Op RTL Télé Lëtzebuerg respektiv YouTube leeft nach bis den 30. Mäerz 2025 déi zweet Staffel vun der Science-Challenge-Show „Take Off”, fir déi sech dat lescht Joer iwwer 150 Jonker tëscht 15 an 21 Joer gemellt haten. Zwee dovun aus eiser Gemeng hunn et bei 12 Kandidat·innen ënner déi véier lescht gepackt. Mir hu si um Belval begéint, fir méi iwwer hir Erfarung virun an hannert der Kamera gewuer ze ginn.

D’Präisgeld vun 10.000 Euro fir déi éischt Plaz ass schonn impressionant. Mä et ass net de Cash, dee Jonker motivéiert, bei „Take Off” matzemaachen. D’Emissioun op RTL, déi eng Kollaboratioun tëscht der André Losch Fondatioun an dem Fonds National de la Recherche ass, huet zanter hirem Start 2023 bei de jonke Wëssenschaftsbegeeschterten e Fonken ausgeléist. „Ech hu schonn als Kand gär Sendunge wéi ‚1, 2 oder 3‘ respektiv den ‚Tigerenten Club‘ gekuckt. Et war ëmmer en Dram, eng Kéier bei esou eppes matzemaachen. Ech war onsécher, fir mech fir Staffel 2 vun ‚Take Off‘ unzemellen. Wéi ech d’Reklamm dunn awer eng Kéier moies um Radio héieren hunn a meng Mamm gefrot hunn, ob ech mech melle sollt, hunn ech et spontan moies um Wee an d’Schoul gemaach.“ De Lenny Meyers wunnt zu Bieles, geet awer zu Iechternach an d’Internat an an de Lycée. De 17-Järegen huet vill ausserschoulesch Projeten a sicht d’Erausfuerderung.

„Ech war jo u sech schonn erausgeflunn, mee dëse Sonnden (9. Mäerz 2025) war ech ee vu véier Stéck, déi d’Chance haten, erëm eranzekommen. De Maxime an ech hu bei der Challenge mat Ethanol e Rakéitenauto misste bauen. Mir hu getest a getest, an iergendwann hu mer gemierkt, dass e Lach, dat eng bestëmmte Form huet, misst an de Stopp gemaach ginn.“ Mat ganz vill Chance ass den Auto no enger 360-Grad-Dréiung iwwer d’Linn gaangen. De Lenny ass dem Maxime vu Freed an den Aarm gesprongen. „Deen Adrenalinschub, deen s de an der Sendung kriss, ass einfach en immenst Gefill. Du bass nämlech konzentréiert an engem Tunnel dran. Du weess am Virfeld net, wat kënnt, mee du weess awer, dass de performe muss. Dat Gefill wäert mir feelen no der Sendung.“

Lenny Meyers

De Public weess eréischt Enn Mäerz, wien déi zweet Staffel gewënnt. Et ass de Schluss vun engem laange Prozess fir déi zwee jonk Sciencebegeeschtert aus der Suessemer Gemeng. Den éischten Episod gouf dat lescht Joer am Summer zu Veiane gedréint. Déi éischt Studioepisode waren dunn am August, am November koume weider Studioepisoden dobäi an d’Final gouf am Januar 2025 opgezeechent. De Lenny huet an eisem Gespréich näischt gespoilert, genee esou wéineg den Tim.

„Bei der éischter Staffel hunn ech d‘Challengen ëmmer doheem matgemaach. Dat huet een an der Schoul éischter manner, do ass et meeschtens just Theorie. Hei konnt ee säi Wësse praktesch uwenden, wat cool ass.“ Den Tim Dupont wunnt zu Zolwer a geet an de Lycée Hubert Clément zu Esch. Hien ass am Schachclub a geet och an d’Scouten. Nieft e bësse Fitness ass seng grouss Leidenschaft awer d’Wëssenschaft. „Ech hat mech virun zwee Joer scho fir déi éischt Staffel ugemellt, mee et war net duergaangen. E Kolleeg vu mir war awer dobäi, an huet mech herno gepusht, fir bei Staffel 2 matzemaachen. Esou eng Chance huet een nëmmen ee mol am Liewen.“ Dee flottsten Challenge war dem Tim no d’Science Show. “Et hat ee vill Zäit fir flott Experimenter ze maachen, an et war net de Stress wéi soss. Et konnt ee sech virbereeden. D’Reaktioune vum Publikum waren och staark.“ De Lenny kontert: „Ech fannen et méi flott, wann een net weess, wat kënnt.“ Dat war bis elo och éischter de Fall bei der Science Show.

