Noperschaft ass wéi eng erweidert Famill. Et huet een all Interessi drun, mateneen eens ze ginn. Soss ginn d’Joren, déi een nieftenee wunnt, laang an ustrengend. D’Mediatrice Astrid Glod hëlleft bei Konflikter, dass d’Leit hire Léisunge méi no kommen.
An der Gemeng Suessem gëtt et 35-40 Fäll d’Joer, déi iwwer d’Mediatioun lafen. E gratis Service fir d’Bierger·innen, dee vertraulech ass an d’Liewensqualitéit an de Fridden an der Gemeng séchere soll. „D’Leit sinn immens op sech selwer fokusséiert. Besonnesch zanter Covid huet de géigesäitege Respekt a Versteesdemech ofgeholl“, sou d’Astrid Glod, déi fir alles, wat de Voisinage betrëfft, hei am Land mat 28 Gemengen zesummeschafft. Egal ob et ëm Kaméidi, Gestank oder ze breet Hecke geet: D’Emotioune kachen ënner Nopere séier immens héich. Mënsche wéi d’Astrid ergräife keng Partei, mee probéiere béid Säiten op e Mëttelwee ze kréien.
En éischte Klischee raumt déi Fra, déi zanter 23 Joer als Médiateur agréé schafft an aus dem Beräich vun der Psychologie kënnt, direkt um Ufank vum Gespréich aus der Welt: Et brauch ee kee juristesche Background, fir an der Mediatioun ze schaffen. Bei der Mediatiounsausbildung fir agreéiert ze ginn, handelt et sech mëttlerweil ëm ee Master vu 4 Joer, deen zum Beispill op der Uni Lëtzebuerg ugebuede gëtt. „Mäin Job ass et, d’Kommunikatioun ze vereinfachen“, stellt d’Astrid kloer. „D’Leit mellen sech iwwer Telefon oder E-Mail, an da gëtt e Rendez-vous ausgemaach, allerdéngs ëmmer méi sielen am Presentiel. Wann d’Leit averstane sinn, leeden ech hir Doleance da per Bréif weider un d’Nopesch oder den Noper. Dëse Courrier huet den Entête-Pabeier vun der Gemeng an eleng dat entfaalt scho seng Wierkung. 85% vun de Fäll sinn domat eigentlech scho geléist, wann d’Noperen asiichteg sinn, ouni dass eng reell Mediatioun stattfonnt huet.“
„Schwätzt emol mateneen, ier der d’Mediatioun kontaktéiert.“ – Astrid Glod
Geet et eng Etapp weider an et kënnt zur Aussprooch tëscht béide Parteien am Kader vun enger Mediatioun, kann d’Astrid virum Optakt en „Accord préalable en vue de la Médiation“ opstellen, dee vu jidderengem ënnerschriwwe gëtt. Gëtt ee sech am Gespréich eens, kënnt et zum „Accord en médiation“, dee just déi betraffen Awunner·innen ënnerschreiwen. Soubal och nëmmen eng vun de Parteien deen um Tribunal d’arrondissement homologéiere léisst, ass dëse rechtskräfteg. Wëll heeschen: Wa sech net dru gehale gëtt, kann den·d’ Dierwiechter·in geruff ginn. Buergermeeschtesch a Schäff·innerot ginn iwwregens keng Detailer gewuer an alles bleift anonym. Si kréien um Enn vum Joer just e graffen Iwwerbléck vun der Zort Fäll, déi an der Gemeng traitéiert goufen.
Ongeféier 15% vun de Fäll si méi hartnäckeg. „Mäi quokelegste Fall an enger anerer Gemeng ass iwwer dräi Generatioune gaangen. Dobäi ass et ëm ee Stéck Terrain gaangen, dat grad eemol 30 Zentimeter breet ass. Et hätt een zwou Porrette kënnen drop planzen“, erkläert d’Mediatrice. „Net nëmmen al Haiser hunn dacks just eng einfach Mauer dotëscht an och just eng eenzeg Dall, mee dat fënnt een haut och erëm zeréck bei Appartementer. Geräischer vun Apparater wéi Wärmepompele sinn och e Problem, jee nodeem wou si par Rapport zum Nopeschhaus placéiert sinn. An och Hondsgebill suergt ëmmer ëfters dofir, dass d’Leit aus der Këscht fueren. Déi aarm Muppe sinn de ganzen Dag eleng, mee et kann een esou en Déier jo net mol einfach esou ofschafen.“ Am Trend ass et och, Hénger ze halen oder e Beiestack ze hunn, wat zousätzleche Konfliktpotential mat sech bréngt.
