E Liewen am Déngscht vun aneren

Mënsche wéi de Steve an d’Bruna afferen hir Zäit an Energie fir hir Matmënschen ze schützen. Si äntweren op Noutfäll a behalen a schwéiere Situatiounen ee klore Kapp. Duerch perséinlech Erfarunge gi si een Abléck, wat si motivéiert sech ze engagéieren, d’Erausfuerderunge bei de Pompjeeën an d’Freed, déi dësen Engagement mat sech bréngt.

D’Engagement vun de Fräiwëllege bei de Pompjeeë kann duerch perséinlech Aspiratiounen, extern Aflëss oder einfach de Wëllen, en Ënnerscheed ze maachen, motivéiert sinn. Beim Bruna Neto huet d’Aventure mat 9 Joer ugefaangen, wéi säin Interessi fir d’Pompjeeë vu Bekannte vun den Elteren ervirgeruff gouf. „Ech war op der Sich no engem Hobby an hunn dofir decidéiert, dat Ganzt ze probéieren“, erkläert eis 21-järeg Interview-Partnerin. „Meng Elteren hu mech deemools gepusht, mee haut soen ech hinnen dofir Merci.“ Iwwert déi lescht Joren huet sech deen ufängleche Virwëtz an eng Leidenschaft entwéckelt. „Aneren ze hëllefe mécht den Ënnerscheed.“

De Steve Dadario, Lieutenant vum CIS a President vun der Amicale CIS Suessem-Déifferdeng (CIS SaDiff) war scho bei der Protection Civile aktiv. 1996 war et ganz einfach: „Du hues dech an de Cours gesat, du hues dech am jeeweilegen Zenter presentéiert – deemools war dat bei eis an der Rue du Stade zu Bieles – a sou bal de Chef vum Zenter säin Accord ginn huet, hues du duerfe lassleeën“, erzielt den 49-Järegen.

„Meng Elteren hu mech deemools gepusht, mee haut soen ech hinnen dofir Merci.“ – Bruna Neto, fräiwëlleg Pompjee

30 Joer méi spéit erënnert hie sech u säin éischten Éischt-Hëllef-Cours zu Bieles zeréck. „Deemools wosst ech net, dass dat esou ee groussen Deel vu mengem Liewe wäert anhuelen“, seet de Steve mat engem Grinsen. Säi fräiwëllegen Engagement als Pompjee ass belounend, bréngt awer och Erausfuerderunge mat sech, déi net ze ënnerschätze sinn. Well: De CGDIS besteet zum Groussdeel aus Fräiwëllegen. Laut offiziellen Zuele waren am Joer 2019 nach 90 Prozent vun hinne Fräiwëlleger. Hei an der Scheierhaffstrooss zielt den Zenter der 91, dozou kommen 21 Beruffspompjeeën. „Et gëtt vill vun de Fräiwëllege gefrot a mir si frou, der esou vill ze hunn“, erkläert de Lieutenant.

Formatioune sinn essenziell

De Steve preziséiert, dass dat, wat vun de Pompjeeë verlaangt gëtt, iwwert déi lescht Joren zougeholl huet. „Haut geet et net méi duer, ze hëllefen. Et muss ee genuch Formatiounne absolvéieren, strikt Norme respektéieren an ëmmer prett sinn, ze intervenéieren. Dat ka bis zu engem Joer daueren, bis ee wierklech op den Terrain kann. Fir verschiddener ass dat ze laang.“

Reegelméisseg gi Formatiounen organiséiert, fir dass all Member um neiste Stand ass, wat déi lescht Prozeduren, Techniken a Protokoller ugeet. „D’Formatioun ass essenziell fir eis Aarbecht. Mir mussen ëmmer kapabel sinn, richteg ze reagéieren, egal a wéi enger Situatioun“, erkläert d’Bruna. Dës Formatioune stäerken net just déi individuell Kompetenzen, mee och den Zesummenhalt an der Ekipp.

