D’ASBL Zarabina feiert dëst Joer hiren 30. Gebuertsdag. Pünktlech fir de Jubiläum start d’Zesummenaarbecht mat der Gemeng Suessem. Iwwer eng Konventioun ginn all Mount 4 Stonne Permanence ugebueden, fir Leit ouni Aarbecht a Persounen, déi sech aus gesondheetlechen oder anere Grënn wëllen ëmorientéieren, eng individuell Berodung ze erméiglechen. Donieft wäerten och Workshops ugebuede ginn. E Gespréich mam Sandra Sidon, déi an Zukunft d’Uspriechpartnerin vun Zarabina fir Suessem ass.
Zertifiéiert Coach, Trainerin, Superviseure, Mediatrice, Personal- a Managementberoderin… déi vill Titelen a Beruffsbezeechnunge komme beim Sandra Sidon net vun ongeféier. Si ass e Mënsch, deen sech am Liewen ni virun engem Challenge verstoppt huet. „Ech wollt ëmmer mat Leit schaffen“, sou d’Kuerzfaassung vun hirem CV, deen immens facettëräich ass. „Wéi ech mat der Schoul fäerdeg war, sinn ech emol fir d’éischt an d’Hotellerie gaangen an du vum Büro bis an de Sales Office. Do léiert een, wat Teamwork ass.“ Weider Statioune waren: Commerciale fir e private Business- a Fitnessclub, Gerante vun engem Restaurant a Personalcheffin. „Et gëtt keng Zoufäll. Et gi just Saachen, déi falen engem zou. D’Qualifikatioun fir d’RH huet mir zwar gefeelt, mee dofir hunn ech dunn e Master gemaach.“ Coaching- a Mediatiounsdiplomer koumen hannendrun, an dunn déi partiell Selbstännegkeet. „Zanter 2,5 Joer hunn ech meng Societéit a schaffen hallef fir Zarabina als Coach“, erkläert d’Sandra Sidon, déi d’Autonomie an déi gutt Ambiance an der Ekipp ze schätze weess.
D’ASBL gouf 1995 vu Frae gegrënnt, als Ulafplaz fir Fraen am Chômage respektiv Fraen, déi zeréck an de Beruff wollte fannen. Et schaffen nach ëmmer just Fraen do, mee si riichten sech mëttlerweil och u Männer. D’Cliente sinn zum Beispill Mënschen, déi Beanträchtegungen hunn, Laangzäitaarbechtsloser an och Geflüchteter. Zarabina leet de Fokus op déi individuell Betreiung, bei där e perséinleche Kompetenzprofil erstallt gëtt. Dat soll realistesch berufflech Perspektive bréngen a Selbstvertrauen a Motivatioun stäerken. „D’Leit sinn alleguer verschidden, an domat och hir Problematiken“, gëtt d’Coach ze bedenken. Digital Hëllefsmëttelen a kënschtlech Intelligenz ginn an alle Beruffsfelder ëmmer méi wichteg, an déi modern Tools komme vum CV bis bei d’Verbesserung vun de Sproochkenntnisser och bei der Orientatioun an den Asaz.
Zarabina schafft enk mat der ADEM zesummen, mee och mat Patronen, fir de Vermëttlungsprozess ze beschleunegen. Betriber kënne sech direkt un Zarabina wenden, fir fräi Plazen ze mellen. „Mir bréngen eng Valeur ajoutée par rapport zu de Ministèren an aneren Acteuren. Mir setze beim Mënsch un. Do, wou e grad drun ass, huele mir en of“, ënnersträicht d’Sandra Sidon, och mam Bléck op d’Permanence an der Gemeng Suessem. Dës ass am Prinzip all éischten Donneschdeg am Mount vu 14.00 bis 18.00 Auer. Iwwer d’E-Mail-Adress zarabina@suessem.lu kann am Virfeld e Rendez-vous ugefrot ginn. „An da kucke mer, wien déi Persoun ass, wéi hire Liewenslaf ausgesäit a war hir Demande ass. Et geet net ëmmer nëmmen ëm den CV. Wéi presentéiert d’Persoun sech? Wéi ass hire perséinleche Profil? Wou leien hir Stäerkten a wou hapert et? Mir kucken och no passende Formatiounen a Méiglechkeeten, fir d’Presentatioun opzewäerten.“ De Prozess ass relativ komplett fir d’Kandidat·innen esou gutt ewéi méiglech dohinner ze bréngen, wou se hi wëllen. Wéi vill Seancë pro Client·e néideg sinn, kann een am Virfeld schwéier beurteelen.
