Diskussioun, Erfarung, Diversitéit

De Laboratoire d’Études Queer, sur le Genre et les Féminismes (LEQGF) ass eng ASBL, déi 2020 an der Gemeng Suessem gegrënnt gouf. Si sammelt an iwwermëttelt Wëssen an entwéckelt Tuyauen am Zesummenhang mat Gender, Sexualitéit a intergeschlechtlech Egalitéit. D’Enrica Pianaro, feministesch Soziologin am Beräich vun der sozialer Anthropologie, ass Member vum LEQGF. Scho 15 Joer laang ass si an diverse Projeten aktiv, déi d’Rechter vun de Frae promouvéieren a fir déi legal a sozial Unerkennung vu sexuellen an Gender-Minoritéiten zu Lëtzebuerg kämpfen. Am Virfeld vum Panel iwwer Parentalités queer de Samschden, 29. Juni 2024 am Matgesfeld zu Bieles, hu mir mam Enrica iwwer Sënn an Zweck vun dësen Diskussiounsronne geschwat.

Firwat gouf LEQGF an d’Liewe geruff? A wou wëllt der hin domat?

D’Grënnungsmembere si scho laang am Beräich Gender Studies an Aktivismus, Droits sexuels et reproductifs, Gender equality aktiv. Mir hunn d’Associatioun gegrënnt, well Queer an Gender Studies hei am Land net wierklech existéieren, an eiser Meenung no misste promouvéiert ginn. Op der Uni fënnt ee sporadesch vereenzelt Coursen oder Initiativen, mee et gëtt net systematesch gemaach. Eng aner Iddi ass et, dat Ganzt iwwer den akademesche Kader eraus och am net-intellektuelle Beräich ze thematiséieren. Well et gëtt dës Etudë jo, well et Ongläichheeten am soziale Beräich gëtt, an et politescht Gewiicht huet. Dat, wat aus de soziale Beweegungen eraus op de wëssenschaftleche Plang koum, soll och erëm an d’Gesellschaft zeréckbruecht an accessibel gemaach ginn. Queer an Gender Studies kënnen eiser Meenung no d’Welt veränneren.

Dir sidd amgaangen, eng Rei Panels am Land mat themateschem Iwwerbau ze organiséieren, fir de Kontakt mat de Leit ze sichen.

Mir nennen et Luxembourg LGBTIQ+ Panel. Mir hunn dat Wuert “Panel” erausgesicht, well een dobäi meeschtens un e Grupp vun Expert·innen denkt. Bei eis sinn dës Expert·innen d’Mënschen aus der Community, déi vun hirem Alldag sollen zielen a vu Saache berichten, déi si perséinlech beobachten oder vun deene si betraff sinn. Alles interesséiert eis an dëse Panels, vun Diskriminatioune bis hin zu ganz positiven Erfarungen. E weidere wichtege Volet sinn d’Erwaardunge vun LGBTQI+ Mënschen. Wat brauchen si, fir zu Lëtzebuerg als queer Mënsche gutt ze liewen, vun den Infrastrukture bis bei d’Zesummeliewen? Hir Stëmm soll an enger kollektiver Diskussioun gehéiert ginn. Mir haten d’Thema Diskriminatioun a Rechter zum Beispill op der Uni thematiséiert fir d’Leit, déi do schaffen oder studéieren. Am Mee goung et bei engem vun den nächste Panels hei am Minett ëm de Sujet Jugend. Et sinn ëmmer Themen, déi fir d’Community vun Interessi sinn, mee och fir Ministèren, Gemengen an aner Institutiounen. Déi profitéieren herno dovun, dass d’Wëssen aus der Community strukturéiert presentéiert gëtt, mat Recommandatiounen dobäi.

Dir hutt am Ganze 26 Themen definéiert…

… an zwar war de Krittär, dass et bei deene Sujeten e Wëssensbedarf gëtt. Och bei eis, als Associatioun. Dat geet vu Sport iwwer Rassismus, Senioren, Gender, … queesch duerch de Gaart.

