Maache mir eis eigentlech Gedanken driwwer, wou eis Kleeder hierkommen a wéi se produzéiert goufen? “Sech nohalteg akleeden – Wien ass an der Verantwortung?” war d’Thema vun der Table ronde am Kader vun der Ëmweltwoch vun der Gemeng Suessem de Mëttwoch, 26. Februar 2020 am Artikuss.
Ënnert de 4 Invitéeë vum Owend war de Suessemer Buergermeeschter Georges Engel, dee sot, d’Thema misst vill méi an d’Gespréich kommen.
„Nach haut de Mëtten hunn ech eng Question parlementaire gestallt iwwert eng Iddi, déi een an deem Kader vläit zu Lëtzebuerg kéint lancéieren. A Frankräich gëtt et e schonns de Label mat 8 Critère fir Kleeder, bei deem gekuckt gëtt, wéi nohalteg se produzéiert goufen asw., fir dass d’Leit och gesi wat alles dorunner hänkt. De System, deen eis alleguerten am Engrenage mat funktionéiere léisst, ass dee vum Profit. Verschiddener probéieren et anescht ze maachen, sou wéi déi, déi hei sëtzen. Ech mengen, duerch vill esou kleng Schrëtt kanns du dem grousse Schratt méi no kommen.“
D’Moudeindustrie ass hannert der Uelechindustrie, also hannert dem Pëtrol, Nummer 2 a Saache Pollutioun. Dat soen d’Statistike bei de Vereenten Natiounen. De Georges Kieffer vun der BENU Village asbl huet d’Iddi vun enger Plaz mat „propperen“ Produiten a Servicer zu Esch op der Grenz Realitéit gi gelooss mam éischten Ecoduerf an der Groussregioun. Fir hie war de Startpunkt virun e puer Joer net eleng den Idealismus.
„Et huet mat Bestierzung ugefaangen. Op esouvill Plaze gëtt hei am Land diskutéiert, mee et gëtt ganz wéineg ëmgesat. Dat Wesentlecht fir esou e Projet wéi BENU ze lancéiere war d’Iwwerzeegung: de selwechte System bäibehale geet net, also just pléischteren an d‘Verhalen net änneren. Déi allermeescht Entrepreneuren, déi sech zum Deel géint de Kapitalismus wieren, mussen hir Dieren erëm séier zoumaachen. Mir bei BENU strauchelen a schaffen, fir Alternativen ze weisen. An ee vun de schéinste Momenter um Ufank war et fir ze gesinn, dass innerhalb vu 45 Minutte Gespréich souwuel déi lokal Politik wéi och déi national d’Hand drop ginn huet.“
Wien organesch a fair Moud zu Lëtzebuerg seet, seet Akabo. De Karel Lambert huet sech 2015 an dës Aventure gestierzt, fir d’Welt ze verbesseren. Den Akabo Bus an den Akabo Buttek matzen an der Stad bedéngen eng Demande, déi ëmmer méi grouss gëtt. Déi no Moud, déi an Aklang ass mat gewëssen etheschen an ökologesche Grondwäerter.
„2002 hunn ech eleng mam Rucksak eng Rees am asiatesche Raum gemaach. Ech hu gesinn, wat d’Industrie respektiv eise Konsum an deene Länner uriicht. Joren duerno sinn ech mat mengen 3 Kanner zu Diddeleng ëmmer an e Buttek gaangen, dee Bio-Gezei fir Kanner hat. D‘Fra sot et wier e schwéiere Marché wéinst de klenge Margen an den héije Präisser. Op eemol war de Buttek net méi do. Ech hu geduecht: dat kann net sinn. Mir hu viru 5 Joer einfach e Bus gemaach fir ze kucken, ob eng Demande do wier fir Bio– a Fairtrade-Kleeder fir erwuesse Leit. Mir hunn op der Innatex zu Frankfurt och Marke fonnt, déi cool a frësch Moud produzéieren. Et ass awer schwéier, fir konkurrenzfäeg ze bleiwen. Et ass een am kapitalistesche Rad mat dran, et muss ee Loyer a Paie bezuelen, et muss een ëmmer erëm neies do hunn asw.“
Et wier um Konsument, lues a lues ëmzedenken, sou de Karel Lambert, dee Wëlles huet am August en zweete Buttek, dës kéier fir Kannerkleeder, zu Diddeleng opzemaachen. Hien huet och nach drop opmierksam gemaach, dass „Bio“ a „Fairtrade“ zwee puer Schung sinn. De Jean-Louis Zeien vun der ONG Fairtrade Lëtzebuerg huet seng Siicht op d’Problematik duergeluecht. Et géing bei de Ressourcen ufänken.
