De Weekend vum 26. a 27. Oktober 2024 waren am ale Museksall zu Suessem kreativ Workshops am Kader vun de Youth Culture Days. De Code Club Luxembourg hat Jonker ab 10 Joer invitéiert, fir sech bei Logik- a Konschtaufgabe mat enger Programméiersprooch auserneen ze setzen. Mir hu beim Tüftelen nogekuckt.
Wéi mir sonndes ukommen, dämpen d’Käpp scho beim Atelier Cyber-Art. An der Entrée begréisst eis d’Presidentin vum Code Club Luxembourg mat engem Laachen am Gesiicht. „Wann ee bis d’Roboteren oder d’Rapsberry Pi (e ganz einfache Computer, u sech eng Platinn, déi fir Edukatiounszwecker entwéckelt gouf) eraushëlt, ass d’Begeeschterung grouss“, sou d‘Marie-Paule Freyeisen. De Kanner hir Aufgab ass et, e Roboter esou ze programméieren an ze steieren, dass en herno um Enn vum Workshop e Konschtwierk mole kann.
Déi didaktesch Basis kënnt vun der internationaler Daachorganisatioun an England, déi zur Fondatioun Raspberry Pi gehéiert. Jonk Mënsche sollen hire Potenzial duerch digital Technologien a Computing notzen, wëll heeschen: zilorientéiert mat Computeren an Algorithme schaffen, op eng accessibel a spilleresch Manéier. „Wéi dir hei gesitt, gehéiert d’Kollaboratioun an d’Schaffen a Gruppen och dozou. Et ass ee quasi opgefuerdert, sech mat aneren auszetauschen“, erkläert d’Marie-Paule, dat der ASBL ufanks just bei der Iwwersetzung vu Course gehollef hat, well dës eigentlech op Englesch sinn. Schlussendlech huet si awer iergendwann Verantwortung iwwerholl. „Doriwwer eraus gëtt et e Mentoring bei eis.“
Ëm dee këmmert sech ënner anerem ee vun de Co-Fondateure vum Code Club Luxembourg, deen d’Iddi 2013 importéiert hat. Et mierkt een, dass de Patrick Welfringer, den eenzegen Employé vun der ASBL, en Drot zu de Kanner huet. Beim Atelier zu Suessem erkläert hien net nëmmen, wat ze maachen ass, mee geet individuell op d’Froen an d’Propose vun deene Jonken an. „Duerch meng Studien a Kolleegen hat ech virun 11 Joer matkritt, dass sech an England eppes géing doen. D’Iddi war gutt, well ech hat virdru scho selwer probéiert, meng Kanner un d’Programméieren ze kréien. Mee Kanner hu keng Gedold, an ouni Virlagen oder roude Fuedem geet et net“, behaapt de Patrick, dee mat senger Internetclique deemools d’Fundament zu Lëtzebuerg geschaf huet.
An de leschten zwee Joer hunn 2 Millioune jonk Leit an iwwer 100 Länner matgemaach. „Mir hu mëttlerweil eng stabil Partnerschaft mam Service national de la jeunesse (SNJ), wou och de Makerspace am Forum Geesseknäppchen an der Stad dozou gehéiert. All jonke Mënsch tëscht 8 an 30 Joer ka vu méindes bis freides nomëttes dohi kommen a mat moderner Technologie bastelen a schaffen. Et sinn ëmmer Coachen do fir den Encadrement“, schwäermt de Mentor, deen dräi Deeg an der Woch fir den SNJ schafft an zwee Deeg fir de Code Club.
