Flow Music Festival 2024

De Flow Music Festival huet vum 19. bis 21. Juli fir eng 4. Kéier an de Park um Belval invitéiert.

3 Deeg laang gëtt an enger eenzegaarteger Kuliss de Fokus op d’Lëtzebuerger Musekszeen gesat, tëscht den Héichiewen an dem Zolwerknapp.

Nieft lëtzebuergeschen Artists a Bands war et d’Premiere vun eisem Flowmaart Design Market, op deem lokal Creators an Designers hir Illustratiounen, Grafiken, Schmuck a ganz vill méi samschdes a sonndes ausgestallt hunn. Bei verschiddene konnt am Kader vun eenzelne Workshops jiddereen·t selwer zeechnen, kreéieren an der Fantasie fräie Laf loossen: Egal ob T-Shirte bedrécken, Kappketten aus Blummen oder Poschen aus Baatschen, der Kreativitéit goufe keng Grenze gesat.

Freides hu mer mat enger DJ-Night an de Weekend gestart, wou ënnert anerem de WazToo, den Dama an den Duo Tasso & Mitch op der Bün stoungen. Samschdes goung et viru mat Foreigners, Skuto, Mutiny on the Bounty, De Läb a Mambo Schinki. Sonndes war de groussen Ofschloss vum Flow mat Laurent Unchained, Jackie Moontan, The Tame and the Wild, CHAiLD a Balthasar-Rosenfeld-Moreira.

Eis Gewënner·inne vum Open Call hunn all Owend als éischt op der Bün de Public begréisst: freides war et de Mathieu Moës, samsches d’Emily Grogan mat senger Band a sonndes d’Mallows.

Eis grouss Fotosgalerie gëtt et op flowfestival.lu.

Mat der Serie “NOISE” sidd dir um Bols vun der Kultur an der Gemeng Suessem.

You don't have permission to register