Mythen a Märercher

De Méindeg, 18. November 2024 war am Festsall vun der Gemeng zu Bieles en Theemenowend als Ofschloss vum Ëmweltjoer. Zil war et, e kritesche Bléck op d’Virurteeler ronderëm d’Elektromobilitéit ze geheien, an zwar aus dräi verschiddene Perspektiven. Mir hunn déi interessantst Aussoen erausgepléckt.

Lauschtert den integrale Matschnëtt vun der Konferenz:

De Marvin Rassel schafft bei SWIO, enger Entreprise, déi Komplettléisunge fir d’Luedinfrastruktur vu Privatleit an Entreprisen ubitt. An enger neier Joint Venture hu si sech verflicht, fir 1.000 nei ëffentlech Luedstatiounen ze bauen.

Ausso 1:

„Wat een dacks héiert, dat ass, dass eist Stroumnetz dat guer net géing packen. Mir hunn awer d’Chance hei zu Lëtzebuerg, dass mir Netzbedreiwer hunn, déi vorausschauend schaffen. Mir gesinn et um Beispill Living Lab (engem Projet vu Creos), wou si an engem Quartier Simulatioune mat Idealhaiser maachen, an deenen een elektresch Autoe mat Bornen, Wärmepompelen, Batterien a Photovoltaik huet. Wann ee spéider lauter esou Idealhaiser huet, wéi wäert eist Netz drop reagéieren? A wéi musse mer d’Netz verstäerken oder ausbauen, fir dat alles kënnen ze maachen?

Wa mir vun haut op muer alleguerten elektresch géife fueren a lueden, kéint et vläicht a gewësse Géigenden e bësse méi enk ginn. Mee dat wäert net de Fall sinn. Et kann een donieft mat Smart-Charging-Léisungen entgéintkommen a ganz vill bewierken. Ech menge finanziell ass et och fir den Netzbedreiwer net interessant – an och fir eis alleguerten net –, wann deen d’Netz elo mat Vollgas géif komplett ausbauen, fir dass mir iwwermuer prett sinn, wann d’Elektromobilitéit komplett zouschléit. Dat gëtt Step by Step gemaach. Ausserdeem gëtt et och europäesch Reegelungen.“

Ausso 2:

„Wat d’AC-Lueden, also dat „luest“ Lueden, ugeet, huet sech den Typ-2-Stecker als Standard duerchgesat, a fir d’Schnelllueden den CCS-Stecker. Domat huet ee scho mol manner Huddel. Haaptverkafsargument fir Autoen ass nieft der Batterieautonomie ëmmer méi och de Car Connect. An Zukunft wäert et d’Leit ëmmer manner interesséieren, wéi vill Päerd en Auto huet, an éischter, wéi d’Connectivitéit ass. Mir schwätzen awer allgemeng ze wéineg driwwer, firwat den Elektroauto Sënn mécht, a mussen d’Leit opklären. Et kann ee mat erneierbarer Energie fueren, an et ass extrem praktesch. All Mënsch hat sech den Hype sécherlech méi intensiv virgestallt, mee d’Nofro wäert kommen.“

Ausso 3:

„Wat d’Luedstatiounen ugeet, maache mir pro Joer eng 300-400 Installatiounen, wouvunner de Gros Eefamilljenhaiser sinn. An ech menge bei deene krute mir och nach ni e Refus fir eng Born. Mir mussen nämlech ëmmer eng Demande beim Netzbedreiwer maachen. Residenze sinn e bësse méi komplizéiert. Do musse mir de Bedreiwer froen, wéi vill Capacitéit an enger Residenz nach do ass, well déi gouf am Bau net onbedéngt fir d’Elektromobilitéit dimensionéiert. Wann et zum Beispill 10 Parteie sinn, da kënne mir hinnen net all soen, dass si mat 11 kW kënne lueden. Mir schaffen da mat Loadmanagement an och mat Smart-Charging-Systemen.

An Zukunft wäert et och ëmmer méi a Richtung vu Batterien als Tëschepuffer goen. Den energeetesche Flux muss gesteiert ginn. Wann d’Residenz zum Beispill eng Photovoltaik huet, kann e Managementsystem och Batterië lueden, wann d’Produktioun vun der Photovoltaik am héchsten ass. An enger Residenz ass et och esou: et si Leit, déi op engem bestëmmten Dag owes lueden, anerer net. Iwwer Nuecht huet ee gutt a gär zwielef Stonnen, wou een de Flux tëscht den Autoe ka spille loossen, fir dass bis moies all Mënsch gelueden huet.“

Marvin Rassel

Marvin Rassel

Jeff Mangers

Jeff Mangers

Mat engem Hannergrond am Maschinnebau huet de Jeff Mangers 2022 säin Doktorat an der Analys vun End-of-Life-Prozesser gemaach. Säi Spezialgebitt ass d’Kreeslafwirtschaft.