Heiansdo kënnt de Moment, an deem eng Mediatioun net zur Léisung féiert. „Dat mierkt ee gutt, wann d’Gespréicher am Krees dréinen. Eng Mediatioun huet normalerweis annerhallef Stonn. Duerno sinn d’Leit meeschtens midd oder d’Diskussioun fänkt erëm vu vir un“, erzielt d’Astrid. No enger Reflexiounsperiod kann eventuell en zweete Rendez-vous fixéiert ginn. „Wa kee Wëlle fir e Kompromëss do ass, da soen ech de Leit kloer, dass d’Mediatioun zu dësem Moment de falsche Wee ass. Si musse jo selwer zu enger Léisung kommen, soss ass et vläit éischter eppes fir den Affekot.“ Et muss een awer wëssen, dass dëst dann nach méi Zäit kascht an och ufänkt fir de Portmonni ze goen. D’Käschte fir d’Mediatrice dréit d’Gemeng. Alles wat doriwwer eraus geet, net.
Esou wäit muss et net kommen. „Mäi Rot ass: Schwätzt emol mateneen, ier der d’Mediatioun kontaktéiert. Well dësen einfache Schratt maachen d’Leit meeschtens emol net. Et muss een awer roueg bleiwen, sech net am Toun vergräifen an och net direkt mat Uschëllegunge kommen.“ Soubal et net ëm Voisinage geet, gëtt et aner Ulafplaze wéi d’Mediatioun. Gëtt et zum Beispill e Konflikt tëscht Proprietaire a Locataire, wennt ee sech am Beschten un de Mediateur de la Consommation an der Stad. Wann een eng Doleance am Zesummenhang mat der Gemeng huet, kann ee sech beim Ombudsman mellen. Bei Problemer an der Famill kann de Centre de Médiation an der Stad hëllefen. All dës Servicer si gratis.
Bei Stéierungen duerch Kaméidi, kontaktéiert :
Agents municipaux um 59 30 75 – 1
Police vu Bieles um 244 52 – 1000
Noutruff 113
Informéiert iech iwwer är Rechter beim Barreau de Luxembourg.
Déi juristesch Subtilitéite vum Zesummeliewen
Kaméidi
- Musek strapazéiert d’Toleranz
E passionéierte Museker decidéiert, mat senger Rockband owes spéit a senger Garage ze prouwen, dacks no 22.00 Auer. D’Mauere sinn net gutt isoléiert, a loosse quasi all Nout an all Kreesch duerch. D’Noperen hunn ufanks Versteesdemech, mee fänken awer lues a lues un, sech ze beschwéieren, well d’Nuetsrou gestéiert ass. Laut Artikel III.3 vum Policereglement vun der Gemeng Suessem dierf de Geräischpeegel nuets 30 dB(A) net iwwerschreiden, wat ongeféier den Niveau vun engem Gespréich mat lueser Stëmm ass. Fir sech dees bewosst ze ginn, soll de Museker de Peegel vu senger Musek moossen. Wann de Volume déi erlaabte Limitt iwwertrëfft, riskéiert hien den Artikele 561 a 562 vum Code Pénal no sanktionéiert ze ginn.
- Gëtt moies geschafft, knouteren d’Noperen
Eng Entreprise fänkt u mat bauen. D’Konstruktiounsaarbechte fänken ëm 6.00 Auer moies un, zu enger Zäit, wou déi meescht Awunner·innen also nach schlofen. De Kaméidi vun de Maschinnen an den hin an hier vun de Camione schaalt an der ganzer Strooss a mécht d’Resident·inne brüsk waakreg. Laut Artikel III.12 vum Reglement brauch ee fir Aarbechte mat vill Kaméidi an der Géigend vu Schoulen oder Spideeler eng speziell Autorisatioun vun der Buergermeeschtesch, ënner anerem fir dass d’Nuetsrou net gestéiert gëtt. Eng Entreprise, déi dës net huet, handelt onzoulässeg. Dëse Fall verdäitlecht d’Wichtegkeet vu gutt geplangten Aarbechten, déi d’Horairen a legal Prozedure respektéieren, sou dass den Impakt op den Alldag vun den Awunner·innen sou mann wéi méiglech beaflosst gëtt.