Do kënnt sécherlech e Pak Informatiounen zesummen. Gëtt d’Auswäertung dovu ganz um Enn gemaach, oder gëtt dotëscht och mol en Tëschebilan gemaach ?

Mir wëllen déi Queer an Gender Studies jo aus deem schwéierfällegen akademesche Kader erauskréien. Mir plangen där Panels bis an de Juli 2025 eran, an am Dezember 2025 soll alles ofgeschloss si mat engem Rapport, an deen eng Evaluatioun mat erafléisst. Mir wëllen d’Saach wärenddeems awer gär lieweg halen an d’Leit inspiréieren, an dofir no den éischte Fokusgruppen Tëscheresultater publizéieren, pro Panel maximal zwou Säiten. Et soll fir jiddereen accessibel sinn, och fir déi Leit, déi keng Zäit hunn, e ganze Rapport ze liesen.

De Panel am Matgesfeld de Samschden, 29. Juni 2024 dréint ronderëm d’Reeboufamilljen. Wat ass domat gemengt?

Deen Dag setze mer de Fokus op Elteren, déi queer sinn, well et an der Community zu deem Sujet och konkret Revendicatioune gëtt. Jiddereen·t, deen·dat am Fall ass oder vläicht geschwë wäert sinn, ka matmaachen, an et muss een net aus der Gemeng Suessem sinn. D’Diskussioun steet wéi gesot ëmmer op dräi Pilieren : D’Situatioun zu Lëtzebuerg, déi perséinlech Erfarung an dann d’Erwaardungen un d’Politik an och un d’Zivilgesellschaft. All Treffen ass opgebaut wéi e Fokusgrupp, deen e kollektiven, soziologeschen Interview mécht. Et kënne maximal 10 Leit matmaachen, an et muss ee sech am Virfeld umellen. Mir hunn déi Limitt gesat, fir dass eng Diskussioun entstoe kann, an och wierklech Informatioun zirkuléiert. Eng Persoun moderéiert, an eng aner Persoun hëlt Notizen. Mir ginn dat wëssenschaftlech un, fir dass och eng gewëss Legitimitéit do ass. D’Leit solle géigesäiteg op dat reagéieren, wat déi aner soen. Wann een d’Vir- an Nobereedung ewechrechent, dauert et annerhallef Stonn.

 

 

Samschden, 29. Juni 2024
Matgesfeld zu Bieles

10h00–12h00 Luxembourg LGBTIQ+ Panel

Fir dëse Fokus Grupp si queer Elteren (och zukünfteger) invitéiert, hir Erfarungen an Erwaardunge ronderëm d’Thema Famill matzedeelen. Wéi steet et aktuell mat de Rechter vu Familles homoparentales zu Lëtzebuerg? Wéi gesäit den Alldag fir queer Elteren aus? Är Meenung zielt! (Diskussioun op Franséisch)
Obligatoresch Umeldung hei

10h00–18h00 Oppent Matgesfeld

D’Gemeng Suessem ass zanter 2021 eng LGBTIQ+ Freedom Zone. D’Matgesfeld gëtt elo am Kader vun der Oppener Gaardepäertchen um Enn vum Pride Mount als Safe Space fir jiddereen·t deklaréiert, a Präsenz vun der Ministesch fir Chancëgläichheet an Diversitéit Yuriko Backes. Besicht d’Klengdéierenzuuchtanlag an d’Gäert, déi fir biologesch Diversitéit, ma och fir Integratioun an Toleranz stinn. lessen a Gedénks op der Plaz, an interaktiv Ateliere fir Kanner. (Service à l’égalité des chances et Diversité, Service Écologique, Amis de la fleur Belvaux, Société avicole Belvaux)
De ganze Programm hei

You don't have permission to register