„Et ass keng Zauberei.“ – Marie-Paule Freyeisen
Interessanterweis schwätzt ee beim Code Club net vu „Lektiounen“, déi d’Kanner maachen, mee vu „Projeten“. An déi bauen openeen op. „Mir schaffe mat der Programméiersprooch Scratch, déi vum MIT (Massachusetts Institute of Technology) entwéckelt gouf. Déi ass perfekt fir Ufänger. Et kann een sech net vertippen oder eppes falsch kodéieren, well et schafft ee mat Bausteng, déi matenee verbonne ginn“, präziséiert de Patrick Welfringer. De Kanner mierkt een d’Freed un, dës ze kombinéieren an ëmmer méi komplex Strukturen ze bauen. „Et gi Studien dozou aus England. Kanner, déi programméieren, schneide besser of am logeschen Denken. Well et muss ee sech ufanks jo ëmmer d’Fro stellen, wat ee maache wëll.“
Am Fachjargon schwätzt ee vu Computational Thinking. E Problem gëtt a kleng Stécker zerluecht. „Wann dat a mengem Kapp kloer ass, da kënnt de Coding“, féiert de Patrick de Gedanke weider. „Kanner hu keng Hemmungen, eppes auszeprobéieren. Déi wichtegst Lektioun fir d’Liewen ass déi, dass et net ëmmer nëmmen eng Léisung fir e Problem gëtt. Heiansdo ass et besser, déi méi einfach Léisung ze huele wéi déi, déi méi séier ass.“
Zum Grupp, deen de Workshop begleet, zielt och de Mondher Labidi. „Ech sinn duerch perséinlech Recherchen op de Club gestouss, well mäi Bouf wierklech gutt am Programméieren ass, an ech selwer Informatiker sinn“, sou de Fräiwëllegen, deem säin eelstent Meedchen och Online-Coursen an der Programmatioun mécht. „Hatt programméiert zum Deel scho Spiller fir seng Geschwëster. Fir ee vu menge Bouwen hunn ech am Keller eng Zort Labo opgebaut, an hie gëtt scho ganz gutt eens.“
Senger Meenung no misst all Kand programméiere léieren. „Logik, Organisatioun, kognitiv Flexibilitéit … et léiert een, dass Schwieregkeete keng Obstakele sinn, mee Challengen, an och Gedold ze hunn. Dat mécht Loscht, Léisungen ze fannen“, schlussfollgert de Mondher, deen et wichteg fënnt, aktiv eppes ze kreéieren, an net nëmme passiv·e Konsument·in ze sinn. „Programméieren ass eng universell Sprooch. Doriwwer eraus ginn ëmmer Programméierer gesicht. Hei am Land gëtt et e grousse Besoin.“
„Kanner hu keng Hemmungen, eppes auszeprobéieren.“ – Patrick Welfringer
De Mondher Labidi huet ee Joer laang zu Esch am Club matgemaach, mee géif gär een an der Gemeng Suessem an d’Liewe ruffen. D’ASBL selwer ass och drop aus, iwwerall am Land Präsenz ze weisen. „Mir grënnen iwwerall do Clibb, wou mir Fräiwëlleger fannen“, sou de Patrick Welfringer. D’Marie-Paule Freyeisen ergänzt: „Et kann ee jo net vu jidderengem erwaarden, an d’Stad ze kommen. Duerch Corona hate mir e klengt Lach, wou mir Leit verluer hunn. Coache bleiwen dacks wärend 3, 4 Joer, mee wann hir Kanner da méi grouss ginn, da falen se ewech. Dat forcéiert eis och, eis selwer reegelméisseg a Fro ze stellen“, sou d‘Presidentin. Och bei de Meedercher gewënnt Coding ëmmer méi u Popularitéit, an et komme Jonker aus alle Schichte vun der Gesellschaft.
„Fir ze starte brauche mir just e Sall an 2-3 Benevoller. Et brauch ee kee Virwësse wat Coding oder Computeren ugeet. Mir maache fir d’éischt e Background-Check, an d’Leit ginn dann iwwer insgesamt 10 Stonne vun eis pädagogesch an technesch forméiert. Duerno kann et scho lassgoen.“ D’Clibb gesi sech normalerweis eng Stonn pro Woch. De Code Club stellt d’Material zur Verfügung. Doriwwer eraus ginn et vill Online-Ressourcen a -Formatiounen.
„Et ass keng Zauberei“, ënnersträicht d’Marie-Paule. „Wann e Coach mol net weider weess, hunn d’Kanner dacks eng Léisung. Et ass flott, d’Evolutioun vun de Kanner ze gesinn. Eng Partie vun hinnen, déi elo am Alter si fir op d’Uni ze goen, studéieren esouguer Programméieren. An iwwert de Club sinn der och schonn op international Competitioune geschéckt ginn.“
Interesséiert? Da mellt iech:
Start e Club als Fräiwëllegen
Schreift iech a fir um Lafenden ze bleiwen:
Newsletter