„Mäi gréissten Dram wier et, herno meng eege Firma ze grënnen.“ – Tim Dupont

D’Konzept ronderëm kniwweleg wëssenschaftlech Aufgabe kënnt aus Estland, wou eng änlech Produktioun mam Numm „Rakett69“ scho jorelaang mat vill Succès leeft. Bei „Take Off“ stécht vill Aarbecht an engem fäerdegen Episod. Et fänkt u mat der méintelaanger Preparatioun vun den Challengen an der Produktioun, iwwer d’Tournagen déi sech iwwer e puer Méint zéien, bis hin zum fäerdege Montage, dee pro Episod ongeféier zwou Wochen dauert. „Hannert de Kulisse war et méi witzeg, wéi ech mir et virgestallt hat“, sou den Tim. „An de Bloopers kritt een e bëssen eppes dovu mat. Et goufen zum Beispill am Studio ëmmer Witzer gemaach iwwer de Mikro, deen een am ganze Sall héiert. Dat war och gutt, well et war méi stresseg, wéi et an de fäerdegen Episoden ausgesäit.“ Et sinn u sech ëmmer dräi Etappen, déi gefilmt ginn. „Wann een déi éischt zwou verkackt hat, da wousst een, dass een um Enn vum Dag am Duell misst untrieden. Déi puer Stonne waarde war e bëssen eng Folter.“

D’Konscht vun der Gedold

De Lenny deelt déi Meenung. „Dat ustrengendst war net d’Schaffen, d’Maachen oder d’Iwwerleeën, mä d’Waarden. Heiansdo hues de dech einfach op de Buedem gesat, well s de gewaart hues, dass d’Kamera nei agestallt gëtt. Bei Episod 7 ronderëm Architektur a Konscht gouf et ee Moment virun der Kamera, wou ech mech mega gefreet hunn an ausgeflippt sinn. Du krut ech gesot, ech misst zeréck bei den Dësch goen, well si mech vun hanne wéilte filmen. No 5 Minutten hunn ech mech dunn nach eng Kéier misste freeën.“ Heiansdo hunn esou Glécksmomenter dräimol misste gefilmt ginn. „Eng Kéier huet mäi Grupp zwou an eng hallef Stonn misste waarden, bis mer dru waren. Mir souzen an engem Sall, fir net mat deenen anere kënnen ze kommunizéieren a virgewarnt ze ginn. Mir war iergendwann esou langweileg, dass ech d’Storen erof an erop gemaach oder de Beamer un- an ausgemaach hunn. Et gouf Dréideeg, do war een insgesamt bis zu 10 Stonnen op de Been.“

Den Tim zielt vun aneren Techniken, fir d’Zäit ëmzekréien. „Mir goufen eng Kéier an e klenge Raum transferéiert an do hu mer einfach ugefaangen, mat deenen hëlzenen Dénger fir de Kaffi Poker ze spillen.“ De Lenny laacht an ergänzt: „Mir hu gesongen, Pantomim gespillt an och vill Musek gemaach. Déi bescht Zäit war hannert der Kamera, wa mer Blödsinn gemaach hunn. Wärend dem Tournage hu mir eis Handyen net dierfe benotzen. Mir haten en ‚Take Off‘-Handy, dee geduecht war fir Saache fir Social Media opzehuelen. Do hunn ech heiansdo YouTube drop gekuckt.“

Tim Dupont

10 Episode si mëttlerweil vun der zweeter Staffel ausgestraalt ginn. Dëse Sonnden (16. Mäerz 2025) ginn ëm 19.00 Auer déi 4 lescht Finalisten un den Depart, dorënner den Tim an de Lenny. Pro Episod fält och weiderhin een ewech, sou dass den 30. Mäerz 2025 d’Final ass. E bësse berüümt sinn déi zwee awer och elo schonn. „Bom a Bop freeën sech ëmmer, an och meng Mamm ass ganz houfreg, wann se mech op der Tëlee gesäit“, erkläert de Lenny. „D‘Kolleege sinn och frou, mee et sinn der vill dobäi, déi keng Tëlee kucken. Déi gesinn da just d’Shorts oder d’Zesummefaassung. Déi, déi et ganz kucken, kucken et op YouTube.” Am Lycée kommen der och heiansdo op si duer. „Ech stoung eng Kéier an der Vestiaire mech unzedoen a wéi eng aner Klass erakoum, hu se mech gefrot, ob ech dee vun ‚Take Off‘ wier. Duerno stoungen der zwee Stéck do ze diskutéieren, ob ech et wierklech wier“, schmunzelt de Lenny. Hien huet selwer nach keng negativ Erfarunge gemaach, mee gesäit awer e Problem mat de soziale Reseauen. „Haut mengen d’Leit: ‚Ah, ech gesinn deen do ëmmer, dat heescht ech kennen en, an ech kann op der Strooss bei e goen a frech Saache soen‘. Et mierkt een allgemeng, dass et duerch Social Media keng Respektdistanz méi gëtt.“

