Géigesäiteg Hëllef

Sech eleng fille wëll keen, an awer si vill Leit betraff. Fir deem entgéint ze wierke bitt de Service IRIS vun der Lëtzebuerger Croix-Rouge ee fräiwëllegen Encadrement un, dat op nolauschteren a Presenz opbaut. Duerch reegelméisseg Treffen ënnerstëtzen d‘Benevolle Persounen, déi dat wëllen, an droen esou zu richtege mënschleche Verbindunge bäi.

Op engem sonnege Samschdeg am Mäerz hu mir e Rendez-vous bei der Madamm Suzette doheem. Si empfänkt eis mat engem breede Laachen, gemitterlech an hirem Rollstull sëtzend. Nieft hir steet d’Vanessa, eng Benevolle beim Service IRIS vun der Croix-Rouge. Tëscht deenen zwee ass iwwert déi lescht Méint eng staark Verbindung entstane mat vill Laachen, Zesummenhalt an – wéi mir spéider gewuer ginn – enger gemeinsamer Léift fir Schockela. Wéi d’Vanessa fir d’éischt vum Service IRIS héieren huet, duecht hatt sech: „Firwat eigentlech net?“ Gebierteg aus der Géigend ronderëm Paräis, lieft hatt zënter e puer Joer zu Lëtzebuerg. „Ech hunn hei net vill Famill“, erzielt hatt eis, „also hat an hunn ech genuch Zäit.“ Sou huet hatt 2023, no enger Formatioun vun 2 Méint, als Benevolle bei der Croix-Rouge ugefaangen. Hir éischt Renconter? „Mir hate vun Ufank un een Drot zu eneen“, seet d’Vanessa. Nieft him laacht d’Madamm Suzette a seet: „Oh jo, direkt!“

D’Yanica Reichel, Koordinatorin vum Service, erkläert, datt déi éischt Renconteren ëmmer vun engem Member vun der Ekipp begleet ginn. „Et ass e Moment, wou jidderee sech e bëssen onsécher fillt a sech freet, ob et klappt.“ Hei war séier kloer: Et passt perfekt. Zanter annerhallwem Joer besicht d’Vanessa d’Madamm Suzette all Samschdeg – heiansdo och sonndes, wann et den Dag virdrun net geet. „Ënnert der Woch ass si gutt beschäftegt mat de Leit vun anere Servicer, mee de Weekend ass si eleng, also kommen ech dann“, seet eist Géigeniwwer.

„Et ass eng richteg Frëndschaft entstanen an ech si frou, datt et sech esou entwéckelt huet.“ – Vanessa, Benevole beim Service IRIS

Déi zwou Frae verbréngen dës Stonnen zesumme bei der Madamm Suzette doheem. „Si geet net sou dacks eraus, an am Rollstull ass et net ëmmer einfach. Mee d’Zäit verflitt wéi am Fluch, wann ee sech gutt versteet“, verréit d’Vanessa. Um Programm sti gutt Gespréicher, Kaffi, Schockela an digital Nohëllef. „Et vergësst een zwar vill, mee de Laptop geet nach ëmmer“, seet d’Madamm Suzette a grinst. An a Punkto d’Technologie géif si sech och debrouilléieren. „Mat hirem iPhone kennt si sech scho richteg gutt aus“, erkläert d’Vanessa a laacht.

Een Engagement vu béide Säiten

An dësem Duo ass Flexibilitéit den A an O. „Keng Visitt ass wéi déi aner, et ass ëmmer anescht“, betount d’Vanessa. Gutt Gesellschaft an – am wichtegsten – eng Präsenz, déi Wäermt ausstraalt. „Et muss een net vill maachen, einfach do sinn“, ënnersträicht d’Yanica Reichel.

De Choix vun zukünftege Benevolle gëtt ganz duerchduecht gemaach. „Mir sichen ëmmer no Leit, déi geografesch no sinn a déi Sprooch vun der concernéierter Persoun schwätzen. Et geet net just ëm eng einfach Vermëttlung, mir wëlle richteg Bezéiunge schafen“, erkläert déi Responsabel vum Service. D’Vanessa hat Gléck: Déi éischt Renconter war ee vollen Erfolleg. „Mir kéinten och Frëndinne sinn“, seet d’Madamm Suzette a laacht d’Vanessa un. De Service IRIS sicht aktuell nei Benevollen, besonnesch Leit, déi Lëtzebuergesch schwätzen. Fir vill Beneficiairen ass hir Mammesprooch wichteg, dofir besteet e grousse Besoin u Fräiwëllegen, déi d’Sprooch beherrschen, betount d’Yanica Reichel. Eng nei Formatioun fänkt am Abrëll un an all interesséiert Persoun ass häerzlech invitéiert, sech anzeschreiwen.

Méi ewéi just e Benevolat – eng Frëndschaft

Iwwer Méint huet d’Relatioun tëscht dem Vanessa an der Madamm Suzette sech verdéift. „Et ass eng richteg Frëndschaft entstanen an ech si frou, datt et sech esou entwéckelt huet“, seet d’Vanessa. Eng Verbindung, déi souguer hir Famill mat abezitt: Hir Mamm an hir Duechter hunn d’Madamm Suzette scho kennegeléiert. „Et war mir wichteg, si hinne virzestellen,“ erzielt d’Vanessa mat vill Emotioun.

D’Madamm Suzette denkt gären un dëst Treffen zeréck. Fir d’Yanica Reichel ass et genee dat, wat dëse Kontakt esou wäertvoll mécht: „D’Vanessa kennt den Alldag vun der Madamm Suzette, a si léiert och e bëssen dee vum Vanessa kennen. Et ass e richtegen Austausch.“ D’Benevollen hunn d’Méiglechkeet, hir Famill an hiert Engagement mat anzebannen, ënnert der Konditioun, dass dat ofgeschwat an akzeptéiert ass. „E puer komme mat hire Kanner oder engem Familljemember – dat mécht d’Erfarung nach méi wäertvoll“, ergänzt d’Psychologin vun der Croix-Rouge.

„Et muss een net vill maachen, einfach do sinn.“ – Yanica Reichel, Service IRIS vun der Croix-Rouge

Si bewonnert béid Fraen. „An esou Accompagnementer kritt jidderee eppes a jidderee kritt eppes zeréck. Et geet net nëmmen ëm d’Hëllef, mee ëm e ganz déiwe mënschlechen Austausch.“ Fir de Service IRIS ass eng gewësse Stabilitéit essenziell. „Ideal ass et, sech fir op d’mannst ee bis zwee Joer z’engagéieren. Ze vill Changement si net gutt.“ D’Vanessa gesäit dat och esou: „Wann ech zwou Woche Congé hunn, ass keen do, fir mech ze ersetzen. Da maache mir eng kleng Paus.“ D’Madamm Suzette schmunzelt: „Ech waarden da bis d‘Vanessa erëm do ass.“

Ee laangfristegt Engagement

D’Geschicht vu béide Frae weist, wat Benevolat bedeite kann: een déifgräifend Engagement, dat béide Säiten eppes gëtt. Hir Relatioun beweist, datt och ee klengen Zäitinvest e groussen Impakt kann hunn. D’Madamm Suzette bréngt et op de Punkt: „Elo, wou ech mäi Vanessa hunn, sinn ech frou!“

Dir wëllt iech beim Service IRIS engagéieren? Méi Informatiounen um Site vun der Croix-Rouge.

You don't have permission to register