Iwwer d’Hallschent vum Bësch zu Lëtzebuerg ass an Hänn vu Privatleit. Ëmsou méi wichteg, dass déijéineg, déi esou eng Parzell besëtzen och duerno kucken. Ëmmer nees wëssen d’Leit awer guer net, dass si Bëschbesëtzer·inne sinn. En Ausfluch an de Bësch mam Suessemer Fierschter Claude Assel.
„Kommt, mir fuere mat mengem Auto, da gi mer eis de Bësch zesummen ukucken.“ De Claude Assel sëtzt sech hannert d’Steier vu sengem Déngschtauto, op deem grouss den ANF-Logo (ANF: Administration de la Nature et des Forêts/Naturverwaltung) pecht. Mir si vum klenge Parking um Gaalgebierg aus ënnerwee a säi Revéier, de Bësch. Oder wéi de Fierschter en nennt: „De wëlle Park. De Bësch ass esou mosaikaarteg opgebaut, dass et éischter engem Park gläicht. Wosst dir, dass dat hei déi bëschäermste Regioun ass? Et ass näischt Schlëmmes, iergendee muss jo op der leschter Plaz sinn“, betount de Claude a laacht.
Wann esou vill Bësch – ëm déi 55% – an den Hänn vu 14.000 Mënschen ass, dann hänkt d’Qualitéit vun dësem vu ganz ville Leit of. „Dofir ass et sou wichteg, dass jiddereen dobäi hëlleft, dass et eise Bëscher gutt geet.“ De gebiertegen Dikrecher ass Fierschter duerch an duerch a kann op 40 Joer Erfarung zeréckblécken. De Claude weess, dass et ëmmer nees Leit ginn, déi net wëssen, dass si Bësch besëtzen. Mat de Parzellen ass et esou: Déi meescht si säit Joren a Familljenhand. Wéi d’Leit dat wëssen? „Dat gouf zum Beispill an engem Akt festgehalen.“ Wéi gesot, sinn esou Fäll awer net d’Reegel. „Komm, mer spillen dat mol duerch“, seet de Claude an hëlt seng Tablett ervir, déi hie mat Hëllef vun enger Aart Rimm queesch um Kierper hänken huet. „Hei hu mer de Geoportail, do kanns de dat alles nokucken“, seet hien a fänkt un um Bildschierm ronderëm ze tippen.
„Du kucks jo och no dengem Haus, dass do alles an der Rei ass. Genee esou muss de et mat denger Parzell maachen.“ – Claude Assel
Puer Sekonnen drop gëtt eis déi Plaz ugewisen, wou mir eis grad befannen. D’Parzellen um Ecran sinn duerch nummeréiert a verschidden agefierft. D’Faarf gëtt un, ob et sech ëm staatlechen, kommunalen oder private Bësch handelt. „Um Site kanns de och d‘GPS-Donnéeën ofgräifen.“ Hien hëlt eng kleng Maschinn aus der Täsch. „Wann s de déi dann an esou ee GPS-Gerät agëss, féiert dat dech direkt op déi gesichte Plaz.“ A scho sti mir an esou enger Parzell, déi een Deel vum grousse Ganzen ass. Gëtt een·t mam Geoportail net eens, steet de Claude als Beroder zur Säit. „Da kucke mer zesummen, wou se ass, wat ee ka maachen, respektiv wat Sënn mécht.“
Natierlech ginn et och puer Reegelen, un déi sech Leit mat enger Parzell hale sollen. Dat neit Bëschgesetz, dat leschte Summer an der Chamber ugeholl gouf a säit Oktober a Kraaft ass, setzt de legale Kader. „Wéi vill Holz aus der eegener Parzell erausgedroen duerf ginn, ass festgeluecht – bei iwwer 40 Kubikmeter muss een eng Demande eraginn“, erkläert de Fierschter. Hien nennt e weidert Beispill. „Huele mer un, du wëlls e ‚Kahlschlag‘ maachen. Dat geet net einfach esou. Do muss gekuckt ginn, ob dat autoriséiert ka ginn. Ass dat de Fall, kritt déi jeeweileg Persoun gesot, dass op där Plaz och nogeplanzt muss ginn, sou dass mir de Bëschcharakter bäibehalen.“
De Suessemer Fierschter fënnt et eng gutt Saach, dass de Bësch net eleng vum Staat oder de Gemenge geréiert gëtt. „Natierlech bréngt dat och mol heiansdo Problemer mat sech.“ Bei Privatparzellen ass et nämlech esou, wéi den Numm et schonn seet, dass Persoune vun ausserhalb Autorisatiounen ufroe mussen, wann eppes op deem Deel Bësch gemaach soll ginn. „Wéi hei – du hues esou vill Weeër“, erkläert de Claude a weist mat der Hand ronderëm eis, „sief et fir ze trëppelen, ze lafen oder fir mam Mountainbike. Hues de do eng Privatparzell dotëscht, muss ech bei eis beim Service, dee sech dorëm këmmert, ufroen, wiem dës parzell gehéiert. Wa mir dann den Accord vun der Privatpersoun kréien, kënne mir dee kranke Bam ewechmaachen.“ An der Reegel soll sech jiddereen·t selwer dorëm këmmeren, „mir kéinte si do och opfuerderen, dat ze maachen. Dat ass awer mat Momenter e bësse schwéierfälleg. Dat Ganzt ass jo am Interêt vun der Allgemengheet.“ Et géif och scho mol duergoen, op de Bam ze klammen a just puer Äscht ofzedroen, ouni de ganze Bam ewechzehuelen.
