Meeschtens melle sech d’Leit beim Office social, wann d’Kand scho spréchwiertlech am Pëtz läit. Dobäi soll een net zécken, sech mat Zäit Rot froen ze goen. Well den Office social ass fir jiddereen do, a kann an all Situatioun hëllefen oder weidervermëttelen.
„D’Gesetz vun der Aide sociale gesäit vir, dass mir dofir suergen, dass keen op der Strooss sëtze bleift an erhéngert. Dat ass d’Basis. Mee mir maache vill doriwwer eraus“, sou de Jemp Schlesser, Präsident vum Verwaltungsrot vum Office social vun der Gemeng Suessem. Bei eisem Besuch an der Maison sociale op 16, rue de la Poste zu Bieles, an där 12 Leit schaffen, ass et vergläichsweis roueg an de Bureauen. Mee d’Zuele vum Aktivitéitsrapport 2022 schwätzen eng kloer Sprooch. Goufen 2013 nach 379 Menagë vun der Equipe encadréiert, sou waren et der 2022 scho 537, oder anescht ausgedréckt: 1606 Persounen. Dat si bal 9% vun der Populatioun vun der Gemeng.
D’Lëscht vu Servicer, déi offréiert ginn, geet vun der Berodung iwwer d’Begleedung bei Demarchë bis bei déi finanziell Gestioun. „Mir fonctionnéieren op Rendez-vous, fir déi mir meeschtens eng Stonn aplangen. Heiansdo mengt een, et wier just fir en einfache Renseignement, mee dacks weist sech ganz séier, dass méi hannendru stécht“, seet d’Laura Mancinelli. D’Assistante sociale schafft zanter 2013 am Office social an ass elo schonn 3 Joer laang Cheffe de service. D‘Majoritéit vun de Problemer, déi musse geléist ginn, si finanziell, wann och punktuell an zäitlech begrenzt. Duerno, wäit hannedrun, d’Beräicher administrativ Hëllef, Logement a Gesondheet. 60 Prozent vun de Prestatioune sinn net finanzieller Natur.
„Soubal et ëm Sue geet, musse mir e Bilan vun der finanzieller Situatioun maachen.“, präziséiert d’Laura Mancinelli. „Mee Geldproblemer entstinn dacks duerch aner Problemer. D’Leit wëssen zum Beispill heiansdo net, dass si en Urecht op eng Subvention Loyer hunn. Mir maachen esou Demanden dann zesumme mat de Leit.“ Dat sougenanntent Gromperegeld, wéi et fréier genannt gouf, ass och net jidderengem bekannt. Kritt een eng Allocation de vie chère vum Fonds national de solidarité accordéiert, deen ënnert der Surveillance vum Familljeministère steet, kann ee mat deem Bréif op d’Gemeng goen, fir nach emol 70% vum Montant dobäi ze kréien. „Ee Client, deem mir méintelaang gehollef haten, well seng Entreprise eng Faillite gemaach hat, kënnt ëmmer nach dofir laanscht, a seet eis reegelméisseg Merci. Mee meeschtens gesi mir net, wéi et bei eise Cliente weidergaangen ass. Heiansdo menge mir och, mir hätte gehollef, an no e puer Méint sti si erëm hei.“ Bei enger Iwwerschëldung ginn d’Cliente beispillsweis bei de Surendettement wiedergeleet, wou si d’Méiglechkeet hunn, eng Protektioun ze kréien, fir dass den Dierwiechter net op eemol optaucht.