„Jiddereen huet Talenter a Kompetenzen. Vill Saache kënnen de Profil zu den eegene Gonschte komplettéieren.“ – Sandra Sidon
D’Aarbechtswelt verännert sech permanent, wat d’Saach net méi einfach mécht, präziséiert d’Coach. „Ech weess net, ob sech um Lëtzebuerger Marché eng Tendenz erausschielt. Mir gesinn, dass ëmmer méi Diplomer gefrot gi vun den Employeuren. An dass et ëmmer méi Leit um Marché ginn, déi keng Diplomer oder net genuch Diplomer hunn. Bei deene Jonken huet sech d’Haltung zur Aarbecht verännert, vläicht och doduerch, well se Eltere mat Burnout a finanzielle Schwieregkeeten erlieft hunn. D’Leit wëllen allgemeng och méi doheem sinn. Net all Betrib ass prett dofir.“ Sou oder sou soll déi eege Kandidatur gefleegt sinn, fir dass se iwwerhaapt um richtege Bureau lant.
Wat Mënsche mat gesondheetlechen Aschränkungen oder Behënnerungen ugeet, wier dem Sandra Sidon no nach Opklärungsaarbecht ze leeschten. „Et gëtt Onsécherheet op béide Säiten. De Patron freet sech, wéi ee mat esou enger Persoun ëmgeet a puncto Encadrement an Zäitopwand, an et gëtt vläicht och virgefestegt Meenungen, dass et keng vollwäerteg Aarbechtskraaft wier. Dobäi hunn nëmmen 12 Prozent vun de Leit mat Behënnertestatus vu Gebuert un eng Behënnerung. Et muss een natierlech kucken, wéi eng Aschränkung et ass, an da versichen, d’Aarbechtsplaz esou ze gestalten, dass déi Persoun gutt matschaffe kann.
E Mënsch op der Sich no Aarbecht dierf och bei Réckschléi säi Selbstvertrauen net verléieren, sou d’Sandra Sidon. „Jiddereen huet Talenter a Kompetenzen. Déi kritt een zum Beispill och, wann een de Stot doheem managet oder am Sport. Vill Saache kënnen de Profil zu den eegene Gonschte komplettéieren. Dofir soen ech och ëmmer, dass jidderee bei eis komme kann. Ech soen awer och ganz kloer, dass de Coachingprozess 50 Prozent ausmécht. Déi aner Hallschent muss vun der Persoun selwer kommen.“
Déi prägnantst Affairë si fir d’Sandra Sidon d’Geschichte vu Geflüchteten. „Déi Mënsche komme mat engem groussen Defizit heihinner, dacks och traumatiséiert. Mir haten ee jonken Här aus Syrien an engem vun eise Coursen, deen hat eng onheemlech Motivatioun. Säin Englesch war ganz gutt, mee säi Franséisch total holpereg. Meeschtens bréngen si sech Franséisch iwwer YouTube bäi. Mat him hu mir intensiv geschafft, well e wollt onbedéngt an d’Vente. E grousse Grupp hat dunn hei zu Lëtzebuerg immens vill Plazen ausgeschriwwen, mee säin Entretien sollt op Franséisch sinn“, verzielt d’Coach mat groussen Aen. „Ech kann iech soen, en huet Blutt a Waasser geschweesst. Ech hunn esouvill mat him geüübt, dass e bal auswenneg konnt erzielen, wat e misst soen, an en huet sech immens gutt geschloen. Vun 1.500 Kandidature goufen zwielef Leit geholl, an hie war een dovun. Du goung e sechs Méint an eng Formatioun op Bréissel, op Franséisch. An elo schafft hien am Buttek an der Stad als Teamleader.“
Déi nächst Permanencë vun Zarabina op der Gemeng zu Bieles sinn op follgenden Deeg (ëmmer vu 14.00 bis 18.00 Auer):
Mëttwoch, 7. Mee 2025
Donneschdeg, 5. Juni 2025
Donneschdeg, 18. September 2025
Donneschdeg, 9. Oktober 2025
Donneschdeg, 6. November 2025
Donneschdeg, 4. Dezember 2025
D’Umeldung leeft iwwer d’E-Mail-Adress zarabina@suessem.lu.