarkeet, déi ee spiert“

Administrativ Demarchen a bürokratesch Ugeleeënheete kënnen e groussen Challenge sinn, besonnesch, wann eng Friemsprooch verlaangt gëtt. An esou Fäll kann de Service Écrivains Publics vun der Gemeng Suessem hëllefen. Léiert de François Duhr kennen, ee vun de Mënschen, déi dës Aarbecht benevole maachen.

„Ech hat e CV vun engem Geflüchteten aus Eritrea. Ech hunn do gesinn, wat deen alles geléiert huet. Wat dee kann a wou en elo drun ass. Et ass schued, dass en all déi Saachen net ëmsetze kann, well et un der Sprooch gescheitert ass.“ De François Duhr erënnert sech, och wann et fir déi betraffe Persoun net sou gaangen ass wéi gewollt, gären u seng vill Renconteren zeréck, déi hien ëmmer nees als Écrivain Public fir d’Suessemer Gemeng mécht. Den Eisebunner wunnt säit Gebuert un hei an der Gemeng. „Ech hat e klengen Ofstiecher op Useldeng gemaach“, gëtt en zou a laacht, „awer sinn dunn nees séier zeréck komm.“ De Familljepapp schafft zënter 2003 op der Eisebunn an ass mëttlerweil Responsabele vum Service ETCS (European Train Control System), an deem hien eng Ekipp vun 30 ronderëm sech huet. Den ETCS ass e Sécherheetssystem, deen agräift an den Zuch ofbremse léisst.

„Privat war ech jorelaang bei de Scouten engagéiert“, hëlt hie weider aus. „Ech war Chef an iergendwann Commissaire Général Adjoint am Verband. Mat der Zäit hunn ech mer awer du gesot, dass et eng Jugendbeweegung ass an et Zäit ass de Jonke Plaz ze maachen.“ Seng Zäit bei de Scouten ass op en Enn gaangen, säin Engagement awer net. Säi Wee féiert hien an d’Kommissioun fir Chancëgläichheet an Diversitéit. „Do krut ech mat, dass de Service fir den Écrivain Public an d’Liewe geruff gëtt.” Kuerz Zäit drop sëtzt hien an der Formatioun, déi d’Gemeng Suessem gemeinsam mat der Asti (Association de Soutien aux Travailleurs Immigrés) organiséiert. „Do krute mer vill Tools a Links zur Säit, well villes fënnt ee schonn online, wann ee weess, wou. An da gouf eis erkläert, vu wat mer absolut d’Fanger solle loossen.“ Domat gemengt ass de juristesche Volet – Scheedungen zum Beispill –, „well mir si jo keng Affekoten, eis feelt d’Expertise“.

Annick Spellini, Responsabel vum Service Chancëgläichheet an Diversitéit

Säitdeem ënnerstëtzt de François jiddereen·t, deen·dat Hëllef brauch. „Ech maache vill CVen oder Lettres de motivation.“ Ob d’Fro, ob hien dat wierklech gäre mécht, fänkt en u mat laachen. „Dat ass eng aner Saach. Bei mir ass et gutt 25 Joer hier, dass ech dat hu misste maachen. Et ass also ëmmer nees eng Erausfuerderung. Mee ech weess, dass ech mengem Géigeniwwer hëllefen, dass ech deen ënnerstëtzen an e vläicht a sengem Liewe ka weiderbréngen.”

D’Benevollen aus dem Service hëllefen awer och bei méi alldeegleche Saachen, preziséiert de François. „Ech hat eemol eng eeler Fra, déi e Bréif op Franséisch opgesat huet. Si wollt séchergoen, ob dat alles esou richteg ass. An dat ass et och oft, dass eeler Leit frou sinn, wa se een hunn, deen driwwer geet.“ Wat méi muss gemaach ginn, wat et méi komplizéiert ass – all Situatioun ass nees anescht wéi déi virdrun. „Mir musse klären, wéi eng Sprooch gebraucht gëtt fir ze schreiwen a wéi eng déi jeeweileg Persoun schwätzt, da musse mer kucken, ob e ganzt neit Dokument opgestallt muss ginn oder op déi Persoun schonn eppes virbereet huet. Wann et vu virera méi komplizéiert schéngt, kënnt et och mol vir, dass mer zu 2 aus eisem Service geruff ginn.“

