D‘Menopause betrëfft all Fraen a steet fir en neie Ofschnëtt an hirem Liewen. Well et awer nach vill Informatiounsbedarf iwwer d’Menopause a virun allem och iwwer d’Perimenopause gëtt, hat sech eise Festsall den 18. Mäerz 2025 séier gefëllt. Ënnert dem haaptsächlech aus Frae bestoende Public hu sech och zwee engagéiert Männer befonnt, déi hir Frae begleet hunn. Mat vill Fachwëssen, Empathie, Charme a Passioun fir de Sujet huet d‘Conferencière Diane Elsen eis Participant·innen duerch den Owend gefouert a vill wäertvoll Informatioune mat hinne gedeelt.
D’Diane Elsen ass engagéiert, fir d’Tabuen iwwert d’Menopause ze briechen an esou d’Gesondheet vun de Fraen an de Mëttelpunkt ze réckelen. Si selwer zielt ganz oppe vun hirer Erfarung. Heibäi betount si e puer Mol wärend dem Owend: „Ech si keng Doktesch. Ech deele meng perséinlech Erfarunge mat iech. Wat fir mech richteg war, muss net op iech passen.“ Et wier wichteg, mat de responsabele Medezinner·innen d’Risiken ofzeweien an dann eng Decisioun ze huelen.
Wat versteet een eigentlech ënnert den Terme Perimenopause a Menopause?
Bei der Menopause handelt et sech theoretesch ëm deen Dag, ab deem eng Fra hir Reegel net méi kritt. Wat vill Frae méi staark wéinst den ënnerschiddlechste Symptomer betrëfft, ass d’Perimenopause. Hei schwätze mir vun der Transitiounsphas um Wee bei d’Menopause. Wärend dëser Phas kënnt et zu deels chaoteschen Zoustänn am Fraekierper. D’Diane Elsen nennt et léif „Chaos am Orchester“. Onreegelméisseg Reegelen, méi oder manner staark Reegelen, grouss Middegkeet, onroueg Nuechten, Reizbarkeet, Gedankelächer, d’Glidder, déi wéi dinn – dat sinn nëmmen e puer Symptomer, déi sech an der Perimenopause bemierkbar maache kënnen.
Ee Fun-Fact, dee fir en eestëmmegt Raunen am Sall gesuergt huet: D’Vapeuren an d’Schweessufäll an der Nuecht ginn net vun den Eeërstäck ausgeléist, mee tatsächlech vum Gehier. Dëst ënnersträicht nach eng Kéier, wéi komplex an zesummenhängend déi hormonell Verännerungen am Fraekierper sinn. Dass d’Perimenopause, respektiv d’Menopause Auswierkungen op dat privat, ma och dat professionellt Liewen huet, steet ausser Fro. Sidd dir an enger Bezéiung, sou ass et essenziell, dass dir iech matdeelt an oppen domat ëmgitt. Grad esou kënnt dir dës Oppenheet – wann dir et fir néideg haalt an iech wuel spiert – och am Frëndeskrees un den Dag leeën. Am Beruffsliewe stelle Fraen dacks fest, dass si sech manner gutt konzentréiere kënnen. De Punkt, dass d‘Gedold mat den Aarbechtskolleeg·innen oder de Clienten ofhëlt, bréngt de Public am Festsall vun der Gemeng zum Laachen.
Fir den Owend auskléngen ze loossen huet d’Diane Elsen jidderengem eng Lëscht mat Preventiounsstrategien an de 6 follgende Beräicher mat op de Wee ginn:
- Mediterran-asiatesch Ernärung
- Erhuelsame Schlof
- Kierperlech aktiv
- Gestioun vum Stress – säi Wuelbefanne prioriséieren
- Communautéit
- Medezineschen Encadrement– Preparatioun vum RDV mam Dokter oder der Doktesch
Alles an allem war dës Konferenz net nëmmen en informativen Owend, mee soll och e wichtegt Zeeche setzen, fir dësem Theema méi Opmierksamkeet ze schenken. De menopauséierende Fraen ze weisen, dass si net eleng sinn an dass et verschidde Méiglechkeete ginn, déi hinnen hëllefe kënnen a schwieregen Zäiten. Besonnesch schéi war et och ze gesinn, dass zwee Männer den Owend materlieft hunn, fir hir Fraen ze ënnerstëtzen a sech selwer ze informéieren. Hutt dir Froen zum Theema, esou kënnt dir d’Diane Elsen op Instagram fannen (@womanhood.luxembourg) oder och gären eise Service à l’Égalité des chances et Diversité uschreiwe per Mail op service.secd@suessem.lu
Fotoen: Max Staus