Den Ëmweltkalenner vun der Gemeng Suessem ass Traditioun. Genee esou bleift et fir eis eng Prioritéit mat lokalen Illustrator·innen zesummenzeschaffen. Fir d’Editioun 2025 hat nees all Mount talentéiert Artist·innen den Challenge, verschidden Theme ronderëm Nohaltegkeet ëmzesetzen. D’Daphne Fu huet de Mount Mäerz illustréiert. Am Interview erzielt hatt méi vu sech.
Wéi eng Geschicht oder Iddi stécht hannert denger Illustratioun fir de Mount Mäerz?
D’Iddi hannert menger Illustratioun fir de Mount Mäerz ass et, Geméis a Friichten ze illustréieren, déi een um lokale Baueremaart fanne kann. Déi frou kleng Gesiichter vum Geméis spigelen d’Léift an d’Leidenschaft, déi d’Baueren an hir Aarbecht stiechen.
Wéi eng Momenter an dengem Alldag inspiréieren dech am meeschte fir däi kreative Schafen?
Alles ka mech a mengem Alldag inspiréieren. D’Couverture vu Bicher, d’Natur, Pinterest (hihi), Famill a Frënd·innen. D’Inspiratioun ass iwwerall.
Wéi beschreifs du däi Stil an dräi Wierder? Wéi een Aspekt dovun huet deng Illustratioun fir den Ëmweltkalenner gepräägt?
Fun, Cute & Colourful. All dräi Aspekter spigele sech a menger Illustratioun fir de Mount Mäerz erëm.
Wann s de net de Mäerz, mee en anere Mount häss kënnen illustréieren, wéi ee wier et gewiescht? Wéi eng Iddi häss de fir dee Mount ëmgesat?
Wann ech en anere Mount kéint wielen, wier et den Abrëll gewiescht Urban Gardening: Food around the corner. Ech wollt eng Zort Greenhouse-Appartement-Hybrid maachen, wou Tomate, Kornischongen a Kraider erauswuessen, mat engem Meedchen dat d’Geméis nätzt.
Wéi eng Plaz hëlt Nohaltegkeet an dengem Liewen an?
Fir mech hëlt d’Nohaltegkeet ee groussen Deel a mengem Liewen an. Ech benotzen ëmmer mäi Vëlo fir op d’Aarbecht ze fueren oder akafen ze goen. Et ass net nëmmen nohalteg, mee et léisst mech och méi beweegen, ewéi just an engem Auto ze sëtzen.
Wéi een Nohaltegkeetsipp gëss du eis, deen s du selwer gären ëmsetz?
Ech géif probéiere meng Saachen ze flécken, amplaz se ewechzegeheien. Et schéngt mir, wéi wann d’Saache méi bëlleg ginn an Objeten net (méi) gemaach sinn, fir laang ze halen. An et ass méi einfach/bëlleg et ze ersetzen amplaz et ze flécken. Dofir géif ech gäre léieren, wéi ech et besser ka maachen.
Dir wëllt weider Projete vum Daphne entdecken? Hei geet et bei säin Instagram-Account.
All d’Illustratiounen an dësem Artikel © Daphne Fu