Wann d’Waasser klëmmt

Eng Naturgewalt kann een net ophalen. Mee et kann een dofir suergen, de Schued esou kleng wéi méiglech ze halen. D’Gemeng Suessem wäert dëst Joer eng Etüd ofschléissen, déi Schwaachstelle bei Staarkreen identifizéiert a systematesch analyséiert, fir duerno konkret Moossnamen an de véier Uertschaften ëmzesetzen. E Réckhaltebecken huet an der Nidderkuerer Strooss zu Suessem jo schonn Entlaaschtung bruecht. Donieft kann all Awunner·in a Géigenden, wou et riskéiert Héichwaasser ze ginn, präventiv handelen oder am Noutfall déi richteg Reflexer kennen.

Et ass wéi eng Checklëscht, déi een duerchgoe kann, fir dass een am Eeschtfall der Naturgewalt net ausgeliwwert ass.

Preparatioun am Virfeld

– Kullangen a Réier propper halen: Wann dës verstoppt sinn, leeft de Ree laanscht d’Hausmauer erof a kann esou an d’Gebai erakommen.

– Drockdicht Fënsteren an Dieren installéieren: Dës Bauelementer halen de Waasserdrock vu baussen aus – virausgesat, si si richteg agebaut an zougespaart. Mobil Dammbalken aus Aluminium ginn och gäre benotzt, déi am Noutfall baussent dem Haus an déi dofir geduechte Schinnen agesat ginn, fir dem Waasser de Wee ze verspären, z. B. virun der Garagenafaart.

– Buedem a Wänn schützen a Leitungen ofdichten: Reen- a Grondwaasser sammelt sech am Buedem ronderëm d’Haus a ka vu baussen Drock op d’Kellerwänn maache resp. andréngen. Speziell Beschichtunge schützen d’Haus an Drainagë ginn dem Waasser keng Méiglechkeet, sech ze stauen. All d’Plazen, wou Leitungen an d’Haus erakommen (Stroum, Gas, asw.), musse waasseronduerchlässeg versigelt sinn.

– Réckstausécherung abauen: Bei Staarkree ka Waasser bis zum Réckstauniveau zeréckstauen, an doduerch leeft Waasser duerch d’Kanalisatioun zeréck an d’Richtung vum Haus. Réckstauklappe ginn automatesch zou, wann dëst geschitt. Et gi verschidde Modeller, déi entweder automatesch oder manuell funktionéieren. D’Leitungen am Haus (Toiletten, Dusch, asw.) ginn domadder virum Iwwerlafe geschützt.

Eng gutt Präventioun ass domadder scho mol garantéiert. Wann d’Waasser effektiv eng Kéier klëmmt, kënnt et op déi néideg Reflexer un.

Richteg handelen

– Previsiounen am A behalen: Wann AGE / MeteoLux eng Alerte ausléisen, gëtt dës iwwer LU-alert.lu un d’Bevëlkerung kommunizéiert. Dann heescht et: Roueg bleiwen an d’Situatioun aschätzen. Kuckt, dass ären Handy voll gelueden ass an haalt eng Powerbänk an och eng Täscheluucht mat Ersatzbatterië prett. Dir sidd domat erreechbar a kënnt och ouni Stroum äre Wee fannen. Et ass och ni schlecht, e puer Gummisstiwwelen an Iess- a Waasserreserven am Haus ze hunn.

Alerte Jaune, Niveau de vigilance N3:
Et kéint Héichwaasser ginn.
Alerte Orange, Niveau de vigilance N2:
Et wäert plazeweis am Land Héichwaasser ginn.
Alerte Rouge, Niveau de vigilance N1:
Vill Plazen am Land wäerte groussflächeg vun Héichwaasser betraff sinn.

– Stroum an Heizung ausmaachen: Wann d’Gefor ronderëm äert Haus akut gëtt, sollt dir an deene Beräicher vum Haus de Stroum ausschalten, wou d’Waasser kéint hi kommen. Och d’Heizung sollt ausgeschalt an den Approvisionnement zougedréint ginn, fir Schued un der Anlag resp. eng Kontaminatioun mat ë.a. Mazout ze verhënneren.

– Sensibel Saachen op eng sécher Plaz bréngen: Loosst keng wäertvoll Saachen am Keller leien a bréngt souwuel wichteg Dokumenter, Medikamenter, wéi och geféierlech Objeten a Substanzen op méi héich geleeë Plazen am Haus. Loosst den Auto wa méiglech net an der Déifgarage stoen, réckelt en awer och net méi, wann d’Waasser an der Garage scho klëmmt. Fuert net a gespaarte Stroossen eran an haalt iech un d’Deviatiounen.

