Den Ëmweltkalenner vun der Gemeng Suessem ass Traditioun. Genee esou bleift et fir eis eng Prioritéit mat lokalen Illustrator·innen zesummenzeschaffen. Fir d’Editioun 2025 hat nees all Mount talentéiert Artist·innen den Challenge, verschidden Theme ronderëm Nohaltegkeet ëmzesetzen. De Lionel Demarville huet de Mount Abrëll illustréiert. Am Interview erzielt hie méi vu sech.
Wéi eng Geschicht oder Iddi stécht hannert denger Illustratioun fir de Mount Februar?
Fir meng Illustratioun hunn ech probéiert, op spilleresch Aart a Weis den Impakt vu Plastik op eisen Alldag ze weisen – an dee fënnt sech virun allem an den Ozeaner erëm. D‘Déieren aus dem Mier als eng Mëschung vun organeschen a plasteschen Elementer duerzestellen, huet vläicht eng méi direkt Wierkung op d’Bewosstsi vun de Leit. Et geet jo och drëm, datt mir dat indirekt iessen.
Dat hänkt och direkt mat der drëtter Fro zesummen, wat mäi Stil ausmécht. De Fësch an d’Quall mat Formen oder Deeler, déi u fortgeheite Plastiksposchen erënneren, goufe ganz kloer dovu beaflosst.
Wéi eng Momenter an dengem Alldag inspiréieren dech am meeschte fir däi kreative Schafen?
Ech kann net genee soen, wat mech am Alldag inspiréiert, mee ech spille gäre mat där Grenz, déi tëscht Realitéit a Fiktioun läit – do, wou et ufänkt komesch oder friem ze ginn.
Wéi beschreifs du däi Stil an dräi Wierder? Wéi een Aspekt dovun huet deng Illustratioun fir den Ëmweltkalenner gepräägt?
Organesch, Mutatioun, Popkultur.
Wéi eng Plaz hëlt Nohaltegkeet an dengem Liewen an?
D’Nohaltegkeet huet schonn eng wichteg Plaz a mengem Alldag. Mä trotz den eegene Beméiunge mengen ech, dass et eng seriö iwwergräifend Politik muss ginn, déi d’Ëmwelt an all Beräich – wirtschaftlech, sozial an aner – mat abezitt, fir wierklech e reellen Impakt ze hunn.
Wéi een Nohaltegkeet-Tipp gëss du eis, deen s du selwer och gären ëmsetzt?
Et ass e bëssen d’Suitte vun der viregter Fro, mee ech mengen, mir missten als éischt eis gesamt Situatioun nei ënner d’Lupp huelen. Den ëffentlechen Transport auszebauen an d’Gratuitéit bäizebehalen, hätt scho fir sech een immens positiven Impakt.
Dir wëllt weider Projete vum Lionel entdecken? Hei geet et bei säin Instagram-Account.
All d’Illustratiounen an dësem Artikel © Lionel Demarville