„Deen Adrenalinschub, deen s de an der Sendung kriss, ass einfach en immenst Gefill.“ – Lenny Meyers

Béid schwäerme vun de super Leit, déi si kennegeléiert hunn, vum Fonds National de la Recherche zum Beispill. „Ech wollt scho virun ‚Take Off‘ en Interview mat der Luxembourg Space Agency maachen“, ënnersträicht den Tim. „An elo, wou ech bei der Sendung dobäi war, ass iwwer Kontakter ee vun enger Lëtzebuerger Firma gesicht ginn, deen op mäi Portrait passt. Sou dass ech dës Woch mäin Interview maache kann. Et ass fir e Schoulprojet, wou mir eis iwwer eisen zukünftege Beruff kënnen informéieren. ‚Take Off‘ an all déi Kontakter kënnen engem wierklech hëllefen. Iwwer dee Wee hu se bei der Luxembourg Space Agency och gemierkt, dass et e generelle Problem mat den E-Maile gouf, well Message vu bausse sinn u sech ni bei hinnen ukomm.“

Tëscht Dram a Realitéit

Fir déi zwee Kandidaten hu sech d’Zukunftspläng duerch d’Emissioun konkretiséiert. „Bei mir war ëmmer kloer, dass ech eppes mam Weltall wéilt maachen“, seet den Tim riicht eraus. „Ganz um Ufank wollt ech Pilot ginn, herno Astronaut. Am Lycée huet mech dunn den techneschen Deel méi interesséiert. Iergendwann sinn ech drop komm, dass ech Ingenieur wëll ginn, well mäi Papp och Ingenieur ass. Dofir sinn ech op eng B-Sektioun gaangen. Ech maachen elo och schonn déi zweet Kéier beim Makerspace mat (kreativen a multidisziplinäre Raum fir Jugendlecher, deen et a ville Fondamental- a Secondaire-Schoule gëtt). D’lescht Joer hate mer e Satellit gebaut, wou mer bei enger Competitioun matgemaach hunn. Dee gouf op enger klenger Rakéit e Kilometer héich geschoss.“ Dëst Joer ass de Projet eng Wiederstatioun. Dem Tim säin Dram ass et, zu Delft an Holland Raumfaarttechnik ze studéieren. „Dat ass déi beschten Uni an Europa fir dat Fach, wou een net esou héich Inscriptiounsfraisen huet wéi an England. Mäi gréissten Dram wier et, herno meng eege Firma ze grënnen. De Space-Mining-Domaine ass interessant.“

Beim Lenny ass déi Saach mam Beruffswonsch nach net esou gefestegt. „Wéi ech ganz kleng war, wollt ech Physiker ginn. An duerno Ingenieur, well dat awer méi praxisorientéiert ass. Du wollt ech ganz laang Kardiolog oder eppes anescht am Dokteschberäich ginn, well mech Krankheeten an der Famill faszinéiert hunn. Wéi de Lycée ugefaangen huet, hat ech e bësse méi eng schwéier Zäit a sinn an d’Literatur eragerutscht. Mäi Plang war et dunn, op d’A-Sektioun ze goe fir Geschicht, well dat mech faszinéiert.“ D’Science-Challenge-Show huet beim Lenny en Ëmdenke provozéiert. „Ech sinn elo definitiv um Punkt, dass ech Recherche wëll maachen. Eppes am Déngscht vun de Leit oder eppes mat Leit. Ech kéint mer och virstellen, Droit ze studéieren. Et ass mer wichteg, dass et ofwiesslungsräich ass, well ech verléiere séier d’Gedold oder den Interessi, wann eppes monoton ass. An ech wëll meng Trace hannerloossen.“

Egal wien den 30. Mäerz 2025 bei „Take Off“ um Podium steet: Fir den Tim Dupont an de Lenny Meyers war et eng eemoleg Erfarung. An si kënnen et anere Jonken nëmmen un d’Häerz leeën. „Et ass eng mega Initiativ. D’Show ass gutt fir d’Zukunft vum Land, well si wëssenschaftlech ugehauchte jonk Leit erausfuerdert“, fënnt de Lenny. „Lëtzebuerg wëll ëmmer matspillen an der grousser Welt. D’Wëssenschaft ass dobäi immens wichteg. Wann ee kuckt, wéi den Trump an Amerika grad d’Sue fir d’Recherche an d’Unie sträicht, hu mir d’Méiglechkeet, grad elo dran ze investéieren.“

Bleift ëmmer um Lafende bei „Take Off“:

You don't have permission to register