De Yann, e Babysitter mat Häerz

All Joer bitt d’Gemeng Suessem interesséierte Jonken d’Babysitter-Formatioun un. D’Lëscht ass gutt gefëllt, also Grond genuch, iech e puer vun hinne virzestellen. Mir fänken u mam Yann Weber, deen 2024 d’Formatioun gemaach huet.

Et ass ee kalen Nomëtten am Januar, wéi mir eis mam Yann beim Berto op e Kaffi treffen. De Yann huet ee waarmt Laachen am Gesiicht, wéi mir hie begréissen. De 16-järege Schüler erzielt eis mat Begeeschterung vu sengen Ufäng als Babysitter. „Ech sinn op enger 3ième C. Vläicht wëll ech spéider Déierendokter ginn“, seet en eis. Dat huet natierlech manner mat Babysitting ze dinn. „Ech si virwëtzeg a probéiere gären nei Saachen aus.“ Dat war och ee vun de Grënn, firwat hien d’Babysitting-Formatioun vun der Gemeng matgemaach huet.

Mat 15 hat hien sech scho gemellt, mee d’Plaze waren deemools séier voll. Ee Joer méi spéit huet en et nach eemol probéiert – dës Kéier mat Zäit a mat Succès. „Ech sot mir ‚Träntel net a ruff direkt un!‘ –  dat hat geklappt“, ergänzt de Yann a laacht.

Déi véier Deeg Formatioun an der Vakanz hunn him Ablécker an d‘Kannerbetreiung ginn: Wéi hien op Kanner ageet, wéi hien entspaant bleift a Kompromësser fënnt. „Wat ech geléiert hunn, kann een an all Liewenssituatioun notzen: fir d’éischt reflektéieren, da reagéieren.“ Bei bestëmmte Situatioune kann een net vu vir era wëssen, wéi ee genee reagéiere soll. „Dat ass dann éischter learning by doing“, äntwert eist Géigeniwwer.

Méi wéi just Kannerbetreiung

De Yann ass ee Babysitter, deen aktiv dru schafft, dass d’Kanner sech wuel fillen a Spaass hunn. „Ech froe si ëmmer, op wat si Loscht hunn.“ Memory, Mandala oder Monopoly – hien ass virbereed, awer flexibel genuch, fir spontan op d’Interessie vun de Kanner anzegoen.

Besonnesch eng Erfarung ass him am Kapp bliwwen: „Eng Fra hat dréngend e Babysitter gebraucht. Ech hunn net vill Zäit gehat, mech virzebereeden – ech gouf einfach an d’kaalt Waasser geheit. Mee et huet super geklappt!“ Hien erzielt mat engem Grinsen, wéi hie séier d’Vertraue vun den 3- a 7-järege Kanner – Geschwëster – gewonnen an ee flotten Owend mat hinne verbruecht huet. Eng aner Kéier war hie bei senger Nopesch an huet gebabysitt. „Mir hunn zwou Stonne gepuzzelt. Do war ech selwer gutt midd duerno!“

Säin éischte Kontakt an deem Beräich hat hie mat 12 Joer. „Meng Proff am Reide gëtt och Course fir déi Kleng. Do hunn ech iergendwann ugefaange samschdes auszehëllefen“, erënnert hie sech zeréck. „De Kontakt mat Kanner, wéi si sinn a wéi ee si begeeschtere kann“ huet him séier gewisen, dass Babysitten eppes fir hie ka sinn.

Gedold, Humor a Flexibilitéit

„Kanner sinn net ëmmer einfach, mee si sinn éierlech. Wann hinnen eppes net gefält, soen se dat direkt“, erzielt den C-Schüler. Dofir ass et fir de Yann wichteg, mat Humor un d’Situatioun erunzegoen. „Heiansdo muss een e bësse Blödsinn maachen, sech selwer net ze eescht huelen. Dann erënnere si sech un dech als de Babysitter, mat deem si eng gutt Zäit haten.“

Och Sprooche spille fir hien eng net ganz onwichteg Roll. „Ech hunn op e Kand vun 3 Joer opgepasst, dat konnt Franséisch a Portugisesch. Do war et vu Virdeel, dass ech hie verstanen hunn.“

E Bléck an d’Zukunft

Fir de Moment gesäit de Yann Babysitting als eng flott Erfarung, déi hie villes léiert. Mee hie weess och: „Wann een an der Zukunft mat Kanner wëll schaffen, ass dat eng super Méiglechkeet, fir sech auszeprobéieren.“

Hien huet schonn iwwer d’Gemengegrenze gekuckt an zu Péiteng gebabysitt. „Ausser wann et bis an de Norden op Wolz geet“ seet hien a laacht. „Dat ass mir dann e bëssen ze wäit.“

Mat engem Laachen am Erënnerung bleiwen

„Wat mech um Babysitting am meeschten inspiréiert, ass d’Laache vun de Kanner. Wann ech gesinn, wéi se sech freeën a wéi frou ee si mat Klengegkeete ka maachen, da weess ech, dass ech eppes richteg maachen.“

Dir wëllt de Yann als Babysitter engagéieren? Hei geet et bei säi Kontakt an eis komplett Babysitter-Lëscht.

Déi nächst Formatioune si Mëtt Juli. All Jonken aus der Gemeng kritt am Juni e Bréif heem, fir sech bei Interessi unzemellen.

You don't have permission to register