„Da kucke mer zesummen, wou se ass, wat ee ka maachen, respektiv wat Sënn mécht.“ – Claude Assel
Nieft dem Gesetz an de Reegelen ass den Zéngjoresplang e weidere wichtege Bausteen am Kader vun enger nohalteger Bëschbewirtschaftung, preziséiert de Claude, wärenddeem hien eis méi wäit an de Bësch guidéiert. Hie kuckt ronderëm sech. „Et ass ganz einfach: Wa mir festleeën, wat an eise Bëscher geschéie soll, geschitt dat net no der Laun vum Fierschter. Mir hu gewësse Virgaben a Richtlinnen, déi an deem Plang festgehale sinn. A wéi bei all Betrib ass bei eise Bëscher och den Inventar dat Wichtegst: Wat hu mer? Wou sti mer? Wat sinn eis Stäerkten? Wou wëlle mer hin? Am Plang deen elo ausleeft gouf ënnert anerem festgehalen, dass mer jonk Bëscher brauchen, fir an Zukunft déck Beem do stoen ze hunn. Dat brauch jo seng Zäit.“
Hie weist op e puer Stämm virun eis. „Dat do ass jonkt Geméis – déi hu mer viru knapp 10 Joer geplanzt.“ D’Beem géigeniwwer sinn e bësse méi grouss wéi mir. Zil ass et also, eis Bëscher nees gesond ze kréien – den Inventaire Phytosanitaire, deen eng Partie Beem ënnert d’Lupp geholl huet, bréngt et op de Punkt: 14% hu guer kee Schued, méi wéi all 2. Bam ass schwéier geschiedegt an 12% sinn entweder schonn ofgestuerwen oder sinn net méi wäit dovu wech. „Mir brauchen e gesonde Mix vu verschidde Beemaarten“, ënnersträicht de Fierschter, „well wann eemol eng Kränkt optrëtt, da muss net alles ewech gemaach ginn. Da geet just een Deel vum Bësch futti. Wann alles homogeen ass, bleift an esou Fäll net méi vill iwwreg.“
Wisou d’Wuelergoe vun eise Bëscher all Privatbesëtzer·in eppes ugoe soll, wier einfach ze erklären. „Du kucks jo och no dengem Haus, dass do alles an der Rei ass. Genee esou muss de et mat denger Parzell maachen.“ Nieft dem Notze vum Bëschholz (Brennholz, Parquet, Paletten, Pobeierholzindustrie) ass a bleift d’Gesondheet vum Bësch eng Prioritéit. „Wa mer net duerno kucken a jong Beem eropkréien, kënne mer an Zukunft och keng déck Beem do stoen hunn.“ Éier e weider aushëlt, wandert säi Bléck an de Bësch eran, erop an d’Kroune vun de Beem. „Ech ka puer Grënn opzielen: Engersäits produzéiert de Bësch ganz vill Sauerstoff“ – dozou musse mer net vill méi soen. „Anerersäits kann esou een Hektar 50 Tonne Stëbs d’Joer erausfilteren. Dat gëtt och ëmmer nees vergiess.“ E weidert Argument, en nohaltege Bëschmanagement virunzedreiwen: Grad an Zäite vun ëmmer méi Dréchenten, bitt de Bësch eng ideal Méiglechkeet, den extreemen Temperature kuerz ze entkommen. „Mir hunn hei all di kleng Koppen“, preziséiert de Claude a kuckt ronderëm sech, „di kal Loft geet also erof an d’Uertschaften an et gëtt alles ëm e puer Grad ofgekillt.“
De Claude ass hei, wéi hie selwer seet, den „Alleinverwalter“. „Jo, et ass e bëssen eng One-Man-Show, mee déi aner schaffe genee esou. Ech schaffen awer och vill mat anere Servicer zesummen an ech si frou, dass ech op déi ziele kann. An tëscht Fierschter tauscht ee sech och aus.“ Responsabele Fierschter ze sinn hätt seng mol méi, mol manner spannend Momenter. Besonnesch gefällt dem Claude, dass hien de Bësch no senge Virstellunge gestalte kann. „Ech hunn zum Deel de Grondsteen fir déi nächst Fierschtere geluecht.“ E fänkt u mat grinsen. „Wann déi soen, dass ech nëmme Quatsch gemaach hunn, da si si domat geplot.“