Méi wéi ee gewéinleche Liwwerservice

De Service Repas sur roues vun der Résidence op der Waassertrap beliwwert Dag fir Dag d’Awunner·inne vun der Gemeng Suessen. Mee wie sinn d‘Mënschen hannert dem Steier vun den Autoe voll geluede mat frësche Menüen? Mir waren ee Moie beim Ausliwweren zu Bieles mat dobäi.

„Dat ass déi bescht Ekipp, déi ech hunn“, seet d’Sabrina Hischer, Responsabel vum Service Ménage. D’Nathalie versicht sou ze maachen, als hätt et dat do net héieren, kann e liicht Schmunzelen dann awer net ënnerdrécken. De Jérôme Ney ass d’Responsabel vum Service Repas sur roues vun der Résidence op der Waassertrap (REWA), konnt de Moie vun eisem Besuch awer leider net dobäi sinn. D’Nathalie ass zënter 3 Joer Deel vun der Ekipp, zu där och d’Scouty, d’Kim an d’Peggy gehéieren.

„Haut ass et um Peggy a mir“, entgéint d’Nathalie wärend et eng Këscht no där anerer an den Auto araumt. Do dran ass de Plat vun haut – zum Beispill Wiener Schnitzel, Gromperen am Schäffchen a Feierstengszalot –, deen u méi wéi 100 Leit deen Dag ausgeliwwert gëtt. „Ech si fir den Tour zu Bieles zoustänneg, do hu mer och déi meeschten Adressen op eiser Lëscht stoen. D’Peggy mécht d’Clienten an deenen aneren 3 Uertschaften.“ Als hätt et eis héiere kënnt d’Peggy mat der E-Trottinett ëm den Eck gefuer, pénktlech fir och seng Camionnette mam Iesse vun deem Dag voll ze lueden. „Ech wunnen ëm den Eck, da geet dat gutt mat där Maschinn“, seet d’Peggy seng Aarbechtskolleegin a laacht

 

No 10 Minutte laang déi Këschten aus dem Weenchen an den Auto droen, kommen mir schonn nëmme beim Nokucken ausser Otem. „Et ass e bësse sportlech“, seet d’Nathalie. „Zemools wann ech bis op den drëtte Stack muss. Ouni Lift. Awer et hält mech fit an ech hunn all Dag en Erfollegsgefill.“ Nieft dem Droen an Ausdroe, d’Kontrolléieren, ob alles do a virun allem richteg ass, zu den Aufgabe vun der véier-käppeger Ekipp. „Wann et awer sollt virkommen, dass mer dee falsche Plat ausliwweren, kënne mer dee richtegen noliwweren. Ënnert der Konditioun, dass mir mat Zäit Bescheed gesot kréien. Dat ass also guer kee Problem.“

Den Auto ass bis uewen hi voll gepak mat Këschten, déi d’Iesse schéi waarm hale bis mir op de jeeweilegen Adressen ukommen. Bei eisem Ubléck erkläert d’Nathalie: „Jo, et ass scho fir lues ze fueren. Ech hat schonn, dass se mer ëmgefall sinn – do konnt ech nees zeréck an et gouf alles nei preparéiert.“ Wat mer also bis elo scho geléiert hunn: Abrupt bremse wann den Auto mat enger puer Dose waarme Platen gelueden ass – keng gutt Iddi. Vun 11.00 Auer un dierf ausgeliwwert ginn. Mir kucken op d’Auer; et ass Zäit, sech op de Wee ze maachen.

„Et ass méi wéi just Iessen ausliwweren. Si sinn dacks de ganzen Dag eleng, da si mir déi eenzeg Persounen, mat deenen d’Leit deen Dag Kontakt hunn. Dann hëlt ee sech gäre méi Zäit.“ – Nathalie, Repas sur roues

Déi fréier Gäertnerin erzielt wéi et virun 3 Joer vum private Patron hei hi gewiesselt ass. „Ech schaffe gréisstendeels eleng an hu kee Problem domat, well wann eppes falsch leeft, ass et mäi Probleem a mäi Feeler.“ Mir maache Stopp bei der éischter Adress op eiser Lëscht, d’Nathalie kontrolléiert op senger Fiche eng weider Kéier, ob alles richteg ass. „Schéine gudde Moie Madamm, wéi geet et Iech?“, seet d’Nathalie, wéi eis d’Dier opgemaach gëtt. Hatt geet zilsécher mat der Këscht an d’Kichen, déi Box vum Dag virdru steet scho prett an der Entrée fir nees matgeholl ze ginn. D’Këschte sollen ëmmer iwwerflächlech ausgespullt ginn a ginn an der REWA da richteg gewäsch, fir nees asazbereet ze sinn.

„D’Nathalie ass mega“, seet d’Cliente, wéi mir erklären, dass mir him de ganze Moien iwwert d’Schëllere kucken. D’Nathalie ass nach an der Kichen am gaangen auszepaken. „Et ass ëmmer alles tipptopp.“ Nees zeréck am Auto gëtt op der Fiche ugekräizt, wat d’Fra fir den Dag drop ze iesse wëll. De Menü gëtt am Virfeld festgeluecht, sou dass d’Clientë mat Zäite Bescheed wëssen an e Choix huele kënnen. A weider geet et, d’Lëscht ass laang an tëscht 11.00 an 13.00 Auer soll jiddereen·t säi Menü um Kichendësch stoen hunn. Wéi d’Sabrina ass virun eisem Tour an der Kiche vun der REWA erkläert huet, kann all Dag tëscht zwee Menüen ausgewielt ginn. „Bis den Dag selwer um 9.00 Auer kënne si Bescheed soen, ob se beliwwert wëlle ginn.” Genee sou kann een annuléieren, wa mol eppes dotëscht kënnt.

