Vum 8. bis den 29. Mäerz kënnt dir dës immens ausdrocksstaark a markant Fotosausstellung Le miroir de mes émotions am Festsall vun der Gemeng Suessem zu den Ëffnungszäite vun der Gemeng kucke kommen. Un Informatiounsmaterial zur Thematik feelt et och net.
Den internationale Fraendag den 8. Mäerz setzt sech fir d’Rechter vun de Fraen an. Eng vun de Revendicatioune vun der Marche Féministe ass d’Lutte géint Gewalt géint Fraen. D’Orange Week, déi all Joer vum 25. November bis den 10. Dezember stattfënnt, ass ëmmer e gudde Moment fir op d’haislech Gewalt opmierksam ze maachen. D’Theema vun der haislecher Gewalt schléift leider net de Rescht vum Joer a bleift fir vill Affer riichtduerch allgéigewäerteg.
Verschidde Fotoe ginn engem ënnert d’Haut, wann ee sech dem Kontext an der zougehéireger Geschicht vun de jeeweilegen Affer bewosst ass.
„All eenzel Foto beréiert mech immens. Ech kennen d’Geschichten, déi hannert de Fotoe stiechen. Eng Foto, déi mech besonnesch touchéiert, ass d’Foto vun enger Sexpopp. Stellt iech vir, dir géift iech wéi esou eng Popp an ärer Bezéiung fillen …“, erzielt eis d’Assistante sociale vum Service LOG-in an e Liewen Ouni Gewalt vum Conseil National des Femmes du Luxembourg (CNFL), déi dëse Projet mat initiéiert huet.
De Service LOG-in an de Foyer Sud Fraen an Nout hunn zesummen en Aarbechtsgrupp gegrënnt, an deem Frae gefrot goufe fir hir Emotiounen a Gefiller auszedrécken, déi si empfonnt hu wärend der Zäit wou hinnen haislech Gewalt widderfuer ass. Am Echange, dee stattfonnt huet am Grupp hunn d’Affer engersäits sech konnten austauschen a feststellen, dass si mat hiren Emotiounen net eleng waren. Anerersäits hu se sech selwer expriméiere konnten an hir eege Fotoe konzipéiere konnten, fir esou hier Realitéit authentesch representéieren ze kënnen.
Sensibilisatioun a Versteesdemech
Wat geet an engem Mënsch vir, deen Affer vun haislecher Gewalt ass? Wisou geet en Affer sech net direkt Hëllef sichen? Wisou gesäit eng Persoun net an, dass déi Situatioun, déi hir widderfiert wäit vun normal ass? Als bausse stoend Persoun kann een déi Froe liicht stellen, ma en Affer kann déi awer oft nëmme schwéier beäntweren.
„Net all Affer vun haislecher Gewalt ass sech bewosst, dass si sech an enger eescht ze huelender Situatioun befënnt. D‘Affer sicht sech och net onbedéngt direkt Hëllef, oft aus Schamgefiller, wat leider gravéierend Konsequenze ka mat sech bréngen.“, esou d‘Assistante sociale vum Service LOG-in.
Kuckt net ewech! Haislech Gewalt ass keng Privatsaach!
Gären ass eng Drëttpersoun immens wichteg. Et kann een als Persoun, déi baussent deem Ganze steet, en Affer op verschidden Ulafstellen hi verweisen a mat hinne schwätzen. Wann engem eppes opfält, mellt et! Wann dir iech net sécher sidd, kënnt och dir iech u verschidden Zerwisser wende fir Informatiounen, Renseignementer oder Rotschléi ze kréien. Een Zerwiss, deen net weit vun eis ewech ass ass de Service LOG-in an a Liewen Ouni Gewalt vum Conseil National des Femmes du Luxembourg (CNFL).
De Service LOG-in an e Liewen Ouni Gewalt
Dësen Zerwiss befënnt sech direkt an eiser Nopeschgemeng zu Esch/Uelzecht. All Fra ab 18 Joer ka sech un dësen Zerwiss wenden, déi Affer vun haislecher Gewalt ass, oder relationnel Konflikter an hirer Koppel oder Famill huet, oder grad an der Trennung oder Scheedung ass.
D’Offer vum Service LOG-in ass vilfälteg a reeche vun enger psychosozialer Berodung zu enger Ënnerstëtzung an äre perséinlechen Entscheedungen, bis hin zu Preventiouns- oder Sensibiliséirungsatelieren fir Professioneller oder a Schoulen.
Déi genee Offer fannt dir um Site.
Kennt dir eng Persoun, déi Hëllef brauch, oder braucht dir Hëllef oder e Renseignement, dann zéckt net de Service LOG-in ze kontaktéiere per Telefon um 54 55 77 oder per Mail op login@foyersud.lu