De Service vum Écrivain Public fält ënnert d’Responsabilitéit vum Annick Spellini, dat och d’Responsabel vum Service Chancëgläichheet an Diversitéit ass. „Heiansto ass et schwéier, well d’Leit selwer schaffen. Dofir sinn ech sou frou mat deene Benevollen, déi ech hunn“, erkläert d’Annick. „Wat mer der méi hunn, déi och nach verschidde Sprooche beherrschen, wat mer och méi kënnen ubidden. Dofir kënne sech Leit, déi interesséiert sinn, gäre bei mir mellen.“ All Benevole ënnerschreift e Kontrakt, erkläert d’Annick. „Dat soll elo keen aschüchteren, mee et ass, fir dass se verséchert sinn.“

„Dee Merci, deen ech kréien, wann d’Leit eppes am Grapp hunn. (…) Dat ass eng wonnerbar Erfarung.” – François Duhr

Kënnt eng Ufro eran, kuckt hatt zesumme mat senger Ekipp, wien Zäit an d’Kompetenzen huet, do ze hëllefen. „D’Benevolle kréie bei eis an der Gemeng e Laptop zur Verfügung gestallt, op deem si schaffe kënnen. All Rendez-vous gëtt just hei gemaach, op neutralem Buedem, fir Abusen ze evitéieren“, ënnersträicht d‘Responsabel vum Service. Wa mol méi virzebereeden ass, kënne si virum Rendez-vous och doheem dru schaffen. Duerno sollt awer alles vun hirem private Rechner erofgeholl ginn. „Si schécke mir et dann an ech setzen et bei eis op d’Cloud.“ Wéi d’Annick selwer seet, schafft hatt nom 4-Aen-Prinzip – „alles muss nach eemol u mech geschéckt ginn, éier d’Leit et per Post kréien oder laanscht kënne siche kommen. Wann et kleng Saache sinn an ech hunn Zäit, maachen ech et och direkt. Mee dobäi muss ech och soen, dass d’Leit op d’mannst eng Woch aplange sollten. Well bis mir ee fonnt hunn, deen Zäit huet an ass et dann och nach eppes méi Grousses, hëlt dat Ganzt méi Zäit an Usproch.“

François Duhr, Benevole am Service Écrivains Publics

Op dee Punkt kënnt och de François wärend eisem Gespréich ze schwätzen. „Et muss ee bereet sinn, Zäit ze investéieren. An et soll een net erwaarde räich domat ze ginn, dowéinst maache mer et net. Natierlech ass e gewësse sproochleche Background vu Virdeel, mee dat hunn déi meescht jo.“ Hie seet awer och, dass et keng Schan ass, ze soen, wann eppes net machbar ass. „Wann et net geet, well et zum Beispill mam Sproochlechen immens schwéier ass, dann ass et esou. Dat muss ee sech dann och agestoen, dass een där Persoun dann net hëllefe kann.“

Oppe sinn, op Leit duergoen a prett sinn, eppes Neies ze léieren an aneren domat ze hëllefen – dat si laut François d’Grondviraussetzungen, wann een·t sech am Service Écrivain Public engagéiere wëll. Dem Eisebunner mécht et eng immens Freed. „Jo, et ass Benevolataarbecht. Mee d’Scouten, dat war och ëmmer benevole. Ech maachen dat gären. Dee Merci, deen ech kréien, wann d’Leit eppes am Grapp hunn. Déi Dankbarkeet, déi een einfach spiert. Dat ass eng wonnerbar Erfarung.“

 

Informatiounen

Kontakt fir Ënnerstëtzung ze kréien

Email: ep@suessem.lu

Telefon: 59 30 75 654

Weider Infos

Kontakt fir sech als Benevole ze mellen

Email: service.secd@suessem.lu

Weider Infos

You don't have permission to register