Den Jazz am Garde-à-vous

Am Kader vum 10. Anniversaire vum Artikuss kënnt et de Samschden, 21. September 2024 zu enger eemoleger Konstellatioun. De renomméierten däitschen Jazz- a Soul-Sänger an -trompettist Jeff Cascaro trëtt als Solist zesumme mat der Big Band vun der Lëtzebuerger Militärmusek op. De musikaleschen Direkter vun der Big Band Raoul Christophe stoung eis am Virfeld Ried an Äntwert.

„Mir hunn eis nach ni gesinn“, schmunzelt de Raoul Christophe, wéi mir hien op de Jeff Cascaro uschwätzen. „An ech hunn e virdrun och net kannt. Virun zwee Joer hate mir e Concert mat engem Gaaschtdirigent, dem däitschen Bandleader, Arrangeur a Komponist Jörg Achim Keller. Iwwerall, wou an Däitschland eng Big Band spillt, huet hien seng Fanger mat am Spill. De Jeff Cascaro hätt do och sollte mat dobäi sinn, mee aus finanzielle Grënn hat et net geklappt.“ Am Gespréich mam Directeur artistique Manuel Ribeiro fir de Gebuertsdag vum Artikuss hätt sech dunn erausgestallt, dass hien de Cascaro kennt, an de Projet war du séier op de Schinnen.

Dass een sech als Museker·innen eréischt quasi op der Bün kenneléiert, ass keng Ausnam. D’Big Band vun der Militärmusek spillt tëscht 3 a 6 Concerten d’Joer op Demande, woubäi normalerweis ee Concert pro Joer selwer organiséiert gëtt. De Programm gëtt jee no Joreszäit adaptéiert, oder riicht sech dono, fir wéi en Ulass dass et ass. A vu dass och nach heiansdo Soliste mat dobäi sinn, ass all Optrëtt eemoleg. „Mat der Militärmusek selwer spille mir donieft ronn 50 Concerten d’Joer. Mir langweilen eis net“, rechent de Bandleader Christophe vir.

D’Militärmusek ass e groussen Harmonie-Blosorchester, och nach symphonesche Blosorchester genannt. Ongeféier 20 Leit dovu gehéieren donieft zur Big Band: 5 Saxofonen, 4 Trombonnen, 4 Trompetten, an d’Rythmus-Sektioun mat Batterie, Bass a Piano. „À la base ass e Militärmuseker e klasseschen Instrumentalist. D’Big Band gouf an de 70er Jore gegrënnt, fir och modern Musek kënnen un d’Leit ze bréngen. D’Big Band ass nieft dem groussen Harmonieorchester de gréissten Ensembel, dee mir hunn. Et gëtt awer och nach eng Dixie-Grupp, wat 7 Leit sinn. Dann och Blechbléiser-Quintetter, Holzquintetter, e Saxofonensembel, e Perkussiounsensembel, e Klarinettensembel… et si keng Grenze gesat“, erkläert dee Mann, deen elo schonn iwwer 5 Joer laang musikaleschen Direkter vun der Big Band ass. D’Prouwen an d’Optrëtter vun der Big Band gi mat deene vum groussen Orchester koordinéiert. Fir de Rescht kuckt hien, dass de Planning agehale gëtt, d’Programmer opgestallt ginn, an assuréiert de Lien mam Organisateur, dem Sekretariat an d’Duerchféiere vun de Prouwen.

„Mir bleiwen an engem Kader, deen zougänglech fir jiddereen ass.“ – Raoul Christophe

„Als Bouf hat ech bal eng Kéier d’Bengele bei d’Tromm geheit“, erënnert sech de Raoul Christophe. Et ass net esou einfach déi musikalesch Ausbildung duerchzehalen, wann d’Kolleegen dobausse Fussball spillen, an een sech selwer mat den Nouten a mam Instrument plot. „Ech hu scho mat 9 Joer an der Leidelenger Musek ugefaangen. Duerno koum de Conservatoire, Piano an Trompett, de Solfège mat den Niewefächer, an nom éischte Präis hunn ech am Conservatoire à Rayonnement Régional de Boulogne-Billancourt mäin Ofschloss an der Trompett mat Médaille d’Or gemaach.“ Säi Studium zu Freiburg huet en awer an der Hallschent ofgebrach, well eng Trompetteplaz an der Militärmusek ausgeschriwwe gouf. „Natierlech muss de als Militärmuseker och op de Bierg“, ënnersträicht de Christophe. „Jidderee muss 4 Méint Grondausbildung maachen, well den Orchester gehéiert zur Arméi. Falls néideg, musse mir eis Instrumenter op d’Säit leeën an aner Saache maachen. Wärend dem Confinement huet den Orchester net gespillt, a mir waren an den Testzenteren, Impfzentren a beim Contact-Tracing mat dobäi.“

