Kleng Gesten, grouss Wierkung

De Cercle Bouliste et Culturel Belvaux-Metzerlach huet am Kader vu senger Fête de la Pétanque vum 26. bis 30. Juni 2024 säi 60te Gebuertsdag gefeiert. Mir waren donneschdes, fir den Ufank vun de Kompetitiounen, op d’Plaz luussen, fir mam aktuelle Präsident Patrick Majerus a mam Éierepräsident Norbert Greven d’Geschicht vum Veräin Revue passéieren ze loossen.

D’Schéinheet ass am Detail. Dat gëllt fir d’Petanque-Spill, mee och fir alles dat, wat am Laf vun de Jore ronderëm de Sport am Metzerlach geschitt ass. Aus der Iddi fir e Club gouf am Summer 1964 op engem Dëppefest Realitéit. De Cercle Boulevue Metzerlach gouf an d’Liewe geruff, an hat ënner der Presidence vum Grënner Josy Steffen, engem Escher Jong, ugangs en Deel vun der Parzell hannen um Wupp vum Roude Wee vum Interesseveräi gepacht. Do stoung dee Moment just eng Spillplaz. De kompletten Historique kann een am Buch noliesen, dat fir de Cinquantenaire erauskoum an alles akribesch genee retracéiert. Am Gespréich mam Patrick a mam Norbert kënnt et zu engem éischter perséinlech an emotionell gefierfte Mosaik, deen awer d’Essenz vum Veräin duerchblécke léisst: Et geet ëm d’Mënschen.

„Et war keng Jalousie do, well et hat keen eppes“, erënnert sech den Norbert Greven. „Am Quartier hu vill Italieener gewunnt, déi beim Entrepreneur oder op der Schmelz geschafft hunn. Einfach Leit, och vill aner Auslänner. Et war wéi Europa, mee am Klengen.“ De Patrick Majerus, Joergang 1963, ass als klenge Bouf mam Dräirad duerch de Véierel gefuer. An och hie war faszinéiert vun deem, wat hannert den Hecke lass war, wéi hie mat de Jicken an der Sandkaul niewendru gespillt huet. „D’Italieener hunn eis opgeholl. Et ware virun allem si, déi an Eegeregie alles opgebaut hunn. An du hues net vill gebraucht. Fir 200 Frang bass de dräi Bulle kafe gaangen. Mat 7-8 Joer konnt ech schonn hëllefen, wa mol ee gefeelt huet. A mat 10 Joer sinn ech du ganz bäikomm.“

Norbert Greven a Patrick Majerus

Den Norbert, deen en Tick méi al ass, seet, dass d’Metzerlacher Jonge gréisstendeels am Bielesser Fussball waren, an deels am Basket. Et wier näischt aneres do gewiescht. „Enn der 60er Jore koumen dunn awer eng 15 jonk Leit bäi an de Cercle, déi matgespillt a matgewildert hunn“, laacht hien. „Mir hunn heiansdo Boule gespillt, a mir sinn awer och alt op den Dreckstipp niewendru gaangen, fir Fläschen ze sammelen an ze verklappen. Do war e Schlakentipp, Weieren… du konnts der näischt Besseres virstellen!“ Et héiert een eraus, dass et eng reegelrecht Pionéierzäit am Metzerlach war, an de Boulevue war de soziale Melting Pot.

„D’Infrastruktur ass do vun de fréiere Generatiounen. Elo geet et drëms, se mat Liewen ze fëllen.“ – Patrick Majerus

Déi éischt grouss Aktivitéit war e Petanque-Turnéier am September 1965, an de Veräin huet duerno séier u Popularitéit gewonnen. Well et net duergaangen ass fir en eegene Championnat, hunn déi 3-4 Lëtzebuerger Ekippen am franséische Championnat du Bassin Lorrain matgespillt. „Wann s de wëlls um héijen Niveau spillen, da muss de ganz gutt sinn. A kee Béierchen dobäi, de Ricard scho guer net“, ënnersträicht den Norbert Greven. Hie war selwer eng Kéier mat op op eng Weltmeeschterschaft. Zu senger aktiver Zäit huet hie 4 Deeg d’Woch 2 Stonnen eleng fir sech trainéiert, a weekends ass hien dunn Turnéiere spille gaangen. „Do muss de ganz seriö sinn. D‘Konzentratioun mécht ganz vill beim Spill aus, an déi physesch Konditioun och. Den Don si vläicht 5%, de Rescht ass Training. Op engem anstännegen Turnéier, dat mëttes um 14 Auer ugeet a bis 22 Auer dauert, bass de um Enn 10-15 km getrëppelt“, rechent den Éierepräsident vir. Onmoosseg beandrockt war hie vum Fransous Philippe Quintais, deen de Schierener Veräin 2022 fir säin 10ten Anniversaire invitéiert hat. „Dee war 12 mol Champion de France, 17 mol Weltmeeschter. Dat ass eng Liga fir sech, sou wéi den Jordan am Basket. Op deen Niveau kënns de just duerch spillen, spillen, spillen.“