Ausso 1:

„De LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) huet e ganz flotte Simulatiounstool (klicken!). Et kann ee säin Autosmodell eraussichen, an zwee Autoe matenee vergläichen, zum Beispill e Verbrenner mat engem Elektroauto. Et gëtt een un, wéi vill Kilometer een an der Moyenne fiert, an da gesäit een am Fong, ab wéini deen Elektroauto manner CO2 géif verbrauche wéi de Verbrenner. Mécht esou en Auto zum Beispill Sënn, wann ech just 5.000 Kilometer am Joer fueren?“

Ausso 2:

„Wat méi Batterien op de Marché kommen, wat mir natierlech och besser mussen oppassen, wéi mer déi weider benotze kënnen. Ech hu viru kuerzem eng Entreprise matgegrënnt, e Spin-Off vun der Uni. Bei CRAB Traceability Systems kucke mir, wéi den Design muss ausgesinn, fir dass mir eng Batterie kënnen zeréckhuelen. Kann een se auserneen huelen? Kann een se recycelen? Kreeslafwirtschaft bedeit: Et stécht ee vill Energie a Suen an e Produit, fir eng Valeur ze kreéieren, déi duerno dann esou laang wéi méiglech soll kënne genotzt ginn. En Elektroauto kënnt iergendwann an de Recycling oder gëtt auserneegeholl. Kënnt een un d’Batterie? Kënne mer se entlueden? Wat maache mir mat deenen eenzelne Stécker? Dorobber fokusséiere mir eis.

Mir hunn en Tool entwéckelt (klicken!), mat deem een sech am Fong e Produit wéi eng Batterie digital erstelle kann. Duerno kann ee simuléiere loossen, ob déi gutt oder schlecht designt ass, an ob eng Firma wéi Circu Li-ion (Upcycling Startup fir Batterien zu Féiz) se erëm auserneegebaut kritt. De Präis ass e wichtege Faktor, mee och d’Unzuel u Komponenten an d’Sécherheet. Wann ech eng Batterie net all Kéier muss nei hierstellen, hunn ech déi Ressourcë gespuert. D’Standardiséierung wier dofir e ganz wichtege Punkt. Mee d’Hiersteller wëllen am Fong net, dass een se selwer kann auserneenhuelen.“

Ausso 3:

„Bei der Photovoltaik erliewe mir elo déi éischt grouss Well vun Anlagen, déi erofgeholl ginn. Fir eng Zuel an de Raum ze geheien: 2030 rechnen se domat, dass an Europa ëm déi 100.000 Tonne Batterië vun Elektroautoen zeréck wäerte kommen. Do muss et dann eng Infrastruktur ginn, fir dat opzehuelen. Dat ass eng Chance fir Europa, well wann déi all zeréckkommen, hu mir d’Ressourcen am Fong hei. Mir mussen d’Materialien net méi siche goen a si méi onofhängeg. Dat pass perfekt bei d’Linn, eisen eegene Stroum ze produzéieren.“

Lucien Reger

Lucien Reger

De Lucien Reger ass zanter den 80er Jore ganz aktiv an den nohaltegen Theemen an huet och scho 6 Joer laang Spaass un der Elektromobilitéit. Als Familljepapp an Entrepreneur huet hie vill länger Trajeten um Bockel a kann aus Erfarung schwätzen.

Ausso 1:

„Wat d’Nohaltegkeet ugeet, muss een ëmmer d’Integralitéit vun der Belaaschtung kucken. Rechent een zum Beispill den Transport vum Äerdueleg mat de Schëffer aus dem Produktiounsland heihinner mat an, da sinn et scho gravéierend Ënnerscheeder, ab wéini en Elektroauto ekologesch méi sënnvoll ass. Mam Elektroauto gëtt et och kee Smog a Groussstied, an da muss een och soen: Et ass dat eenzegt Transportmëttel, dat op d‘mannst theoreetesch mat Wand, Sonnen- an nohaltegen Energië ka bedriwwe ginn. En Elektroauto ass net nëmme vum ekologesche Standpunkt en Avantage. Et ass och en extreem rouegt Fueren, an et ass fantastesch dran ze sëtzen, wenn e beschleunegt an esou weider. A puncto Revisioune gëtt et esou gutt wéi näischt, wat ufält.“

Ausso 2:

„Ech hu ganz bewosst keng Born doheem. Mäin Auto huet 449 Kilometer Autonomie, a menger Fra hiren huet 250 Kilometer Autonomie. Mir lueden ëmmer op der ganz normaler Haussteckdous, a mir hunn den Auto mol net all Nuecht ugeschloss. Déi Dous huet allerdéngs en Iwwerhëtzungsschutz, an et muss een oppassen, dass een sech eng installéiere léisst, déi bei Dauerbelaaschtung sécher ass.“

Ausso 3:

„Déi längste Rees mam Elektroauto, déi mir gemaach hunn, war op Warschau. Dat geet wonnerbar. Dat waren ëm déi 1.600 Kilometer, an och am Oste gëtt et scho flächendeckend Luedstatiounen. Allerdéngs ass een ëmmer ganz gutt beroden, sech eng App erofzelueden, fir d’Statiounen ze fannen. Et gëtt verschiddener, an am Beschte verléisst ee sech net nëmme just op eng. An Däitschland an Éisträich gëtt et Borne vun ENBW, wou ee sech eng Kéier umelle muss, an den Auto gëtt duerno ëmmer automatesch erkannt.“

You don't have permission to register