- Recht op en Hausdéier vs. Respekt vun der Noperschaft
Eng Awunnerin huet Déieren immens gär an huet direkt e puer Hënn doheem. Och wann si gutt Intentiounen huet, sou fänkt d’Gebills nuets un e Problem fir d’Noperen ze ginn. Et gi Plainten deposéiert, an deenen et ëm Stress a Stéierung vun der Nuetsrou geet. Den Artikel III.14 seet, dass Déierebesëtzer·innen all néideg Mesüren ergräife mussen, fir dass hir Déieren déi ëffentlech Rou net stéieren. Méiglech Léisunge fir de Problem si Formatiounen, duerch déi d’Déier léiert, sech richteg ze behuelen, oder en adaptéierten Amenagement vum Gaart, fir Gebills nuets ze evitéieren.
Grondstéck
- Wann d’Heck bis bei d’Nopere geet
E Gaardenenthusiast huet viru kuerzem eng Heck um Bord vu sengem Grondstéck geplanzt. Mat der Zäit erreecht déi eng Héicht vun 3 Meter, wat däitlech méi ass wéi déi 2 Meter, déi laut Artikel 671 vum Code civil autoriséiert sinn. D’Noperen, deenen hir Siicht duerch d’Heck ageschränkt gëtt, fillen sech benodeelegt. D’Heck muss also versat oder gekierzt ginn, fir d’Reglementatioun anzehalen, a virun allem och, fir mat den Noperen e gutt Verhältnis ze behalen. E konstruktiven Dialog kann an esou Fäll hëllefen.
- Ënnerierdesche Konflikt duerch Wuerzelen
Eng Persoun planzt no un der Grenz vum Grondstéck e Bam. Mat der Zäit ginn d’Wuerzele vum Bam bis an den Nopeschgaart eran, a maache Schued un der Wiss an un den Installatiounen. D’Nopere stellen de Schued fest a wëllen handelen. Laut Code civil hu si d’Recht, den Deel vun de Wuerzelen, deen op hirem Terrain ass, ewechzeschneiden. Dëst Recht verjäert net, sou dass et zu all Moment ka gemaach ginn. Dësen Zenario weist wéi wichteg et ass, Laangzäiteffekter op Nopeschterraine mat ze bedenken, wann ee Plantatioune virgesäit.
- Al Beem, en natierlecht Ierwen, dat erhale bleiwe soll
Eng Awunnerin huet e grousse Gaart mat enger Partie imposante Beem. De Gaart goufe virun iwwer 10 Joer geplanzt a gehéieren domat zur Landschaft. Och wa se méi héich wéi d’Reglementatioun et virgesäit a relativ no beim Nopeschterrain sinn, si se duerch d’Prescription décénnale geschützt, wéi se am Artikel 671 vum Code civil festgehalen ass. Dëse Fall illustréiert, wéi komplex d’Plantatiounsreegele sinn a wéi Vergaangenheet a Géigewaart an der Gestioun vun enger Proprietéit eng Roll spillen. Duerch hiren Alter an hir Bedeitung fir de lokalen Ekosystem bleiwe Beem erhalen, obwuel si géint en aktuellt Gesetz verstoussen.
Legal Gréissten an Distanze bei Plantatiounen
- Manner wéi 2 Meter héich: Dierf no un der Grenz vum Grondstéck geplanzt ginn, mee am léifste mat enger Distanz vu 50 Zentimeter.
- Iwwer 2 Meter héich: Mussen op d’mannst 2 Meter vun der Grenz vum Grondstéck ewech geplanzt ginn.
Ausnamen
- Wann Nopere sech eens sinn: Aner Distanze kënne gëllen, mee dësen Accord muss schrëftlech festgehale ginn.
- Prescription décénnale: Wann eng Plantatioun scho méi wéi 10 Joer laang ouni Kontestatioun existéiert, ka si weider op hirer Plaz bleiwen, och wann et géint déi reglementaresch Distanze geet.