„Mir maachen alles in-house“

De Schäff·innerot vun der Gemeng Suessem kuckt zouversiichtlech an d’Zukunft. D’Gemeng kéint op vergaangen Investissementer opbauen an esou mat entspriechender Wäitsiicht plangen. D’Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz (SAB) an d’Finanzschäffin Nathalie Morgenthaler (NM) schwätzen am Interview iwwert klammend Käschten, wuessend Personal an eng Gemeng, déi keen·t am Ree stoe léisst.

De Budget 2024 dréit den Titel „ Kontinuitéit a Stabilitéit fir d’Gemeng Suessem“. Wéi géif dir de Budget méi ausféierlech beschreiwen?

SAB: Et ass effektiv e Budget vun der Kontinuitéit, well d’Zesummesetzung vum Schäff·innerot d’selwecht bliwwen ass. Mir versichen, sou wäit et méiglech ass de Budget gewëssenhaft ze geréieren, awer gläichzäiteg sécherzestellen, dass et de Leit gutt geet. Mir hunn eng Gemeng, an där et sech gutt liewe léisst – vu klengem u bis ganz al. Dat war schonn ëmmer eist Motto.

NM: Et gouf scho gutt Viraarbecht geleescht. Elo geet et drëms, eis d’Fro ze stellen: Wou wëlle mer an 20 oder 30 Joer stoen? Dowéinst hu mir zum Beispill de Masterplang Educatioun 2035 op d’Bee gestallt, duerch dee mir laangfristeg Prioritéite kënne setzen.

D’Gemeng wiisst weider. Bis Enn 2024 wäerte mir viraussiichtlech eis·en 19.000. Awunner·in begréissen. Méi Mënschen, méi Kanner, méi Senior·innen, méi Gemengepersonal – all dat heescht méi Ausgaben.

SAB: Wat eis e bësse Suerge mécht ass déi laangfristeg Planung vun eisem Gemengepersonal, well dat mat ëm déi 63% eis héichsten Ausgab duerstellt., och am Verglach mat anere Gemengen. Dozou muss ech soen, dass dat säi Grond huet: Mir maachen alles in-house. A kengem Beräich schafft externt Personal. Dat bréngt och mat sech: Wann eng Gemeng méi grouss an ausgebaut gëtt, gëtt och méi Personal gebraucht. Mir haten dowéinst eng extern Analys an Optrag ginn, fir eng Bestandsopnam ze maachen.

NM: Dat ass e lafende Prozess. Mir versichen, dëse Beräich ëmmer am A ze behalen. Et kascht, awer et garantéiert eis e gudde Service un eisen Awunner·innen. Wichteg ze soen ass, dass eise Personalopwand grouss ass, mir awer duerch eis Maison Relaisen an d‘Residence op der Waassertrap (REWA) Ressourcë kréien. Doriwwer eraus kritt d’Gemeng zousätzlech Ressourcë vum Staat iwwert de Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend souwéi d’Fleegeversécherung. Mir wollten dës Zuele mat Virsiicht kucken, well mir déi eenzeg Gemeng sinn, déi esou eng Ariichtung bedreift.


Eng Gemeng kann net alles fir jidderee maachen – wéi gëtt eng Decisioun getraff, a wéi ee Beräich investéiert gëtt an a wéi een net?

NM: Mir hunn nach ni esou eng Decisioun huele mussen. Besonnesch am soziale Beräich hu mir alles ofgedeckt. Wann et awer trotzdeem mol drop ukënnt, gëtt ee Projet net zwéngend ofgesot. D’Zäitrumm gëtt dann ugepasst. Investissementer, déi waarde kënnen, mussen dann och mol waarden.

Wéi gëtt séchergestallt, dass d’Prioritéite richteg gesat ginn?

NM: Et gëtt no Wichtegkeet geplangt. Entsteet en neie Véierel an et feele Schoulsäll, da reagéiere mir. Deen ugeschwate Masterplang Educatioun ass an dësem Kontext wichteg ze erwänen: Bei der Planung vun der Maison Relais hei zu Suessem huet dëse Plang däitlech gemaach, dass 4 Klasseraim feelen. Mir hunn also kuerzfristeg, wéi d’Pläng scho al fäerdeggestallt waren, ëmplangen.

SAB: Verschidde Saache muss eng Gemeng einfach maachen, wéi ebe Schoule bauen. Dofir kënne mir eis glécklech schätzen, dass mir sou Infrastrukture wéi den Artikuss schonn hunn. Genee sou hu mer Versammlungsraim fir eis Veräiner, Betreiungsstrukture fir eis Kanner, Kulturzentre fir eis Manifestatiounen. Et ass gutt, dass déi Sue schonn investéiert goufen a mir elo dovu profitéiere kënnen.

NM: Fréier war et ee Luxus, dass alles an all Uertschaft zu Fouss gemaach konnt ginn.

„Et gëtt no Wichtegkeet geplangt. Entsteet en neie Véierel an et feele Schoulsäll, da reagéiere mir.“ – Nathalie Morgenthaler

An d’Gemeng Suessem zielt net nëmmen eng Uertschaft, mee véier.

SAB: Genee dat ass d’Erausfuerderung – mir mussen de Leit erklären, wisou mir net alles maache kënnen. Mir mussen nohalteg handelen. An dësem Kader wëll ech op eis Syndikater verweisen, déi gemengeniwwergräifend schaffen.

A wéi enge Beräicher huet d’Gemeng weiderhi mat de Repercussioune vu Pandemie, Energiekris, Krich an Inflatioun ze kämpfen?

NM: D’Iessen an eise Maison Relaisen an an der Residence op der Waassertrap ass ëm 15% méi deier ginn. Mir ginn eleng dofir 2,3 Milliounen Euro aus. Dat ass net an all Gemeng esou, mee mir halen op Fairtrade a lokaalt Iessen.