„Et gëtt zanter 2021 och en anonymen Telefon, deen awer leider net vill genotzt gëtt.“ – Laura Mancinelli
Psychologesch kann d’Aarbecht en Challenge sinn, sou d’Assistante sociale, och wann ee sech misst kloer maachen, dass d’Leit am Endeffekt fir sech selwer responsabel sinn. Wa Kanner am Spill sinn, wier et heiansdo néideg, Signalementer beim Service Central d’Assistance Sociale (SCAS) ze maachen, well d’Kanner enger Négligence ausgesat sinn. „Da gëtt et och Fäll, wou e Mënsch kënnt, an de Partner näischt soll wëssen. Da kënne mir awer net hëllefen, well mir brauchen e Gesamtbild.“, ënnersträicht de Jemp Schlesser. Dräi Véierel vun de Cliente sinn an der Alterstranche vun 21 bis 50 Joer. „Mir bidden och d’Gestion financière un. D’Leit ënnerschreiwen eng Procuratioun, fir dass ab deem Moment all hir Suen op e Gestiounskonnt vum Office social kommen. Mir maachen duerno d’Virementen an et gëtt och en Täschegeld decidéiert. Donieft gëtt och gekuckt, Suen ze spueren. Gelungenerweis ginn d’Leit dann dacks besser eens, wéi wann si alleng wieren. Déi Prozedur huet eng gewëss edukativ Funktioun, an d’Persoun kann zu all Moment ophalen.“
Apropos Gestioun: dem Office social seng Frais de fonctionnement ginn zur Hallschent vum Familljeministère finanzéiert, an zur Hallschent vun der Gemeng. Et ginn donieft awer och Donen a Recetten duerch Oeuvren, déi mam Fokus op sozial Projeten agesat ginn. „All Office social ass eng separat Entitéit.“, erkläert de Jemp Schlesser. „Et gëtt zwar eng Entente, déi d’Interessië vis-à-vis vum Staat vertrëtt. Mee all Gemeng huet säin Office social. Gemengen ënner 6.000 Awunner regroupéieren sech zu e puer, aus organisatoreschen a finanzielle Grënn.“ Den Office social vun der Gemeng Suessem ass kee Gemengeservice, mee en Etablissement public indépendant. Eng Konventioun reegelt d’Zesummenaarbecht. „Wat praktesch ass: mir hu just eng eenzeg Gemeng als Uspriechpartner, an och wa mir Loyer bezuelen, sou krute mir Hëllef fir eis an dëser Localitéit kënnen z‘etabléieren. Et ass geplangt, 2025 an en neit Etablissement ze plënneren.“
„Mir suergen dofir, dass keen op der Strooss sëtze bleift an erhéngert.“ – Jemp Schlesser
Och wann d’Rendez-vousë meeschtens an de Lokaler sinn, sou ass d’Anonymitéit vun de Clienten garantéiert. „Et gëtt zanter 2021 och en anonymen Telefon, deen awer leider net vill genotzt gëtt.“, seet d’Laura Mancinelli. „Et gëtt och Leit, déi néierens offiziell ugemellt sinn. Mir sinn awer fir jiddereen do, deen sech um Terrain vun der Gemeng ophält.“, präziséiert de Jemp Schlesser. „Mir kënnen dann eng Referenzadress ginn. D’Situatioun am Logement ass schwiereg. Et gëtt Leit, déi hunn an hirem Contrat de bail dra stoen, dass si sech net offiziell an hirer Wunneng dierfen umellen. Dat ass illegal, a verbaut hinnen de Wee fir Hëllefen. Fir Noutsituatiounen hu mir zum Beispill och eng Wunneng, wou mir Leit kënnen ënnerbréngen. Mee mat enger Wunneng mécht een net vill. D’Foyere sinn iwwerfëllt, an et kënnt een heiansdo net dolaanscht, Leit temporär an engem Hotel ze logéieren.“
Wann et dréngend ass, kann den Office social ëmmer direkt intervenéieren, och wa bestëmmten Demanden theoretesch e puer Méint bräichten. Dobäi kann et ëm eng Operatioun goen, d’Cotisatioune fir d’Krankeversécherung, Energiekäschten oder d’Iessen. „Mir loosse keen hänken.“, resuméiert de Jemp Schlesser. „Et soll ee beschtefalls direkt kommen, esoubal een déi éischt Rechnung net ka bezuelen. Oder wa sech schon ofzeechent, dass eng Rechnung kënnt, déi een net wäert bezuele kënnen.“ De Präsident vum Verwaltungsrot vum Office social vun der Gemeng Suessem gesäit e puer konkret Mesuren, déi hinne d’Aarbecht an Zukunft kéinte vereinfachen. „Et géinge vill Demanden ewechfalen, wann den Tiers payant social géif generaliséiert ginn. Donieft kréien d’Leit relativ strict fir véier Méint de Chômage gespaart, wann si ee Rendez-vous oder Telefonat net anhalen. Dat fällt ëmmer op den Office social zeréck, an do géife mir eis vun der ADEM méi Fangerspëtzegefill wënschen.“
Weider Informatiounen
Office social
16, rue de la Poste
L-4477 Belvaux
Méindes bis freides: 08.30 – 11.30 Auer an 13.30 – 16.00 Auer
Telefon: 59 30 75 – 899
Anonym a gratis Consultatioun: 621 630 288