Bruna Neto

Bruna Neto

Steve Dadario

Steve Dadario

D’Reform vun de Rettungsdéngschter läit gutt fënnef Joer zeréck. Eng Reform, aus där de CGDIS, wéi mir en haut kennen, entstanen ass. Eng Reform, déi de Steve begréisst. „Dat, wat mir wollten, gouf ëmgesat. Et war einfach ze vill fir eis. Et wier anescht net méi méiglech gewiescht.“ Mat méi wéi +/- 6.000 Interventioune placéiert sech de SaDiff op eng drëtte Plaz, wat déi meescht Asätz am ganze Land ugeet. Ënnert dëse goufe 5.284 Interventiounen an der Ambulanz (wäisse Volet, wéi et am Fachjargon heescht) a 732 um Camion (roude Volet) gezielt. „Leschte Freiden hu mer 29 Interventiounen an der Ambulanz gezielt. 7 bis 8 bannent 8 Stonnen.“ Och wann net ëmmer alles esou ofleeft, wéi et soll, weess de Steve, dass d’Reformen Zäit hëlt.

Balance tëscht Privatliewen an Engagement

Fir d’Bruna kann dat Ganzt och mol méi stresseg ginn. „Et gi Momenter, wou s du dech a méi komplexe Situatiounen zeréck fënns.“ Hatt mengt domat ënnert anerem Noutfäll, op déi ee sech esou gutt wéi guer net preparéiere kann. Entspriechend Situatioune brauche vill perséinlecht Engagement. „Du muss Prioritéite setzen an Decisiounen huelen.“ Wärend hatt lescht Joer seng Premiere gemaach huet, huet d’Bruna all fräi Minutt genotzt, fir an den Zenter ze kommen. „Fir de Kapp fräi ze kréien, fir mat de Kolleegen ze sinn.“

Eng aner Erausfuerderung, do si sech béid Interviewpartner·innen eens, ass déi perséinlech a professionell Responsabilitéiten an Aklang ze bréngen. Fir de Steve steet d’Famill iwwert allem, mee hie muss trotzdeem vu Moment zu Moment seng Aarbecht als Pompjee prioriséieren. „Et ass e ganz delikaten Equiliber. Verschiddener wëlle sech dann net méi engagéieren an dat ass och ganz verständlech“, erkläert hien.

Trotz allen Challengen ass et essenziell, den Drock a Motivatioun ëmzewandelen. „Ech war scho bei enger Gebuert dobäi, dat war ee staarke Moment.“ De soziale Volet ass een aneren Aspekt. „Mir verbrénge vill Zäit hei am Zenter. Dowéinst gi mer esou vill zeréck.“

Den Alldag vun de Pompjeeën ass genee esou ofwiesslungsräich wéi erausfuerderend. D’Deeg gläiche sech ni a kënne vu Formatiounen, bis urgenten Interventiounen a soss Weiderbildunge goen. D’Bruna erkläert, dass all Schicht mat der nämmlechter minutiéiser Virbereedung ufänkt. „Virun all Sortie gëtt dat ganzt Equipement kontrolléiert. Dat ass een extreem wichtege Prozess fir eis Effikassitéit ze garantéieren“, erkläert hatt. Een Zeechen, wéi seriö de SaDiff hir Aarbecht hëlt a wéi wichteg hinnen d’Sécherheet vun hire Matmënschen ass.

Kultur vu Komerodschaft

Op där anerer Säit erlieft d’Ekipp op der Scheierhaffstrooss vill flott a kollegial Momenter. D’Bruna fänkt un ze erzielen: „Mir kachen zesummen, mir maachen zesumme Sport. No engem stressegen Dag hëlleft dat, ofzeschalten.“ De CIS krut eng ganz nei top equipéiert Kichen. Mir gi wärend eisem Besuch och mat an hire Sportsall matgeholl, wou alles ze fannen ass, wann ee sech gutt auspowere wëll. D’Solidaritéit am Team ass dat, wat dat Ganzt esou speziell mécht. An deem Kader komme béid op den traditionelle Specknomëtte vum SaDiff ze schwätzen, ee beléifte Rendez-vous, deen all Joer grouss am Kalenner steet.

