Wiem et net gutt geet, brauch virun allem eppes: en oppent Ouer, ouni verurteelt ze ginn. De Service RASE vun der Gemeng Suessem bitt dat a villes Méi. Duerch Berodung, Begleedung a Betreiung wëllen d’Cindy Afonso an d’Joana Ribeiro Famillen, Léierpersonal an Educateur·innen zur Säit stoen. Egal, wéi eng Situatioun usteet, dat Wichtegst bleift d’Wuelbefanne vum Kand.
„Wann s du net selwer un dir wëlls schaffe fir dech wieder ze entwéckelen, da bass de hei op der falscher Plaz“, seet d’Cindy Afonso wärend eisem Gespréich a kuckt eriwwer op seng Aarbechtskolleegin, déi him zoustëmmt. Vun Ufank un ass kloer, dass déi zwee sech richteg gutt verstinn. „Mierkt een dat wierklech?“, gi mer vu béide praktesch simultan gefrot. Si grinsen iwwert d’ganz Gesiicht. „Jo, mir si richteg gutt mateneen eens“, ënnersträicht d’Joana Ribeiro. Fir déi Aarbecht, déi hei am Service RASE (Relais d’accompagnement socio-éducatif) gemaach gëtt, ass esou eng gutt Relatioun essenziell.
De RASE ass kuerz a knapp gesot eng Ulafplaz fir Mënschen, déi Ënnerstëtzung brauchen, well se sech an enger méi schwiereger Situatioun befannen, och wann dëst villaïcht nëmmen temporär ass. Souwuel Erwuessener, Léierpersonal, Erzéier·innen wéi och Kanner a Jonker kënne sech un d’Joana an d’Cindy wenden. Si sinn do fir ze hëllefen, Léisungen mat de Leit ze sichen an d’Leit un déi richteg Plaze weider ze vermëttelen. Grad an Zäiten, wou zum Beispill de psychologesche Suivi sech zitt, well esou vill Leit Hëllef sichen, kënne si zwee dës Zäit iwwerbrécken an déi concernéiert Persoun ass net op sech gestallt. Si wëllen awer betounen, dass si keng Psychologinne sinn an dat de Profien iwwerloossen.
„Mir kënnen e psycho-edukative Soutien ubidden. Wéi den Numm vum Service et scho seet, vermëttele mir un déi richteg Plazen“, seet d’Cindy. „Mir hunn e ganze Reseau u Partner, ouni déi eis Aarbecht och immens schwiereg wier.“ Sou Partner sinn de Parquet, d’ESEB (d’Psycholog·innen aus der Schouldirektioun), de Service central d’assistance sociale (SCAS), den Office Social, den Office national de l’enfance (ONE), d’Police Judiciaire, déi verschidden Servicer vun der Assistance en famille, d’Ligue médico-sociale, fir der e puer ze nennen. „Mir brauchen déi, fir d’Leit weider ze orientéieren.“
„Mir musse gläichzäiteg soen, wat Saach ass, ouni engem ze no ze trieden.“ – Cindy Afonso
De Projet gouf 2008 lancéiert, erënnert sech d’Cindy zeréck. „Deemools war et éischter eng Assistance en famille. Et gouf mat den Elteren an de Kanner geschafft, eis Ekipp ass bei si heem gaangen, huet si am Alldag ënnerstëtzt. Et war zimmlech reng erzéieresch.“ Wéi d’Cindy seet war d’Gemeng Suessem mat déi éischt, déi Betraffenen esou eng Offer konnte ginn. „Haut hu mer Entretiene mat anere Gemengen, déi och esou eppes wëllen. Mir deelen eis Erfarungen, well mer et wichteg fannen, dass déi aner och esou e Service ubidde kënnen.“
An de leschte Joren huet sech de Service also verännert. „D’Demande ass elo eng aner. Mir ginn elo och vill vun Educateuren an dem Léierpersonal sollicitéiert, net nëmme Famillen“, seet d’Joana. „Mir maachen och eng Art Mediatiounen an den Ekippen zum Beispill“, ergänzt seng Aarbechtskolleegin. „Mir sinn zwar nëmmen zu zwee, mee sinn awer fir all d’SEA’en an eiser Gemeng responsabel.“ Donieft kënnen d‘Educteur·innen esou ewéi d’Schoulpersonal och privat an anonym u si eruntrieden.