Duerch gemeinschaftlech Aarbecht ass de Site am Metzerlach an de Joerzéngten ëmmer weider gewuess, an all verdéngte Su gouf zeréck dran investéiert. Um Parking vum heitege Stella Rosa stoung fréier d’Don Bosco Kapell, déi Ufank der 70er Jore vun der Gemeinschaft fir 71.750 Frang kaaft, ofgeriicht an op der Plaz vum heitege Restauratiounssall erëm opgeriicht gouf. Et war hiren éischten iwwerdeckte Boulodrome mat 3 Terrainen, wou awer och heiansdo Discoe fir Jonker ofgehale goufen. Dës Hal gouf spéider duerch en nationale Boulodrome ersat.

„D’Wuert Culturel ass eréischt Ufank der 80er Joren am Numm bäikomm“, sou den Norbert Greven. An dat kënnt net vun ongeféier, well dem CBCBM säi Wierkungskrees war schonn ëmmer vill méi grouss wéi den Duerchmiesser vun enger Boule. „Du bass a Gesellschaft, du bass net sozial isoléiert an du léiers nei Leit kennen. 2006 hu mer ugefaangen, verschidde kleng Sektiounen an d’Liewen ze ruffen. Mir hu Memberen, déi gi Fëschen oder Scopa spillen, mee spille keng Boule.“ Fir de Krees vu potenzielle Membere méi grouss ze maachen, goufe mat der Federatioun zesummen d’Joueurs licenciés-loisirs agefouert. Et gëtt der ënnert den iwwer 700 Membere mëttlerweil 368, Tendenz steigend. „Déi Kategorie hat mat Leit ugefaangen, déi éischter 50+ waren. Haut hu mir vill Jonker dobäi, an et gëtt och e Loisirs Clubmeeschter. Zum Deel sinn der och schonn eriwwergewiesselt an d’Kompetitioun“, betount den Norbert houfreg, mam Verweis op de groussen Opwand, dee beim Recrutement bedriwwe gëtt.

„Et war keng Jalousie do, well et hat keen eppes.“ – Norbert Greven

„D’Infrastruktur ass do vun de fréiere Generatiounen. Elo geet et drëms, se mat Liewen ze fëllen“, spënnt de Patrick Majerus de Gedanke weider. „Alles geschitt op fräiwëlleger Basis.“ Et ginn doriwwer eraus och keng Spiller·innen importéiert. Et kritt ee säi Patt an säi Bréitche bezuelt, mee méi awer och net. Et gëtt dofir awer ganz staark mënschlech Verbindungen, zum Beispill zu Veräiner aus dem Ausland, wou mat de Joren déif Frëndschaften entstane sinn. „Et gëtt zum Beispill e Jumelage mat Ahrweiler an Däitschland, déi elo scho jorelaang heihinner kommen“, seet de Patrick nodenklech. „No der Héichwaasserkatastroph 2021 hu mer direkt vum Comité aus den Dag drop en Don en nom personnel un déi puer Kolleege gemaach, op hire perséinleche Konnt. Uschléissend huet de Club nach bäigeluecht an d’Spiller hunn och gesammelt. Et war nëmmen eng Drëps am Mier, wéi ee seet, mee dat sinn einfach Gesten, déi eis d’Leit vun do ni vergiess hunn.“ Genee esou eng staark Erënnerung ass fir hien e karitativen Turnéier, dee fir d’Kand vun engem Boule-Spiller organiséiert gi war. Mat de gesammelte Sue konnt d’Lara an eng Delfin-Therapie a Mexiko geschéckt ginn.

A ganz gudder Erënnerung huet den Norbert Greven de 25ten Anniversaire vum CBCBM, bei deem eng Dosen héichkaräteg Nationalekippen op Besuch waren. „Owes hu mir Eurovisioun gespillt, an all Land huet misste sangen. Mir hunn d’Hesperkutsch gesongen, mee kee Mënsch huet et verstanen“, grinst den Norbert. „D’Italieener ware bei mech komm a soten, si hätten e Cadeau fir eise Grand-Duc. Ech sot, dass dat ouni Audienz näischt géing ginn, mee mir kéinten eppes arrangéieren an hirem Numm. Si hunn eis eng Dose Fläsche ginn, an ech mengen dat war dee beschte Barolo, deen et jee ginn ass. En ass awer iertemlecherweis ni beim Grand-Duc ukomm. Mir hunn en owes bei eiser Spaghetti gedronk“, verzielt den Norbert, a kritt sech vu Laache bal net méi an.

De Cercle Bouliste et Culturel Belvaux-Metzerlach ass e Veräin am beschte Sënn vum Wuert, an den Zesummenhalt ënnert de Memberen ass och haut nach dat, wat d’Metzerlach präägt. Egal ob jonk oder al, egal ob vun hei oder vu wäit fort. An hirer Famill ass jiddereen·t wëllkomm.

You don't have permission to register