D’Krittäre fir an d’Militärmusek hu mat de Joren evoluéiert. Eng 11e ass néideg, mee zanter kuerzem ass d’Première unerkannt, an den Accès zur B-Karriär beim Staat méiglech. Et muss een zwee Instrumenter beherrschen. Am Haaptinstrument brauch ee fir an de Stage den éischte Präis, fir d’Festustellung awer den Diplôme supérieur. Am zweeten Instrument eng zweet Mentioun, an dono eng éischt Mentioun. Virun e puer Joer gouf d’Karriär vum·vun der Militärmuseker·in opgemaach fir Leit mat engem equivalenten Jazzdiplom. „Eréischt do, beim Ernie Hammes, hunn ech den Jazz entdeckt, a mech doropshin zu Iechternach an der Musekschoul an Jazzcoursen ageschriwwen, fir méi an dee Genre eranzekommen“, zielt de Raoul Christophe mat Begeeschterung. Säin Zil ass et, d’Big Band, bei där hien 2018 den Dirigentebengel vum Hammes iwwerholl hat, um Grand public ze orientéieren. „Genre-technesch probéieren ech, net ze wäit ze goen. Mir bleiwen an engem Kader, deen zougänglech fir jiddereen ass. Mee ech wëll an dat Modernt eragoen. Vun den 20er Jore bis haut kënne mer u sech alles maachen. Et muss een awer ëmmer kucken, wéi d’Arrangementer opgesat sinn.“

An dësem Fall kommen se vum Jeff Cascaro. Hien zielt zu de bekanntsten Jazz-Kënschtler an Däitschland. Fir den Optrëtt am Artikuss proposéiert hien eng Set-Lëscht mat zwou Hallschenten, déi sech ergänzen. „Ech hunn den American Songbook immens gär… am éischten Deel wäert et Swing Standards ginn, an zum Deel funky sinn. Am zweeten Deel gëtt et dann aner Klassiker, déi d’Leit kennen, awer och meng eegen Hits, déi ganz gutt bei Spotify lafen“, gëtt de Solist en Abléck a säi Programm. Vill méi wëll hien awer net erklären, well de Public sech säin eegent Bild soll maachen. „Meng grouss Virbiller sinn Ella Fitzgerald a Ray Charles. Mee meng Musek huet hir eegen Identitéit. Duerch d’Konscht vun der Interpretatioun suergt een dofir, dass d’Leit net dauernd dat selwecht héieren, mee alles en eegene Charakter huet.“

Vu dass sech de Jeff Cascaro an d’Militärmusek nach ni géintiwwer stoungen, ass den Echange am Virfeld wichteg. „Mir hunn d’Noute kritt an eis op eiser Säit preparéiert“, erzielt de Raoul Christophe. „De Jeff kënnt een Dag virum Concert op Lëtzebuerg, wou da moies a mëttes geprouft gëtt, fir de Feischlëff ze maachen. Den Dag selwer gëtt et dann nach e Soundcheck.“ Souguer a Fäll, wou et mënschlech net klappt tëscht Solist a Band, ass awer jidderee professionell genuch, fir trotzdeem e gudde Concert ze spillen. Dëst kënnt awer nëmme siele vir, sou de Christophe. „Esouguer bei Stare gesäit een eréischt beim Zesummeschaffen wierklech, wat si kënnen. Viru bal 3 Méint huet d’Militärmusek mam Max Mutzke zesummegespillt. Ech wousst, dass et e gudde Sänger wier, mee deen huet live richteg eng drop.“ Grad am Beräich Jazz sinn d’Museker immens buedemstänneg.

„Als Bouf hat ech bal eng Kéier d’Bengele bei d’Tromm geheit.“ – Raoul Christophe

De Raoul Christophe hat scho vill flott Momenter am Artikuss. „Ee vu menge leschte Concerte mat der Big Band Opus 78, déi ech dirigéiert hunn, war am November 2023 am Artikuss, wou mir eis den Owend mam Gilles Grethen senger Big Band gedeelt hunn. D’Luxembourg Jazz Session ass e Projet, dee mir um Häerz läit. Heimat solle Lëtzebuerger Big Band Kompositiounen ervirgehuewe ginn“, straalt de musikaleschen Direkter vun der Big Band vun der Militärmusek. De Samschden, 21. September 2024 komme weider flott Erënnerungen am Artikuss bäi. „Et ass e super Sall an eng super Ekipp“, sou de Christophe. “Si maachen engem d’Liewen einfach. Do brauch keen sech Gedanken ëm dat ronderëm ze maachen“.

D’Tickete fir den Anniversaire-Concert si gratis, mee mussen am Virfeld reservéiert ginn. Dëst gëllt och fir d’Concerte vum IRINA Trio a One Last Time um Sonnden, 22. September 2024.

(Fotoen: Eric Engel)

You don't have permission to register