„Et brauch Transparenz. An de leschte 5 Joer hu mir mat den Hiersteller op allen Ebenen ugefaangen, entlaang der ganzer Produktiounsketten ze zertifiéieren. Dat geet vun de Kottengsproduzenten, déi op de Felder an Afrika an an Indie schaffen, iwwer d’Wiewereie wou gesponne gëtt bis bei d’CMT (Cut, Make, Trim), wou zougeschnidde gëtt. Et goung u sech lass virun 10 Joer mam Virsaz, dat schwaachste Glidd an der Produktiounsketten ze stäerken. Mir mierken, dass et net einfach ass, well nach net esouvill Acteure mat op dee Wee gaange sinn, fir en existenzséchernde Loun ze garantéieren, fir dass et keng working poor méi gëtt. Ech war viru ronn 5 Méint an Äthiopien an enger Textilfabrik, wou 6.000 Leit schaffen. Am Moment huet d‘Textilindustrie als bëllegst Land op der Welt Äthiopien identifizéiert. D’Gehälter sinn 10 mol manner wéi a China, 3 mol manner wéi a Bangladesch. Ökologesch a sozial Fuerderunge mussen Hand an Hand goen.“
Dem Georges Kieffer no misst de grousse Wirtschaftsraum Europa den Import vu Kleeder a Produiten, déi net de living wage bezuelen, verbuede ginn. Den Haaptproblem wier fir hien awer, dass mir just nach eng geréng Wäertschätzung fir Saachen hunn, déi mer konsuméieren. Schätzungen no ginn am Joer 2030 vun der Textil- a Schongindustrie 100 Milliounen Tonne Material pro Joer produzéiert. Bei der Produktioun vun enger eenzeger Jeans aus Kotteng gi 7.500 Liter Waasser verbraucht.
„Et hat elo eng Damm mech ugeruff, déi viru 6 Méint an eisem Buttek war. Déi hat e Liiblingsmantel vun héijer Qualitéit, dee si aus moudesche Grënn 10 Joer net méi unhat. Si wollt eis dee schenken, mee nom Gespréich huet si sech deen einfach moudesch upasse gelooss. Déi lescht Woch huet si mech ugeruff fir ze soen, dass hire Mann gestuerwen ass. Hir Iddi war et, fir seng al Kleeder bei eis ze bréngen. A si huet sech doraus nei Bluse maache gelooss. Dat sinn déi Momenter, wou mer ufänke genee dat z’erliewen, wat eis mat vill Energie a Satisfaktioun erfëllt.“
De Jean-Louis Zeien huet der nationaler Politik eng bonne Note ginn, well géing probéiert ginn d’Bewosstsinn fir d’Problematik an der Populatioun ze schafen. Et misst een awer, änlech wéi a Frankräich, Entreprisë gesetzlech obligéieren dofir ze suergen, dass an hire wirtschaftlechen Aktivitéite Mënscherechtsverletzunge verhënnert ginn. De Karel Lambert sot, et misst een der jonker Generatioun hëllefen, en anere Wee anzeschloe beim Konsumverhalen. Hie wënscht sech ausserdeem d’Emotioun beim Akafen zeréck. Fréier wier een an d’Butteker gaangen, well ee Spaass un de Produiten hat. Si hätten en emotionelle Wäert gehat. Och de Georges Kieffer huet fir d’Slow Fashion plädéiert. Et misst een donieft beim Kleederpräis de Schued, dee bei der Produktioun verursaacht gëtt, mat aberechnen. Da wiere vill Argumenter souwisou iwwerflësseg, well en T-Shirt keng 3, mee 80 Euro géing kaschten. D’Schlusswuert hat de Georges Engel.
„Ech wënsche mer, dass mer aus manner méi kënne maachen. Manner Konsum, méi Wäertschätzung, méi héich sozial Standarden. An ech wäert och mäint dozou probéiere bäizedroen. Ech hunn haut eng Iddi opgegraff. Déi, déi sozial Standarde respektéieren, sollen och manner musse bezuelen, zb. bei de Steieren. Ech mengen dass esou en Ausgläich e wichtege Schratt an déi richteg Richtung wier.“