Moies fréi maache mir eis op de Wee Richtung Belval, an zwar aus guddem Grond. Den Alain Willet, Direkter vum CIPA Résidence “Op der Waassertrap”, huet eis Rendezvous gi fir an der Betreiungsstruktur hanner d’Kulissen ze kucken. Am “Altersheim”, wéi een et am Volleksmond nennt, stinn d’Wuelbefannen an d’Liewen am Mëttelpunkt, an zwar souwuel fir d’Residente wéi fir d’Personal.
Eis Visitt fänkt am Gank vum éischte Stack un. Schonns no e puer Schrëtt gréisst eis eng Fra. Si heescht Catherine an invitéiert eis direkt bei sech “heem”, fir eis e bëssen eppes vu sech ze zielen: “Ech sinn 2012 mat mengem Mann heihi komm. Mir waren ënnert den éischte Residenten. Leider huet hien eis 2015 verlooss. Mir ware 66 Joer laang bestuet.”
D’Catherine weist eis houfreg Fotoe vun hire Kanner, Enkelkanner a Urenkelen. Si ass reegelméisseg a Kontakt mat hinnen, och iwwer Telefon. Si weess dëst ze schätzen a schéngt allgemeng keng Zäit ze hunn, fir sech ze langweilen, och wann si net esou dacks un den organiséierten Aktivitéiten deelhëlt, mee léiwer all Dag an de Parc ronderëm d’Résidence trëppele geet, an der Moyenne 2 Stonne laang. Et gëtt een hir bei wäitem keng 92 Joer.
No engem flotte Gespréich mam Catherine hëlt eis den Alain Willet mat a säi Büro. De Mann, dee vun Ufank un dobäi war an eng Equipe vun 140 Leit geréiert, zielt eis, dass de Centre Intégré pour Personnes Âgées (CIPA) 120 Zëmmeren huet an ënnert der Gestioun vun der Gemeng steet, “wat hei am Land eenzegaarteg ass”.
“D’Leit wuessen engem automatesch un d’Häerz, well et schafft ee mat Mënschen, net mat Maschinnen.”
Eenzegaarteg. Dat Wuert beschreift dem Alain seng Visioun ganz gutt. Als “Orchesterchef” vum Projet CIPA Résidence “Op der Waassertrap” ass him d’Innovatioun immens wichteg. De Beweis liwwert hien eis, wéi mir de Mozart virgestallt kréien, en treie Gesell op véier Patten. Hien ass eng Zort Maskottchen, dat donieft eng therapeutesch a sozial Aufgab iwwerhëlt. “De Mozart ass immens beléift a wierkt heiansdo Wonner. Wann eis Pensionnairen hie gesinn, da vergiesse si hir Péng an hir Problemer fir en Ablack. Et ass genee d’selwecht, wann d’Kanner aus de Crèchen op Besuch sinn. Et ass eng Ofwiesslung fir eis Residenten, déi si wärend e puer Stonne genéissen.
” Virum Fitnesssall, “deen dacks esou gutt besat ass, dass net jiddereen erakënnt”, gesellt sech d’Aide familiale Ana Luisa bei eis. Och si ass zanter der Ouverture 2012 am CIPA um Belval. “Ech hunn deemools meng Kandidatur erageschéckt, obwuel ech bis dohin op engem Büro geschafft hat. Ech gouf als Botzhëllef agestallt, an hunn doropshin eng Formatioun als Aide socio-familiale gemaach, fir d’Qualifikatioun fir mäin aktuelle Posten ze kréien.”
Wärend dem Gespréich fält eis op, dass d’Ana eng immens douce Manéier huet, wat och néideg ass, fir säin Job am Alldag ze maachen. Déi jonk Fra erkläert eis, dass Empathie a Gedold wichteg sinn, an “dass ee virun allem e grousst Häerz muss hunn”.
Am Laf vun de Joren huet si “hir Pensionnairen” an d’Häerz geschloss. Mat der Zäit gëtt aus dem Personal an de Residenten eppes wéi eng grouss Famill, wat ganz normal ass, well een all Dag mateneen ze dinn huet.
Beschäftegung ass wichteg, fir keng Einsamkeet opkommen ze loossen
No e puer Minutten Diskussioun bleiwe mir virum Zëmmer vun enger Koppel stoen. De Jean-Léon a seng Fra Annie-Marie feiere geschwënn hire 50ten Hochzäitsdag. Virdru gëtt et awer nach en anere wichtegen Anniversaire, dee wärend eiser Visitt zelebréiert gëtt: de Jean-Léon krut 78 Joer. Houfreg weise si eis d’Kaart, déi si moies vun der Direktioun kritt hunn, zesumme mat enger gudder Fläsch.
De fréiere Pompjee ass elo schonn zwee Joer laang mat senger Fra am CIPA. Si koumen, nodeems d’Annie-Marie e Schlag hat. “Nom Tëschefall krute mir recommandéiert, fir heihin ze kommen. Ech hat nämlech zousätzlech muskulär Problemer an den Hänn a konnt praktesch näischt méi gräifen oder halen.”
“Heihin ze komme war dat Bescht, wat eis geschéie konnt” seet de Jean-Léon. “Mir probéieren esou aktiv wéi méiglech ze sinn a bei allem matzemaachen. Meng Fra geet turnen a sangen, an ech maachen immens gär bei de Quiz-Spiller mat”. De Jean-Léon langweilt sech net. Hien ass esouguer ee vun de Pensionnairen, déi e Computer hunn a mécht seng Virementen iwwer Internet. De CIPA ass am digitalen Zäitalter ukomm.
D’Gestioun dréit hir Friichten
Éier de Jean-Léon sech op de Wee an de Restaurant mécht, betount hien nach gären, dass am CIPA wierklech alles gemaach gëtt fir him den Alldag sou agreabel wéi nëmme méiglech ze gestalten: “Ech profitéieren heefeg vun deene ville Servicer hei am Haus, sief et fir bei de Coiffer ze goen oder och nach an de klenge Buttek fir e puer Klengegkeeten anzekafen.
” Zum Schluss vun eisem Tour schwätze mir nach eemol mam Alain Willet. Et mierkt een him un, dass hien houfreg op seng Mataarbechter ass, déi Dag fir Dag alles dru setze fir d’Residenten ideal ze betreien, sief dat duerch Aktivitéiten am Sënn vun der Revalidatioun oder fir d’Autonomie z’erhalen. Donieft, sou den Alain Willet weider, gëtt et och nach ee Foyer de jour, deen tëscht 6 an 8 extern Residenten ophuele kann, genau esou wéi ee Liwwer Service fir Repas à domicile: “Mir liwwere bis zu 70 Iessen aus an dat 7 Deeg op 7. An deem Sënn hu mir viru Kuerzem och zwee elektresch Autoe kaf, wat eis zum eenzege CIPA am Land mécht, dee mam ESR (Entreprise socialement responsable) ausgezeechent gouf.
” De CIPA REWA huet awer sou guer näischt mat engem tristen Altersheem ze dinn, wéi se gären an de Clichéen iwwerzeechent ginn, mee ass eng lieweg a positiv Plaz, wou vill Liewensgeschichte sech kräizen. Et kënnt net vun ongeféier, dass de CIPA Résidence “Op der Waassertrap” mam lëtzebuerger Präis fir Qualitéit an Exzellenz priméiert gouf.