De Steve erzielt och vun enger Situatioun a senger Karriär, deen hie markéiert huet. „Et gi Momenter, déi een ni vergësst. Heiansdo hu mer onerwaart Situatiounen, déi eis perplex zeréckloossen, esou d’Gebuert vun Zwillingen, wéi dat bei mir de Fall war. Mir waren zu zwee, den Thomas war um Wee Infirmier ze ginn an eben ech. Et war kee Samu disponibel zu deem Moment an ech wosst och net, dass dee Moment zwee Puppelcher gebuer géife ginn.“ De Steve huet d‘Geschwëster um Gank vum Spidol zu Esch op d’Welt bruecht. „Wéi de Lift opgaangen ass, stoung d’Personal do. Si hu mer op d’Schëller geklappt a mir gratuléiert. Elo laachen ech, mee deemools hunn ech gemengt, dass ech dout ëmfale géif.“

Fir d’Bruna bedeit all Laachen an all Geste eng onbeschreiflech Belounung. „All Kéier, wann eng Persoun, där mir gehollef hunn, d’Spidol nees verlooss kann, soen ech mir, dass dat alles derwäert ass.“ Och wa si esou vill gutt Momenter erliewen, sinn et déi schwiereg Situatiounen, déi an Erënnerung bleiwen. „Ech war scho bei e puer schwéieren Accidenter dobäi. Et war schlëmm an dat léisst dech net lass. Mir hu missten Decisiounen huelen a richteg reagéieren. Dat markéiert dech”, erzielt hatt. De Steve stëmmt senger Kolleegin zou. „Dat léisst kee kal, weder déi, déi scho méi laang dobäi sinn, nach déi méi jonk. Mir hunn awer déi néideg Moyenen, fir psychologesch ënnerstëtzt ze ginn. Dofir ass et och éischter rar, dass een no esou enger Erfarung e Schlussstréch ënnert seng Karriär zitt.“

D’Engagement vu Leit wéi dem Bruna an dem Steve fierft am beschte Fall op anerer of. An deem Sënn ënnersträicht de Steve, dass all neie Member seng perséinlech Perspektive mat bréngt – also nei Kompetenzen, déi d’Ekipp am Endeffekt stäerken. „Mir sinn ëmmer frou, nei motivéiert Leit bei eis opzehuelen. Mir hate Stand elo dëst Joer eng 15 Kandidaten. Eng Porte Ouverte bréngt an deem Kontext awer manner. Mir hunn och leider weder d’Zäit nach d’Moyenen, dat och nach ze organiséieren – een, dee wierklech motivéiert ass, kënnt sech einfach bei eis virstellen.“

„Et ass e ganz delikaten Equiliber. Verschiddener wëlle sech dann net méi engagéieren an dat ass och ganz verständlech.“ – Steve Dadario, CIS-Lieutenant a President vun der Amicale CIS SaDiff

An d’Zukunft gëtt et net méi einfach, nei Gesiichter ze fannen. „Eisen CIS ka sech net bekloen, mee d’Direktive vum CGDIS änneren“, erkläert den Amicale-SaDiff-President. „Iergendwann muss eisen Zenter pro Ekipp mat 16 Leit besat sinn. Aktuell sinn et der 10. An der Moyenne.“ Dofir ass et eng Prioritéit fir de Fokus op jonk, motivéiert Leit ze setzen. Besonnesch déi Jonk aus dem SaDiff brauche sech net ze verstoppen: Si waren dëst Joer op der internationaler Olympiad vun de Pompjeeën zu Borgo Valsugana present an hu sech mat den zwou Ekippe super placéiert.

Ofschléissend kënne mer eppes mat Sécherheet soen: De Asaz vun de Fräiwëllege wéi vum Steve a Bruna sinn een Zeechen, wéi wäit sech verschidde Mënschen an eiser Gesellschaft a fir eis Gesellschaft engagéieren. Si stelle sech Erausfuerderungen, mee fannen och Momenter voller Freed a genéissen d’Zäit ënnert (Aarbechts-)Kolleeg·innen. Hir Determinatioun, aneren ze hëllefen a sech fir d’Communautéit anzesetzen, si wichteg Piliere vum Volontariat. Letztendlech ass d’Aarbecht vun hinnen een Ausdrock vu Courage, deen et verdéngt, an de Gemenge gefeiert a gefërdert ze ginn.

 

You don't have permission to register