„Vun Zäit zu Zäit maache mir ëmmer erëm Ëmfroen, déi mir un eis Clients verdeelen. Dës kënnen anonym ausgefëllt ginn, sou datt mir ëmmer wëssen, wou de Schong dréckt a wat verbessert ka ginn.“ – Sabrina Hirscher, Responsabel vum Service Ménage

Zwou Woche virun eisem Besuch gouf de Präis – Stéchwuert Inflatioun – no uewen ugepasst. „De Menü setzt sech aus enger Zopp, engem Haaptplat an engem Dessert zesummen a kascht elo 13,50 Euro.“ Duerch Corona hat de Service en Opschwong kritt, an där Zäit gouf och e Peak vun iwwer 130 Leit pro Dag beliwwert. „Deemools hu mer missten en 3. Tour maachen, fir deem Meeschter ze ginn“, erënnert sech d’Sabrina zeréck. Méi stresseg ass et dann och an de Wanterméint, wa vill Schnéi fält oder d’Stroosse gutt glat sinn. „Do schellt den Telefon méi dacks“, seet d’Sabrina. „Vun Zäit zu Zäit maache mir ëmmer erëm Ëmfroen, déi mir un eis Clients verdeelen. Dës kënnen anonym ausgefëllt ginn, sou datt mir ëmmer wëssen, wou de Schong dréckt a wat verbessert ka ginn. Mir kënnen et net jidderengem Recht maachen an d’Iessen ass eng Affaire de goût, mee d’Leit kënnen zu all Zäit de Chaufferen hire Feedback ginn.“

Ënnerwee op déi nächst Adress, gëtt d’Nathalie e méi perséinlechen Abléck a seng Aarbecht. „Do ass schonn eng Relatioun do. Ech probéieren de Probleemer nozelauschteren, mol Bréifboîtten eidel ze maachen. Et ass méi wéi just Iessen ausliwweren. Si sinn dacks de ganzen Dag eleng, da si mir déi eenzeg Persounen, mat deenen d’Leit deen Dag Kontakt hunn. Dann hëlt ee sech gäre méi Zäit.“ Zäit, déi vun der Ekipp nees erageholl muss ginn, ënnersträicht eist Géigeniwwer.

„Nee, et ass net, wéi wann s du Sushi bestells.“ – Nathalie, Repas sur roues

Als Liwwerservice gesäit hatt sech net. „Nee, et ass net, wéi wann s du Sushi bestells.“ Den Aarbechtsalldag mat Mënschen, déi an engem héijen Alter sinn, ka vun engem Moment op deen aneren änneren. „Mir hunn och Clienten, déi net méi do sinn. Dat ass haart, ech ginn awer gutt domat eens. Et gehéiert dozou.“ Bei der 4. Adress ukomm, fänkt d’Nathalie u mat Laachen. „Kuck, do ass se! D’Kaz kënnt all Dag, wann ech bäifueren, Moie soen.“ Dat klengt Déier bleift kuerz beim Nathalie stoen a verschwënnt am Haus, sou bal d’Hausdier opgeet, d’Nathalie direkt hannendrun. „Oh, Dir sidd haut awer fréi drun!“, seet d’Fra an der Dier. „Ech sinn nach beim Kaffidrénken.“ Béid laachen an d’Nathalie geet a Richtung Kichen.

Bei deenen engen ass et mol e méi laangen, mol méi e kuerzen Austausch. Un der nächster Adress gëtt iwwert den nächste Rendez-vous beim Dokter oder de Chantier virun der Dier geschwat. „Du kriss e ganz privaten Abléck an d’Liewenssituatioun vun de Leit“, erzielt d’Nathalie. „Mir haten eemol eng Duerschter, déi eis ugeruff huet. Si hat de Verdacht, dass hir Mamm näischt iesse géif. Dat kucke mer natierlech no a reagéieren.“ A sou Fäll ginn déi zoustänneg Strukture kontaktéiert, fir ze intervenéieren.

Ob d’Fro, firwat d’Nathalie seng Aarbecht gäre mécht, brauch hatt net laang ze iwwerleeën. „De Kontakt mat de Leit, gëtt mir am meeschten. Dat hat ech scho virdru bei menger Aarbecht an der Gäertnerei. Ech wollt ni eppes, wou ech de ganzen Dag am Büro virum Computer sëtzen.“ D’Nathalie fänkt beemol u mat Laachen. „Ech erënnere mech un ee Moment … ech hat un eng Adress ausgeliwwert, wou eng Fra an e Mann hir Menüen entgéint geholl hunn. Ech duecht et wier eng Koppel. Schlussendlech huet sec erausgestallt, dass si Schwëster a Brudder sinn. Do war ech gutt an d’Fettnäppche getrueden!“

Méi Informatioune fannt dir hei: Repas sur roues

You don't have permission to register