– Haus vu bausse sécheren: Fënsteren an Dieren zoumaachen, an – falls disponibel – Sandsäck resp. Dammbalke virum Haus positionéieren.

– Eege Sécherheet garantéieren: Gitt net onnéideg bei oder an d’Héichwaasser. Kanaldeckele kënnen z. B. duerch de Waasserdrock erausgehuewe ginn, an duerch dat dréift Waasser gesäit een d’Lächer net. Wann d’Waasser schonn an de Keller leeft, kéint d’Dier hannert engem zougoen an duerch de Waasserdrock blockéieren. Wann dir anzwousch hi gitt, sot engem Bescheed. Evitéiert all onnéidegen Deplacement, an haalt iech op der Plaz un d’Consignë vu CGDIS a Police. Den 112 soll just am Noutfall ugeruff ginn, wann also Liewensgefor besteet, geféierlech Substanzen auslafen oder d’Gebai trotz Schutzmoossname staark beschiedegt ass.

Interessant ze wëssen: Bei Flosshéichwaasser klëmmt de Peegel iwwer méi e laangen Zäitraum éischter lues. Bei Staarkree kann d’Waasser wéinst der enormer Dynamik schonn an Zäit vun e puer Minutte geféierlech ginn. Déi genee Plaz an Zäit vu Staarkeenepisoden ass schwéier virauszesoen an d’Zäit, am Virfeld ze warnen, fält deemno méi kuerz aus. D’Gefore si bei béiden änlech.

Wann et eriwwer ass

– Iwwerluecht ofpompelen: Wann d’Peegelstänn falen, muss een oppassen, wéi de Keller eidel gepompelt gëtt. Geschitt dat ze séier, kéint d’Struktur vum Gebai beschiedegt ginn, z. B. wa vu baussen nach vill Waasser widdert d’Kellermaueren dréckt. D’Fauschtreegel ass: Eréischt wann de Waasserpeegel baussent dem Haus méi déif ass wéi am Keller, soll een ufänken, Schrëtt fir Schrëtt eidel ze pompelen. Frot Fachpersonal ëm Rot.

– Schued dokumentéieren: Haalt d’Situatioun nom Héichwaasser mat Foto resp. Video fest, besonnesch ier gréisser Raumaktiounen oder Reparaturaarbechte stattfannen.

– Ofdréchnen a botzen: Nom Eidelpompele solle Bulli a Knascht esou séier wéi méiglech ewechgemaach ginn, ier et dréchent a méi schwéier ze besäitegen ass. Déi betraffe Raim solle mat Heizgeräter an Entfiichter séier dréche gemaach ginn, fir Schimmel ze evitéieren. Falls gréisser Schied entstane sinn, denkt iwwert d’Optioun no, Fachleit mat anzebannen.

Finanziell Ënnerstëtzung

D’Gemeng huet eng Etude an Optrag ginn, déi zesumme mam Ëmweltministère an an enker Zesummenaarbecht mat der Waasserverwaltung duerchgefouert gëtt. An deem Kader wäerte Risikogebidder identifizéiert ginn. Déi betraffen Awunner·innen a Betriber hunn doduerch d’Méiglechkeet, finanziell Hëllef beim Staat unzefroen an ufalend Käschte bei Adaptatiounen a Schutzmoossnamen an Héicht vu bis zu 75 Prozent rembourséiert ze kréien. De Betrag ass gedeckelt bei 20.000 Euro fir Eefamilljenhaiser, 40.000 Euro fir Méifamilljenhaiser a 75.000 Euro fir Gebaier vun Entreprisen.

Informéiert iech bei der Waasserverwaltung iwwer dës Fërderung (klicken!).

Wichteg Ulafplazen

CGDIS
📞 112

Police
📞 113

Service Technique vun der Gemeng
📞 59 30 75 – 420 (wärend de Bürosstonnen)
📞 59 30 75 – 1 (ausserhalb vun de Bürosstonnen)
mail@suessem.lu

Wiederprevisiounen
meteolux.lu

Héichwaasserprevisioun
inondations.lu

Verhalensrecommandatiounen
infocrise.lu

Alerten
lu-alert.lu

You don't have permission to register