Freidesowes, den 20. Mee 2022, gouf et am Artikuss eng net alldeeglech Ovatioun. Keen aneren ewéi de Jean-Claude Juncker gouf am Kader vun enger feierlecher Zeremonie zum Éirebierger vun der Gemeng Suessem genannt.
D’Decisioun fir dem fréiere Bielesser (1956 bis 1979) dësen aussergewéinlechen Titel ze ginn, hat de Gemengerot schonns am Dezember 2019 eestëmmeg geholl. Nodeems Covid19-bedingt laang no engem Datum gesicht gouf, war et ëmsou méi schéin, datt sech eng 200 Leit den 20. Mee afonnt haten, fir dem berüümte Kand aus der Gemeng d’Éier ze erweisen.
D’Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz ass an hirer Ried dorop agaangen, datt de fréiere Staatsminister a President vun der Europäescher Kommissioun seng Wuerzelen ni vergiess huet. D’Gemeng Suessem, a besonnesch Bieles a säi Quartier ronderëm d’Escher Strooss hunn him ëmmer um Häerz geleeën a säi politescht Schafe beaflosst. An deem Sënn wier et un der Zäit als Gemeng eppes zeréckzeginn, esou d’Simone Asselborn-Bintz, an de Jean-Claude Juncker Éirebierger ze nennen.*
Den Arsène Schiltz, Kandheets- a Schoulkolleeg vum Laureat, huet doropshin vun der enger oder anerer Spiicht erzielt, déi si am Roude Wee, bei de Massendénger oder och nach bei de Scouten zesummen erlieft hunn. Mol goung et ëm eng Kuel Weirauch, déi den Auto vum Paschtouer bal a Flame gesat huet, mol ëm ee Meedchen, dat si allebéid ganz an der Rei fonnt hunn.
Den nationalen Deel vum CSV-Politiker senger Vita gouf dono vum Jean Spautz ofgedeckt. Den 91-järege fréiere Chambers-President huet hie quasi säi ganzt Liewe begleet a konnt sou och dovunner erzielen, wéi de Junckesch Jos de Jean-Claude schonns als ganz klenge Bouf mat op Gewerkschaftssitzunge bruecht huet a wéi interesséiert dëse vun ufanks u bei dësen Theeme war.
Als Iwwerraschung gouf et dono Gléckwënsch aus hallef Europa fir den Éiregaascht. Sou haten ë.a. d’Angela Merkel, d’Ursula von der Leyen oder och nach de Wolfgang Schäuble sech et net huele gelooss, fir hirem fréiere Komerod per Bréif oder Videomessage ze gratuléieren.
A senger Ried ass de laangjärege Premier dono virun allem op d’Schmelz agaangen a wéi ee groussen Afloss dës op hien als Bouf hat. Datt hien all Dag um kuerz viru 14.00 Auer dem Schichtwiessel op senger Trap nogekuckt huet an datt “d’Musek” vun den Héichiewen den Alldag vun de Leit bestëmmt huet. An deem Sënn wier hien och ganz frou, datt hien als ale Bielesser mathëllefe konnt, datt d’Universitéit sech um Belval néier gelooss huet. Mat engem Schmunzelen huet de Jean-Claude Juncker dovunner erzielt, datt hien a senger aler Heemecht ëmmer aussergewéinlech gutt Walresultater gemaach huet a gestëppelt, datt d’Gemeng Suessem sech wuel aus véier Uertschaften zesummesetzt, mee “Bieles einfach Bieles” wier.
Des Weideren huet hie sengem Laudator a Mentor Jean Spautz esouwéi sengen “exzellente” Schoulmeeschteren am Roude Wee Merci gesot a betount, datt hien ouni dës net do wier, wou hien haut ass. Ofschléissend huet de Jean-Claude Juncker nach eemol de perséinleche Stellewäert vun dëser Éierung ënnerstrach. Hien hätt schonns vill Auszeechnungen op der ganzer Welt krut, mee dës géif hie besonnesch houfreg maachen, well hie genee wéisst, firwat se wier.
Niewent dem offiziellen Titel vum Éirebierger krut de Mann vum Owend eng stole Skulptur (Titel Intégration) vum Jhang Meis iwwerreecht. Fir de musikaleschen Encadrement huet d’Bieleser Musek gesuergt, an der de Jean-Claude Juncker selwer eng Zäitchen engagéiert war.
*De Jean-Claude Juncker ass insgesamt de 5. Éirebierger vun der Gemeng Suessem. Virdru goufe schonns de Camille, Léon, Marcel a Pierre Cigrang ausgezeechent. D’Famill Cigrang huet d‘Societéit Cobelfret (eng Transport- a Logistikfirma) gegrënnt an zwee Schëffer Belval a Belvaux genannt.