„Egal wie bei eis kënnt – d’Wuelbefanne vum Kand steet op éischter Plaz“, preziséiert d’Cindy, dat säit 2019 als Assistante Sociale am RASE schafft. „Konditioune sinn, dass een hei wunnt an respektiv oder d’Kand bei eis an der Gemeng scolariséiert ass, dat geet da vun der Crèche bis an de Cycle 4.2.“ Och Kanner kënne vu sech aus an de RASE kommen an no Hëllef froen. D’Léierpersonal oder d’Educateur·innen géifen déi Kleng iwwert d’Bestoe vum Service informéieren. „D’Demande vu Kanner ass méi kleng an et sinn och éischter déi méi al, déi bei eis kommen. D’Demande ass awer do. Mir hunn aktuell och sou ee Suivi“, seet d’Joana.
Hatt ass 2021 als Éducatrice Graduée dozou gestouss, fir säi Virgänger ze ersetzen. Et ass net ze iwwerhéieren, dass déi zwee hier Aarbecht gäre maachen. Obwuel si wärend dem Gespréich vill laachen, ass hinne bewosst, wéi grouss hir Responsabilitéit ass. „Mir gesi schlëmm Saachen“, seet d’Cindy. „Mee do musse mer professionell bleiwen an e Mëttelwee fannen: matfillen, mee net kräischen.“ Hatt gëtt zou, dass et ëmmer gemengt hat, net fir esou eng Aarbecht gemaach ze sinn.
„Wéi ech awer bis meng éischt Situatioun hat, wou ech Eltere viru mir hat an hinnen eppes ganz Schlëmmes hu misste soen, wou hir Welt zesumme gebrach ass – do wollt ech am léifste mat kräischen. Duerft ech awer net. An do hunn ech gesinn, dass et geet. Do huet et iergendwéi klick gemaach, dass ech dat kann.“ D’Joana ass vun Natur aus manner emotional a seet vu sech selwer, dass hatt gutt op Distanz ka goen an no der Schaff och ofschalte kann. „Wa mer awer d’Police Judiciaire mussen aschalten, ass dat natierlech schlëmm. Ganz schlëmm si Signalementer wéinst Gewalt, Mëssbrauch, sexueller Aggressioun, Négligence.“ Professionell bleiwen heescht fir d’Joana net, dass et him egal ass. „Ech fille mat, mee ech weess, wat geet. A wat net.”
„Et mécht mech frou, wa mir eist Zil erreecht hunn an et all Kand gutt geet. Mir mussen och mol Ëmweeër maachen, mee mir kommen iergendwéi do un, wou mer wollten.“ – Joana Ribeiro
Wa Kanner am Spill si wier et ëmmer „delikat a schwéier“, si sech béid eens. Si géifen dacks mat Situatioune konfrontéiert ginn, an deene e klore Kapp den A an O ass. „Mir musse gläichzäiteg soen, wat Saach ass, ouni engem ze no ze trieden“, erkläert d’Cindy. „Dat ass den Challenge.“ Hatt mécht eng kuerz Paus. „Wat mech faszinéiert: Am Office Social, wou ech virdru geschafft hunn, hues du A, B oder C. Hei ass et Freestyle. Du kënns a brauchs e Blat, e Bic – an dech selwer. Du muss nolauschteren, léisungsorientéiert funktionéieren a bereet sinn, nonstop un dir als Persoun ze schaffen. Du bass däin Aarbechtsmaterial an d’Leit zielen op dech.“
Dofir weess hatt dem Joana säin Input ze schätzen. „Du brauchs een, mat deem s du kanns schwätzen. Mat deem s du dech austauschs. Wéi ee Fall A ugeet a bei Fall B weiderfiert. Mir wëssen, wéi dat geet, mee am Austausch geet et nach besser.“ Et ass béide Fraen unzegesinn, wéi frou si mat hirem Job sinn: D’Freed an d’Leidenschaft héiert een an all Saz. Dofir fält et hinnen och net schwéier ze soen, wat hinne besonnesch Spaass un hirer Aarbecht mécht. „Et mécht mech frou“, setzt d’Joana un, „wa mir eist Zil erreecht hunn an et all Kand gutt geet. Mir mussen och mol Ëmweeër maachen, mee mir kommen iergendwéi do un, wou mer wollten.“
D’Cindy stëmmt deem zou an ergänzt: „Mir mussen eis konstant upasse kënnen. All Kand a Famill ass anescht, all Kand a Famill huet aner Besoinen.“ Wichteg ze erwänen ass, dass jiddereen·t kooperéiere muss, well de Service net just gratis, mee och op fräiwëlleger Basis schafft. „Wat mech erfëllt ass ze wëssen, wann ech mat menger Aarbecht och just enger Persoun gehollef hunn. Et ka just eng Klengegkeet sinn, mee wann s du gesäis dass et viru geet, dat geet duer.“
Info a Kontakt ginn et hei