SAB: Dat ass awer och dorobber zeréckzeféieren – an ech soen et ëmmer erëm –, dass mir pro Kand ëm déi 6 Euro vu Säite vum Staat kréien. Dat ass eng gutt Saach, ma dësen Undeel ass awer säit 20 Joer net méi ugepasst ginn. Ënnert dem Stréch hu mer 15% méi Depensë wat eist Iessen ugeet, kréien awer net méi Suen. Och beim Bau vun enger Maison Relais kritt ee säit Joren déi nämmlecht finanziell Ënnerstëtzung. An deem Beräich misst dréngend eppes gemaach ginn.

Net nëmmen den Ausbau vum Stroossereseau, och den Entretien vun eise Stroosse kascht. Wéi gëtt decidéiert, wou a wéi eng Strooss opgerappt gëtt?

SAB: Eise Service Technique kuckt hir Prioritéitelëscht. Bei Noutfäll musse mer natierlech flexibel bleiwen an ëmplangen, awer am Normalfall gëtt no Wichtegkeet decidéiert. Eise Plang gesäit ënnert anerem vir, dass d’Cité Grand-Duc Jean d’Rue des Jardins zu Bieles, souwéi d’Rue de Differdange zu Zolwer dëst Joer (2024) un d’Rei kommen, d’Cité Kaufmann zu Zolwer nächst Joer (2025), fir e puer konkret Projeten ze nennen.


Chantieren, déi daueren, stéieren. Dat verstinn ech. D’Rue de Ehlerange ass esou ee Beispill. Dat ass net eleng der Gemeng hir Schold, mee kann op ënnerschiddlech Problematiken zeréckgefouert ginn: Wiederkonditiounen, Stroossebauverwaltung, Disponibilitéit vun der jeeweileger Firma, …

NM: D’Entreprisë kommen net ëmmer hannendrun, well si mat Liwwerenkpäss ze kämpfen hunn. Dat war beim Parquet am Sportikuss Scheierhaff de Fall. An dësem Kontext kann d’Lafpist genannt ginn. Och dëse Projet huet missten zäitlech verréckelt ginn.

Wéi kënnen d’Awunner·innen hir Iddien a Virstellunge mat abréngen?

SAB: Bei eenzele Projeten, wéi zum Beispill d’Gestaltung vun engem Schoulhaff, ginn Aarbechtsgruppen op d’Bee gestallt, an déi sech Elteren, Kanner a Schoulpersonal melle kënnen. E weidert Beispill ass de Basketballterrain bei der Schoul 2000 zu Zolwer, deen och als partizipative Projet konzipéiert soll ginn. Déi Jonk waren iwwert d’Decisioun, dass hir léifste Basketballterrain fir eng Maison Relais muss Plaz maachen, net immens frou. Mir wëllen elo zesumme mat hinne kucken, wéi mer dës Plaz optiméiere kënnen, soudass do nees Basket gespillt ka ginn.

Aner Neiegkeete fir 2024?

SAB: Mir wëllen Dokteren a Kinéë Lokaler zur Verfügung stellen. Besonnesch fir nei Mediziner·inne ass et schwéier, en eegene Cabinet opzemaachen, well hinnen déi néideg Raimlechkeete feelen. Op dësem Wee stelle mir sécher, dass eis Awunner·innen net wäit musse fueren.

„Et ass gutt, dass déi Sue schonn investéiert goufen a mir elo dovu profitéiere kënnen.“ – Simone Asselborn-Bintz

NM: Nächst Joer steet de Fussball am Fokus – d’Ekippe vun der U-13 vum Éilerenger Fussball kréien en neien Terrain. Da stinn och nach de Bau vun eiser Schoul am Roude Wee (do, wou déi meeschte Kanner an Zukunft bäikommen) an eis Schoulschwämm un.

SAB: D’Gemeng huet jo dat fréiert Post-Gebai kaf. Dat si flott Raimlechkeeten, déi awer renovéiert musse ginn, wa mir do Aktivitéite vun der Gemeng wëllen ubidden.


De Budget gesäit en Iwwerschoss vu gutt 9,4 Milliounen Euro vir. An awer muss d’Verschëldung am Bléck behale ginn. Wou gesäit et fir d’Gemeng a Saache Prokappverschëldung aus?

NM: Well mir woussten, dass d’Zënsen nees klamme géifen, hu mir a Viraussiicht Enn lescht Joer e Prêt vu 16 Milliounen Euro opgeholl. Mir haten eis also e gudden Zäitpunkt erausgesicht. Doduerch, dass mir fir dëst Joer keen neie Prêt ophuele mussen, falen eis Scholden. A wann eis Scholde manner ginn, hëlt d’Prokappverschëldung och of.

An Zuelen ausgedréckt läit dës bei eisen aktuellen 18.600 Awunner·innen, Stand 31. Dezember 2023, bei 1.479 Euro. Op den 31. Dezember 2024 gekuckt falen eis Scholden op 1.377 Euro bei schätzungsweis 19.000 Awunner·innen. D’Gesamtverschëldung wäert bis Enn 2024 vu ca. 38,9 Milliounen Euro op 36,3 Milliounen Euro falen.

SAB: Mir vergläichen eis Situatioun ma anere Gemengen an do sti mer net esou schlecht do.

NM: An dësem Kontext ass et wichteg ervirzehiewen, dass mir an e puer Joer nei Projeten ëmsetze mussen. Natierlech musse mir all Decisioun verantworte kënnen, mee wéi scho gesot, ginn et Saachen, déi eng Gemeng einfach maache muss an eis Prioritéit läit weiderhi bei de Schoulen.

You don't have permission to register