Mir huelen iech mat an den Alldag vum Jugendtreff Saba zu Zolwer.
Zesumme mat de Jonken an Erzéier·inne vum Jugendhaus si mir akafe gaangen, hu gekacht, kruten interessant Ablécker an hu flott Gespréicher gefouert.
D’Jugendhaus ass méi wéi een Espace, wou déi Jonk tëscht 12 a 26 Joer zesumme kommen – et ass eng richteg Communautéit, an där jiddereen·t seng Plaz fënnt. Entdeckt inspiréierend Temoignagen an erlieft eng eenzegaarteg Ambiance.
Weider Informatioune ginn et hei.